D’Kanner brauchen hir Elteren a vill Léift an Zouwendung

Gratis Kannerbetreiung – di gutt Léisung fir eist Land?

Die Zahl der Intensivtherapieplätzen für Schüler mit besonders auffälligem Sozialverhalten wird erweitert und auch die ausserklinische kinderpsychiatrische Versorgung soll ausgebaut werden“, (Luxemburger Wort, den 14.01.19; Artikel: „Vom Reform- zum Konsolidierungskurs“ vum Michèle Gantenbein) – dat ass dat wat den Educatiounsminister wëll ëmsetzen.

Natierlech ass et noutwenneg a wichteg, de Kanner ze hëllefen, wann d’Situatioun dramatesch gëtt, wann se gewalttäteg sinn, wann se eng Gefor fir d’Gesellschaft ginn.

Mee, wéisou mussen ewell esou vill Kanner, psychologesch betreit ginn? Fällt et da kengem op, dass dat eng anormal Situatioun ass? Dass et net normal ass, dass kleng Kanner sech net packen, d’Schoulstonnen stéieren, mat Saachen ëm sech schloen, dass se di aner Kanner ugräifen? Wéisou freet ni een, wéi et esou wäit konnt kommen?

Wann di Kanner dann an eng psychiatresch Behandlung kommen, hunn se schonn e laange Wee hanerun sech. An da kommen se an d’Therapie a „fit“ gemaach fir d’Gesellschaft. Mee, muss et wierklech esou wäit kommen? Wär net a ville Fäll, emol d’Basis, déi opgebaut muss ginn? Et ass kee Geheimnis ze behaapten, dass et, meeschtens de Mankum u Bindung zu enger oder zwou Bezugspersounen ass, déi d’Kanner frustréiert an se rosen mécht. Déi Kanner leiden dorënner, dass se déi Mënschen, mat deenen se am froutsten op der ganzer Welt sinn, net genuch ëm sech hunn.

An elo soll dann nach eppes dobäi kommen: di gratis Kannerbetreiung. Et huet een d’Impressioun, dass sech keng Gedanke gemaach ginn, iwwer di elementarst Besoine vun de Kanner. Et huet een d’Impressioun, dass net – weder un di praktesch, nach un di psychologesch – Konsequenzen geduecht gëtt. Mëttlerweil wësse mer, dass et schonn esou en Experiment gouf an zwar a Schweden. Weess da keen, wat do geschitt ass oder ass dat net relevant? Och do, hat all Kand, eng Plaz an der Crèche garantéiet, och do, haten d’Elteren, déi dat fir hir Kanner net wollten, näischt zegutt. Och do sollt eng nei Gesellschaft, eng modern Gesellschaft geschaafe ginn.

Schweden ass ganz déif betraff ginn mat deem Experiment: di 2 Elteren ganzdags op den Aarbechtsmarché an d’Kanner an eng extern Betreiung: en Desaster.

Wéi wäert d’Praxis ausgesinn? Nach méi Kanner beieneen, nach méi en héigen Geräuschpegel an de Strukturen – deen elo schonn fir d’Kanner an och fir d’Educatricen/Educateuren, knapp auszehalen ass. Nach méi Stau op eise Stroossen, nach méi Nervositéit, nach méi Gewalt – als Konsequenz zu der Nervositéit an der allgemenger Onzefriddenheet.

Kee Mënsch wënscht sech, dass an eisem Land déi Dramen geschéien wéi a Schweden.

De Jan-Olaf Gustavsson, dee selwer an deem System gelieft huet, selwer Kanner huet, gëtt all de Länner eng Warnung am Artikel „Wie Tagesstätten eine Nation zerstören können. Hien bezeechnet dat Experiment als „das größte soziale und wirtschaftliche Desaster des Jahrhunderts“.

http://www.initiative.cc/Artikel/2007_01_15%20Kindertagsstaetten.htm

Natierlech hunn d’Crèchen, d’Dagesmammen, d’Maison-Relais hir Bedeitung an hir Importenz. Mä et ass en Ënnerscheed, op all Kand soll do betreit ginn, et ass en Ënnerscheed, wéi vill Stonnen et do verbréngt, et ass en Ënnerscheed, mat wéi vill Méint et fort vun doheem muss sinn.

Mir wënschen eis, dass endlech Iddien op den Dësch kommen, déi den Elteren et, allen zwee erméiglechen, genuch Zäit mat hire Kanner ze verbréngen. Zäit, wou se disponibel sinn, well et sinn si, normalerweis, di éischt Bezugspersounen. Si leeën d’Basis, si weisen hinnen de Wee zu hiren Relatiounen mat deenen anere Mënschen. An sou ass e gesond Zesummeliewen an enger Gesellschaft nëmme méiglech mat Mënschen, déi respektvoll sinn, manéierlech sinn, an déi dee gesondene Versteeste-mech hunn.

Isabelle Schmit

15.01.2019

 

2 pensées sur “Gratis Kannerbetreiung – di gutt Léisung fir eist Land?”

  1. Wat vun de Kanner haut verlaangt gëtt, ass net kandsgerecht. Ëmmer am Kaméidi, ëmmer mussen se eppes léieren, an dat schonn vu klengem un. Si kommen ni zu Rou, sou dass se näischt richteg am Fong kënne léieren oder maachen. Mir hate Freed, fir mat Faarwen, d’Iwwerschrëften schéin ze maachen, haut ass alles esou hasleg. An dann ass fir vill Kanner, bal keen Encadrement doheem. Si falen op, duerch d’Ondisziplin. Ech maache mer och vill Suergen, wéi et weidergeet…

  2. “Wenn wir so weitermachen, wie in den letzten 15 Jahren, wird es den Menschen auch ohne Klimakatastrophe und Atomkrieg in 200 Jahren nicht mehr geben”, sagte Hüter im Gespräch mit der HuffPost. “Wir müssen dringend etwas ändern an der Art, wie wir zusammen leben und wie wir mit unseren Kindern umgehen.”, seet den Michael Hüter am Gespréich mat der HuffPost.

Répondre à Isabelle Schmit Annuler la réponse

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *