DÉI LÉNK

Wann d’Elteren, d’Educateuren, d’Psychologen, schonn esou oft en Appell gemaach hunn, d’Puppelcher géifen ze fréi an eng Friembetreiung kommen, froe mer eis: wéi ass do d’Positioun vun Ärer Partei?

Mir huelen des Thematik eescht. Mee mir pauschaliséieren net: net all Puppelchen, net all Famill ass gläich. Et gi Leit déi op eng Betreiung fir hire Puppelchen ugewise sinn, well se et sech net leeschte kënnen doheem ze bleiwen, oder well se keng aner Familljememberen hunn, déi sech kéinten ëm de Puppelche këmmeren.

Mir sinn der Meenung, dass d’Leit méi Zäit musse kënnen hunn fir sech ëm hir Puppelcher a kleng Kanner ze këmmeren a generell fir hiert Familljeliewen ze féieren. Fir dofir ze suergen, dass béid Elterendeeler sech ëm e Kand këmmere kënnen, muss an eisen Aen d’Wochenaarbechtszäit bei vollem Loun substanziell reduzéiert ginn. D’32-Stonnewoch respektiv d’4-Deeg Woch ass eist Zil. Dat géif vill Zäit fräimaachen, wou jeeweils een Elterendeel beim Kand ka bleiwen.

Mir ginn awer ze bedenken, dass den aktuelle System vum Congé parental an dem Congé de maternité et méiglech mécht, dass d’Elteren déi éischt 15 Méint vum Liewe vum Kand sech Vollzäit em hiert Kand kënne këmmeren. Mat 15 Méint ass e Kand kee Puppelche méi a mir sinn der Meenung, dass dat och en Zäitpunkt ass, bei deem kleng Kanner verstäerkt mat anere Kanner kënnen a sollen interagéieren.

Mir wëllen doriwwer eraus de congé de paternité vun aktuell 10 Deeg duerch e Congé de Naissance ersetzen, fir béiden Elterendeeler d’Méiglechkeet ze ginn no der Gebuert vun hirem Kand 3 Méint kënne beim Kand ze bleiwen, ouni Lounverloscht. Et ass nämlech an dësen éischte Méint no der Gebuert, wou e Kand sech physesch a psychesch staark entwéckelt an eng emotional Bindung brauch.

Mir wëllen och d’Zäitspuerkonte generaliséieren. An eisen Ae sollen et iwwer dëse Wee och Méiglechkeete ginn, fir iwwer eng bestëmmten Zäit eng Indemnitéit vun der Sécurité Sociale ouni Contrepartie kënnen ze kréien. Mir mengen nämlech, dass d’Mënschen alleguer, nieft der Kannerbetreiung an d’Familljeliewen, bestëmmte Besoin’en wëllen nogoen, déi hautdesdaags duerch eng dach rigid Organisatioun vun der Aarbecht, déi oft och net en Faveur vum Salarié ass, net ze realiséiere sinn.

D’Recht op Deelzäitaarbecht an e Retour zréck op d’Vollzäit dono, gesi mir och als eng Méiglechkeet fir d’Kannerbetreiung doheem ze favoriséieren.

2) Wa mer wëssen, dass ënner Gambia, de Schwéierpunkt op „Sachleeschtungen“ läit, an d’Elteren, déi nom Congé parental, zäitweis, wëllen doheem bleiwen, eidel ausginn, froe mer eis, wat Är Partei virgesinn huet.

Prinzipiell ënnerstëtze mir gratis Sachleeschtungen, déi de Staat fir jiddereen zur Verfügung stellt. Mir sinn awer der Meenung, dass dës Sachleeschtungen en ëffentleche Service solle sinn an net un privat Prestatairen ausgelagert solle ginn.

Wichteg ass fir eis, dass d’Sachleeschtunge gerecht finanzéiert sinn. De Staat finanzéiert se iwwer d’Steieren an do ginn et an eisen Aen sou munch Ongerechtegkeeten, bspw. dass de Barême kleng Léin ze héich besteiert an de Steierbarême no uewen net progressiv genuch ass. Och Kapitalerträg ginn net am selwechte Moss besteiert wéi d’Aarbechtsakommes wouduerch ganz räich Leit verhältnisméisseg manner bäidroen zum Finanzement vun ëffentleche Servicer.

Déi Lénk sinn der Meenung, dass et d’Aufgab vum Staat ass, fir Servicer unzebidden, déi vu jidderengem kënne genotzt ginn. Den ëffentlechen Transport ass jo och gratis ginn, ouni dass d’Leit, déi en net benotze kënnen oder wëllen, dofir nei Hëllefe kritt hunn. Dat wir an eisen Ae kontraproduktiv a géif doriwwer eraus enorm vill Geld kaschten. D’Schwächt beim ëffentlechen Transport ass jo, dass en net flächendeckend gutt fonctionéiert, wouduerch Leit ausgeschloss sinn. An do muss an eisen Aen dann den Hiewel ugesat ginn fir den ëffentlechen Transport an dem Sënn besser ze maachen.

Bei der Kannerbetreiung gesi mir dat ganz änlech. Wann den aktuelle System et net erméiglecht fir op déi allermeescht Besoin’en anzegoen, da muss en evoluéiere fir deem besser Rechnung ze droen.

3)Wa mer et ongerecht fannen, dass d’Iessen fir d’Kanner an der Kantin gratis ass, an déi Elteren, déi hire Kanner doheem z’iesse ginn, nees eidel ausginn, froe mer eis: wat huet Är Partei virgesinn, z.B. Chèques Repas, Steiererliichterungen?

Mir si wéi uewendriwwer erkläert net der Meenung, dass Leit, déi hir Kanner net an der Kantin iesse loossen, dofir musse finanziell entschiedegt ginn. Mir ginn och ze bedenken, dass bei de Schoulkantinne ka séchergestallt ginn, dass d’Kanner en equilibréierte Plat z’iesse kréien. Wann d’Kanner net an der Kantin iessen, ass dat net onbedéngt sécherzestellen, och net, wann et dofir e finanziellen Ausgläich gëtt.

E gratis Mëttegiessen an der Kantin hëlleft besonnesch de Kanner aus manner gutt gestallte Stéit. De Staat huet an eisen Aen als Missioun fir dofir ze suergen, dass dës Kanner gutt versuergt sinn.

Mir mengen awer, dass eise Steiersystem vill méi staark op d’Presenz vu Kanner am Stot misst ausgeluecht ginn. Doduerch kéinte Stéit steierlech besser gestalt ginn, wat méi Kanner am Stot liewen. Besonnesch fir elengerzéiend Elteren, sou ee System vill méi gerecht. Sou ee System géif eben och der finanzieller Laascht, déi Leit mat Kanner à charge hunn, méi Rechnung droe wéi dat aktuell de Fall ass.

4) Wa mer vun den Educateuren, Educatricen an den Enseignants ëmmer nees héieren, d’Kanner wären ze laang an enger Friembetreiung, an doduerger och oft nervös, opgedréint an onkonzentréiert sinn, a wa se mi grouss sinn, hinne Repèren, Wuerzelen, Wäerter feelen, da froe mer eis, wéi d’Äntwert vun Ärer Partei ass.

Dass d’Kanner deelweis nervös an opgedréint sinn huet an eisen Aen net onbedéngt eppes mat Friembetreiung ze dinn. Dass d’Kanner zesummen Zäit verbréngen nieft der Schoulzäit ass jo éischter fërderlech fir hir Entwécklung. Mir sinn och der Meenung, dass d’Schoul an d’Zäit déi Kanner zesumme verbréngen no der Schoul duerchaus och Wäerter vermëttelt an de Kanner Repère bitt, déi och net all Kand onbedéngt am Elterenhaus vermëttelt kritt.

Mir mengen awer, dass den aktuelle System vun der Betreiung misst verbessert gi fir de Kanner och ënnert der Opsiicht a Maisons relais an a Foyers scolaires d’Méiglechkeet ze ginn, fir Réckzuchsméiglechkeeten ze hunn a fir sech fräi a selbstbestëmmt kënnen ze beschäftegen.

Dofir sinn awer adaptéiert Infrastrukturen an Aarbechtsbedéngunge fir d’Personal néideg. Engersäits wëlle mir d’Gréisst vun de Schoulen am Fondamental reduzéieren op maximal 450 Kanner an d’Betreiungsstrukturen an d’Schoul integréieren, fir ze verhënneren, dass d’Schüler a Schülerinne stänneg vun enger Plaz op déi aner mussen a permanent engem rigiden Zäitplang ënnerworf ginn. Wann alles an engem Komplex ka stattfannen, dann entsteet och eng Flexibilitéit wou d’Kanner kënne raschten an iesse wéini se wëllen. Anerersäits géif esou eng Approche awer och eng Opstockung vum Personal souwéi eng Evolutioun vun den Tâchen no sech zéien. Doriwwer eraus widderhuele mir awer, dass d’Friembetreiung just komplementar soll sinn. Eltere sollen d’Méiglechkeet hunn fir däitlech méi Zäit doheem ze sinn, fir sech ëm hir Kanner kënnen ze këmmeren.

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *