Das Wohl der Familien wird auf rein ökonomischen Belange reduziert“ sou seet et den Rainer Stadler an sengem Buch « Vater, Mutter Staat », „Das Märchen vom Segen der Ganztagsbetreuung“ – « Wie Politik und Wirtschaft die Familie zerstören ». (Ludwig Verlag).

Wat haut vun de Familljen verlaangt gëtt, baséiert op reng ekonomeschen Iwwerleeungen. Wéi et de Mënschen dobäi geet, schéngt net wichteg ze sinn. An et geet hinnen net gutt !

 » Nur Ahnungslose kommen auf die Idee, durch gut Organisation lasse sich der Alltag mit kleinen Kindern problemlos bewältigen, Einschränkungen seien nicht zu befürchten. »

Een, dee Kanner huet, een deen eng Kéier en Haushalt gemaach huet, wess, dass deen net einfach Owes, ruck zuck ze bewältegen ass, scho guer net, wann ee midd ass.

D’Famill war ëmmer unerkannt – scho bei de Griichen – als dee Kär, deen d’Gesellschaft zesummegehalen huet. Mee mir gesinn schon säit Joeren, wéi carrément an di aner Richtung geduecht gëtt.

Man möchte, dass alle Frauen dem Arbeitsmarkt zur Verfügung stehen ». An duerfir gëtt et scheinbar eng eenzeg Léisung : Friembetreiung vun de Kanner.

An da kréie mer gesot, d’Elteren wéilten hir Kanner a Betreiungsstrukture ginn. Et ass net wouer.

Zemools wann d’Kanner kleng sinn, sinn ëmmerhinn 60% vun de Fraen, déi gären sech ganz ëm hir Kanner géife këmmeren, well se ënnerlech spieren, dass dat dat Bescht fir si ass.

Systematesch ginn déi Leit eliminéiert, déi vun Natur aus, duerfir bestëmmt sinn, fir hire Kanner dat Bescht ze ginn : an dat sinn d’Elteren. D’Kanner musse betreit ginn : just net vun hiren eegenen Elteren: do sinn se sech all eens.

Sou kréie mer, lues a lues, enorm Problemer, déi sech ëmmer méi an d’Familljen eraschleisen, déi systematesch vun der Wirtschaft a vun der Politik ignoréiert ginn. A systematesch, gëtt an di aner Direktioun, fläisseg Gesetzer geschriwen, déi eis Gesellschaft, finalement, auserneenbriechen loossen.

Dat eent, sinn onglécklech Kanner, déi en Trauma matmaachen, wann se ze vill, ze laang, vun hiren Elteren getrennt sinn.

Da sinn et och, Mammen, déi drënner leiden, hir Kanner fortzeginn, dann de Stress op der Aarbecht, duerno sech ëm d’Kanner, ëm hire Partner, ëm hiren Haushalt sollen këmmeren. An enges Dags, mécht och hir Gesondheet net méi mat.

An dann sinn et d’Erzéier, déi dauernd iwwerfuerdert sinn, well se einfach net kënnen esou no all Kand kucken, wéi et fir all Kand wichteg wär. Och de Kaméidi ass fir si eng grouss Belaaschtung. E Kaméidi, deen alt bis zu 80 Dezibel kann eropgoen : dat entsprécht dem Kamédi zu Paräis an enger Spëtzestonn op enger Haaptachse!!!

Vun uewen erof kréien dann d’Elteren ëmmer nees nei Informatioune virgesot, sou dass se herno selwer net méi wëssen, wat richteg a wat falsch ass. An dann froen se de Staat ëm Rot. An esou dréint sech de Kreess…

De Message vum Buch ass ganz kloer, dass de Staat ëmmer méi eng main-prise op seng Bierger kritt, an dass et un de Bierger ass, sech net alles gefalen ze loossen.

D’Buch ass net nei, mee et lount sech, sech nees mam Sujet ofzeginn, besonnesch en vue vun de Walen, an engem Mount.

E wäertvollt Buch, mat nach villen Informatiounen, wat mech och ëmmer nees bestätegt, dass et net richteg ass, d’Kanner esou massiv vun hiren Elteren ze trennen, dass d’Elteren hirem Häerz sollen nolauschteren, mat Freed sollen Eltere sinn, an dass nach ëmmer, si, déi wichtegst Mënschen fir hir Kanner sinn.

Isabelle Schmit-Mines

06.09.2023

Liest och:

De Lieserbréif vum Malou Hoffmann: „C’est affreux“

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *