Eng Revolutioun fir d’Schoul ?

Net all Kand huet di selwecht Interessien. Net all Kand ass prett fir op engem bestëmmten Zäitpunkt eppes ze léieren, wann de Moment nach net räif ass. An awer, exigéiert eise Schoulsystem dat, an d’Kand, wat net matkënnt, kritt och nach oft Remarquen gemaach.

Doduerger gëtt d’Kand net méi zefridden, an d’Chancen, dass et mat Widdermut léiert, si grouss. Dass enorm vill Kanner vun der Schoul degoutéiert sinn, dass esou vill Kanner, schonn a klenge Joeren, net richteg matkommen oder einfach mat der Schoul ophalen, dass vill Kanner, d’Schoul einfach langweileg fannen, dat huet d’Céline Alvarez revoltéiert, sou wéi si et an hirem Buch: «Les lois naturelles de l’enfant » beschreiwt.

Dobäi sinn d’Kanner Genien. E formidabelt Potenzial stëcht an hinnen, a mat Liichtegkeet, mat Freed léieren se, wann… wann mer se an hirer Individualitéit, an hirer Eenzegaartegkeet respektéieren, wann mer hiren eegenen Rhythmus respektéieren. Mir, di Erwuessen, déi d’Charge vun hinnen hunn, brauchen nëmmen hinnen behëlleflech ze sinn, fir dass hir Talenter erauskommen.

Mam Diplom vun engem « master en sciences du langage », duerno als « Spillschoulsjoffer » huet d’Céline Alvarez während 3 Joer, vun 2011 bis 2014, eng Spillschoul a Frankräich, betreit, wou si hir Iddien, hiert Konzept konnt an d’Praxis adaptéieren. Eng Spillschoul, wou 3 Altersgruppen zesumme waren. Eng Spillschoul an engem, net ganz einfachen Milieu.

An d’Resultat ass méi wéi erstaunlech.

De Niveau vun all de Kanner war vill méi héich, wéi deen deen normalerweis gefrot gëtt an deem Alter. Ier se an d’éischt Schouljoer komm sinn, konnten se schonn relativ gutt liesen, rechnen, si waren begeeschtert fir ze léieren. An: di ganz Klass hat eng Solidaritéit, eng Frëndschaft ënner sech, wéi et bal ni ze gesinn ass.

Hir Method?

« Le secret, c’est l’amour… L’amour n’est pas le premier mot qui vient à l’esprit lorsque l’on aborde le sujet de l’apprentissage, et il s’agit d’une erreur fondamentale… L’amour est le levier de l’âme humaine », sou seet et d’Céline Alvarez, an hirem Buch: « Les lois naturelles de l’enfant ».

Sou war et fir d’Céline Alvarez a fir d’Educatrice, déi hir gehollef huet, dat Allerwichtegst, eng perséinlech a warmhäerzeg Relatioun mat all eenzelt Kand opzebauen.

Dass d’Kanner Vertrauen sollten hunn, dass d’Kanner ouni Angscht, ouni Drock an d’Schoul kommen, dat war fir si d’Basis. Dass d’Kanner hiren eegenen Rhythmus hunn, wat hir Interessie sinn, wat hir physiologesch Besoine sinn.

Vum Material wat d’Kanner zur Verfügung haten, konnten si sech fräi erauswielen, wat si interesséiert huet, an och, fräi wielen, wéi se géifen domadde schaffen. D’Enseignants hunn se just dobäi ënnerstëtzt. Eigentlech brauch e Kand net forcéiert ze ginn, fir ze léieren, wann et kann selwer matgestalten, wann et seng Welt ronderëm kann exploréieren, wann Mënschen ronderëm et sinn, déi Empathie a Vertrauen an et hunn.

Soll net emol eng Kéier, esou eng Revolutioun geschéien, wéi d’Céline Alvarez se proposéiert, fir dass d’Schoul de Kanner nees Freed mécht?

Awer, wee weess, ob d’Regierungen dat esou wëllen: d’Céline Alvarez huet hire Projet net dierfen weidermachen.

Mä duerch hiert Buch, duerch hir Konferenzen, duerch hir Internetsäit www.celinealvarez.fr schafft se drun, dass hir Iddien weider bekannt ginn.

Och wann eis Regierung ëmmer neess behaapt, d’Kand wär am Mëttelpunkt, kann dat net de Fall sinn, sou laang iwwer de Kanner hir ganz individuell Besoine ewechgekuckt gëtt.

« Les lois naturelles de l’enfant » : e schéint Buch, e räicht Buch voll Iddien, dat eis nees Zougang gëtt zum Kand sengem wonnerbaren Wiesen, an eis Hoffnung gëtt fir eng méi mënschlech Zukunft!

Les lois naturelles de l’enfant vum Céline Alvarez (Editions Arènes)

www.celinealvarez.fr

Isabelle Schmit-Mines

07.11.2016

N.d.l.r.: Elo, endlech, 3 Joer méi spéit, gëtt d’Céline Alvarez a Frankräich unerkannt a kann hir Method un eng grouss Zuel vun Enseignants weiderginn.

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *