Virun enger Zäit, hat ech mat engem Kolleg geschwat a gesot, dass dat net richteg ass, dass d’Mammen ëmmer méi géifen opgefuerdert ginn, schaffen ze goen an d’Kanner esou massiv sollen friembetreit ze ginn.

Dunn äntwert e mer: „Kuck, de Staat seet sech och dat hei. D’Meedercher ginn an d’Schoul, kënnen en Diplom kréien. Dat kascht de Staat vill Geld. Wann se dann doheem bleiwen, fir hir Kanner, dann ginn se dem Staat jo näischt zeréck. Sou sollen se da schaffe goen, fir dem Staat eppes dovunner erëm ze ginn.“

Abe jo, hunn ech geduecht. Et ass een nëmmen eppes Wäert, wann een dem Staat Steiere bezillt?

Mee, firwat muss dat da grad ënner där Form sinn? Kann een da net eppes erëmginn ënner enger anerer Form wéi just Suen?

Wann eng Mamm, hirem Kand eng gutt Bindung gëtt, fir et do ass, him vill Stress wëll erspueren, him bei den Hausaufgaben hëlleft, wann et aus der Schoul kënnt, huet déi Mamm, dem Staat näischt ginn? Well:

E Kand, wat net frou ass an enger Friembetreiung, oft krank ass, depressiv ka ginn: kascht dat de Staat näischt?

E Kand, dat an der Schoul net richteg matkënnt, well keen Zäit huet, fir sech ëm et ze këmmeren, kascht dat de Staat näischt?

Eng Mamm, déi drënner leid, well se ënnerlech weess, dass se hir éischt Aufgab, – hir Kanner grousszezéien – net mécht, an doduerger depressiv gëtt: kascht dat de Staat näischt?

Ass d’Rettung vun engem Staat nëmmen, dass mer all musse schaffen goen?

Eng Mamm, déi als jonkt Meedchen hir Schoul gemaach huet, huet ëmmerhin villes geléiert an huet bewisen, dass se kann duerhalen, dass se fläisseg ass. An dat gëtt se hirem Kand, der Gesellschaft, dem Staat iergendwéi zeréck.

A wann hir Kanner méi grouss sinn an net méi esou vill un hir Mamm ugewise sinn, kann si nach ewell villes fir d’Gesellschaft maacheen.

Di vill Fraen, déi als « aidant informel » fir hir Elteren, Schwéierelteren, Dag fir Dag do sinn, hëllefen dem Staat, enorm Zommen ze spueren. An dat ass nëmmen méiglech wann se net de ganzen Dag schaffe ginn.

Wuel verstan, eng Mamm, déi frou ass mart hirem Beruff kann en jo ausüben. Et ass laang genuch gekämpft ginn, fir dass d’Fraen an d’Meedercher dee Choix sollen hunn. Mee elo an di aner Dierektioun ze fueren an se elo all, praktesch obligéieren schaffen ze goen: do kënne mer net méi vu Choix schwätzen.

Mir mussen nees léieren, dass mer als Mënsch, complémentaire, een vis-à-vis vun deem aneren sinn.

Dass mer alleguer, an eiser Individualitéit, der Gesellschaft an dem Staat kënnen eppes ginn. An dass jiddereen d’Recht huet an och d’Méiglechkeet kritt, seng Talenter, säi Beruff, seng Berufung, däerfen ze liewen. An dass jiddereen d’Recht huet ënnerstëtzt ze ginn.

An e puer Wochen gi mer wielen, do hu mer de Choix. Eéini kréien d’Elteren de Choix?

Isabelle Schmit-Mines

20.09.2023

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *