LSAP

1)

Wann d’Elteren, d’Educateuren, d’Psychologen, schonn esou oft en Apell gemaach hunn, d’Puppelcher géifen ze fréi an eng Friembetreiung kommen, froe mer eis: wéi ass do d’Positioun vun Ärer Partei?

Aktuell ass et zu Lëtzebuerg esou, dass een mam Congé parental doheem ka bleiwen bis d’Kand 15 Méint huet – virausgesat béid Elteren huelen dee Congé Vollzäit. Vun deem Alter un ass och e gudde Moment fir d’Kand ze sozialiséieren an dass et Geleeënheet huet mat anere Kanner ze interagéieren.

Mir sinn net der Meenung dass Friembetreiung prinzipiell schlecht ass an dem Kand net gutt géif doen. D’Betreiung an de Crèchen oder an de Services d’Éducation et d’Accueil wierkt sech och positiv op d’Entwécklung vun de Kanner aus a gëtt hinne vill Moyenë sech ze entfalen an interaktiv mat anere Kanner opzewuessen.

Viraussetzung ass natierlech, dass et sech ëm qualitativ héichwäerteg, iwwersiichtlech a flexibel Strukturen dréit, déi et erlaben flexibel op de Kanner hier Besoinen anzegoen an de Kanner Geleeënheet bidden sech zeréck ze zéien an zur Rou ze kommen, dass genuch a qualifizéiert Personal sech ëm d’Kanner këmmert an dass si net all Dag vu moies bis owes an esou Strukture verbréngen, also dass d’Zäit vun de Kanner an de Strukture limitéiert ass. Mir brauchen och verschidden Zorte vu Strukturen – Crèchen a Services d’Éducation et d’Accueil an Assistants parentaux – je no Besoin vun de Kanner an den Elteren.

Fir dass d’Elteren méi Zäit fir hier Kanner hunn, brauche mir eng generell Aarbechtzäitreduzéierung (matt vollem Lounausgläich), e Recht op Deelzäitaarbecht (an e Recht op Retour a Vollzäit dono). A well fir eis d’Kannerbetreiung an -erzéiung eng Aufgab ass, déi soll gläichberechtegt an der Koppel gedeelt ginn, soll de Staat, wa béid Elterendeeler dat Recht an Usproch huelen, wärend enger bestëmmter Zäit an bis op eng bestëmmten Héicht d’Pensiouns-Cotisatiounen iwwerhuelen fir d’Carrièren vu béiden Elterendeeler ze vervollstännegen…

Wa mer wëssen, dass ënner Gambia, de Schwéierpunkt op „Sachleeschtungen“ läit, an d’Elteren, déi nom Congé parental, zäitweis, wëllen doheem bleiwen, eidel ausginn, froe mer eis, wat Är Partei virgesinn huet.

Mir setzen eis, wéi bei der Fro virdrun erklärt, fir eng Aarbechtzäitreduzéierung (matt vollem Lounausgläich) a fir e Recht op Deelzäitaarbecht an (an e Recht op Retour a Vollzäit dono). Fir eis soll d’Kannerbetreiung an -erzéiung partnerschaftlech an der Koppel gedeelt ginn. Dofir soll de Staat, wa béid Elteren hier Aarbechtszäit reduzéieren fir sech méi ëm d’Kanner ze këmmeren, wärend enger bestëmmter Zäit an bis op eng bestëmmten Héicht d’Pensiouns-Cotisatiounen iwwerhuelen fir d’Carrièren vu béiden Elterendeeler ze vervollstännegen…

Wa mer et ongerecht fannen, dass d’Iessen fir d’Kanner an der Kantin gratis ass, an déi Elteren, déi hire Kanner doheem z’iesse ginn, nees eidel ausginn, fro mer eis: wat huet Är Partei virgesinn, z.B. Chèques Repas, Steiererliichterungen??

An eisen Aen ass de Staat verpflicht eng Offer zur Verfügung ze stellen fir déi Leit, déi et brauchen. Dat bedeit net, dass d’Leit musse vun där Offer profitéieren, mee de Staat muss och net deenen, déi net dovu profitéieren en Ausgläich bezuelen. Esou presentéiert et sech iwwregens an alle Beräicher z.B. beim ëffentlechen Transport, bei engem Musée oder enger Philharmonie.

Iwwregens ënnerstëtzt eise Steiersystem déi Koppelen wou nëmmen ee.nt schafft oder een.t vill manner schafft an/oder verdéngt wéi de Partner. Et ass also net ganz korrekt ze soen, dass déi Leit, déi zäitweis oder ganz doheem bleiwen, eidel ausginn. Mir denken doriwwer eraus, dass Elteren, déi et sech kennen erlaben, manner ze schaffen fir sech méi ëm hier Kanner ze këmmeren, oder Elteren, wou Grousselteren sech kënnen deelweis em d’Kanner këmmeren, privilegiéiert a sech däers hoffentlech och bewosst sinn.

Wa mer vun den Educateuren, Educatricen an den Enseignants ëmmer nees héieren, d’Kanner wären ze laang an enger Friembetreiung, an doduerger och oft nervös, opgedréint an onkonzentréiert sinn, a wa se méi grouss sinn, hinne Repèren, Wuerzelen, Wäerter feelen, da froe mer eis, wéi d’Äntwert vun Ärer Partei ass.

Dovun ofgesinn, dass mir der Meenung sinn, dass d’Kannerbetreiung sech och positiv op d’Entwécklung vun de Kanner auswierkt, setze mir eis als LSAP an fir d’Aschränkung vun der Kannerbetreiung. Dat heescht dass d’Kanner just sollen an d’Kannerbetreiung wärend der Zäit wou d’Eltere schaffen a nëmmen eng limitéiert Wochenzuel pro Joer matt der Verpflichtung, dass d’Kanner doheem bleiwen wann d’Eltere Congé hunn, deelzäit schaffen oder och guer net schaffen.

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *