Benodeelegt

Wann ee jonk a verléift ass, brauch een net vill Plaz fir senger Léift, en Ënnerdach ze ginn.

Spéitestens awer, wann e Puppelchen bis ënnerwee ass, da wëll een „säi Nascht bauen“ wéi et esou schéin heescht.

Dann wëllen d’Elteren hirer klenger Famill, en Doheem bereetstellenn, wou jiddereen seng Plaz huet an sech gebuergen fillt.

Awer, fir vill jonk Leit, kann deen Dram net esou erfëllt ginn oder si stoussen oft un d’Limite vun hirem Budget. Et ass fir vill Stéit, d’Angscht, an d’Armut ze falen, well se hir Wunneng net kënnen bezuelen. A net wéineg Stéit si scho betraff.

Wéi vill Elteren hu scho mussen deen dramatesche Schrack goen – fir si selwer a fir hir Kanner – hir Kanner fort ze ginn, well se sech keng Wunneng méi konnte leeschten? Et muss ee bedenken, dass, hei am Land, méi wéi 1.300 Kanner, net méi bei hiren Elteren wunnen. (Source: ORK, «Ombudscomité fir d’Rechter vun de Kanner», am Artikel „Weg von zu Hause vum Rosa Clemente*). Wéi vill Kanner net méi doheem sinn wéint finanziellen Ursaachen, ass net preciséiert, mä bestëmmt geet di Angscht, an d’Armut ze falen, och op d’Kanner an op hir psychesch Gesondheet iwwer.

An engem räiche Land wéi Lëtzebuerg, kann een sech dat dach bal net virstellen!

All Syndicats, den ORK, d’Caritas, d’Croix-Rouge, hu schonn viru Joeren en Opruff un d’Regierung gemaach, endlech sech bewosst ze sinn, wéi vill Armut et hei am Land scho gëtt. An et sinn oft Familljen mat Kanner. D’Familljen sinn oft d’Stéifkand, well keen sech wierklech fir hir prioritär Besoine asetzt.

Huele mer d’Kannergeld: d’Kannergeld ass ënner dëser Regierung, vum 2. Kand un, erof gesat ginn. Dobäi kënnt, dass d’Kannergeld net indexéiert gëtt – eréischt 2023, seet den OGBL.** D’ « allocation de maternité » an d’« allocation d’éducation » si ganz ewechgefall, sou dass vill Elteren emol keng Méiglechkeet hunn, hiert klengt Kand, selwer ze betreien, an et, mat schwéierem Häerz, mussen a friem Hänn ginn. De Congé parental ass wuel reforméiert ginn, mä net zum Virdeel vun all den Elteren.

Mir kréie gesot, d’Elteren hätte Sachleeschtungen zegutt: gratis Crèchen, gratis Schoulbicher, gratis Transport (vum nächste Joer un), fir d’Kanner, gratis Consultatiounen bei den Dokteren. Alles schéin a gutt: dat hëlleft awer net de Kanner, déi eng Friembetreiung net verdroen. Dat léist och net de Problem vum Logement.

Well et ass grad de Logement, deen et de Familljen hei esou schwéier mécht. Schonn a sengem Rapport vun 2017, hat d’ORK op di enorm Problematik vun de Wunnengen opmierksam gemaach. Ënnert dem Titel „Dramatische Ausmaße“ (L.W., 21.11.2017) hat den Eric Hamus geschriwwen: „Die Logement-Situation sei eines der grössten Probleme für Kinder in der Luxemburger Gesellschaft. » „Wir stellen leider fest, dass immer mehr Kinder darunter leiden,“ sou de René Schlechter, President vum ORK, «Ombudscomité fir d’Rechter vun de Kanner», an dësem Artikel.

 

All Regierungspartei wollt sech schonn dem Problem unhuelen. D’Situatioun huet net vill geännert.

Elo soll et da nees séier weidergoen duerch di nei Ministesch, awer: an där Zäit, wou Iddien op den Dësch kommen, wou d’Dossieren preparéiert ginn, wou d’Autorisatiounen ënnerschriwwe sinn, leeft d’Zäit weider an d’Loyeren an d’Terrainen ginn weider an d’Luucht.

Wann d’Regierung, d’Suergen vun den Elteren a vun de Kanner géif verstoen, a jidder Famill – ob se gelount oder kaaf huet an, je nodeem wéi vill Kanner am Stot wunnen – eng Hëllef géif accordéieren fir dezent kënnen ze liewen, da wär scho villes geschitt.

Wéi seet et de Premier esou gären: „Wann et dem Land gutt geet, soll et de Leit och gutt goen“. Da misst dach och de Kanner gutt goen, oder?

Isabelle Schmit-Mines

05.02.2019

*(L.W. 09.01.2019)

** Brochure: Elections sociales 2019

Liest och:

De Congé parental: eng Stellungnahm, Méi Elteren, manner Staat

 

 

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *