PIRATEN

1)Wann d’Elteren, d’Educateuren, d’Psychologen, schonn esou oft en Appell gemaach hunn, d’Puppelcher géifen ze fréi an eng Friembetreiung kommen, froe mer eis: wéi ass do d’Positioun vun Ärer Partei?

Oft ass et awer esou, dass ee Stot mat Kanner ouni zweet fest Akommes finanziell net iwwert d’Ronne kënnt. A grad déi héich Logementspräisser droen dozou bäi, dass Famillje quasi gezwonge ginn enger weiderer bezuelter Aktivitéit nozegoen, amplaz hir Zäit a Léift zu Gonschte vun hirer Famill a Kanner anzesetzen. Ënnert dëse Viraussetzungen ass de Choix fir Elteren aus Käschtegrënn oft schnell getraff : Béid Elterendeeler gi schaffen, d’Kand geet an eng betreite Struktur, Punkt. D‘Regierung verdeedegt dëse “Choix” mat der fester Iwwerzeegung, dass béid Elterendeeler sollen „d‘Recht hunn“ schaffen ze goen.

Eis Partei wëll ganz kloer eng aner Linn fueren. Mir verdeedegen d’Positioun, dass d‘Familljen de Choix solle kréien, ob d’Kanner a Friembetreiung solle sinn oder d’Zäit mat hiren Eltere verbréngen. Dofir brauchen d’Famillje virun allem eng finanziell Fräiheet. Den aktuelle System vum Chèques-Service d’accueil (CSA) gesäit déi Fräiheet net vir.

2) Wa mer wëssen, dass ënner Gambia, de Schwéierpunkt op „Sachleeschtungen“ läit, an d’Elteren, déinnom Congé parental, zäitweis, wëllen doheem bleiwen, eidel ausginn, froe mer eis, wat Är Partei virgesinn huet.

Mir wëllen, dass d’Elteren decidéieren, ob si de Chèques-Service d’accueil (CSA) fir d’Bezuele vun enger Betreiungsstruktur wëllen notzen oder ob si een Deel dovunner wëllen ausbezuelt kréien (mat Ofgaben un d’Pensiounskeess). Dëst géif dofir suergen, dass d’Elteren d’Suen vum CSA selwer kënnen ze notzen, fir bei hire Kanner ze bleiwen. Duerch d’Ausbezuele vum CSA géife mer dofir suergen, dass d’Familljen ee richtege Choix a finanzieller Fräiheet kënnen treffen.

3) Wa mer et ongerecht fannen, dass d’Iessen fir d’Kanner an der Kantin gratis ass, an déi Elteren, déi hire Kanner doheem z’iesse ginn, nees eidel ausginn, fro mer eis: wat huet Är Partei virgesinn, z.B. Chèques Repas, Steiererliichterungen?

Mir fannen et och ongerecht, dass d’Kanner an der Kantin gratis iessen, wärend d’Elteren doheem bezuele mussen. Och dëse Käschtefacteur kann een an eisem Konzept vum bore CSA mat aberechnen a Primmen fir d’gratis Mëttegiessen mat virgesinn, och ënnert Berécksiichtegung vum Akommes vun den Elteren.

4) Wa mer vun den Educateuren, Educatricen an den Enseignants ëmmer nees héieren, d’Kanner wären ze laang an enger Friembetreiung, an doduerger och oft nervös, opgedréint an onkonzentréiert sinn, a wa se mi grouss sinn, hinne Repèren, Wuerzelen, Wäerter feelen, da froe mer eis, wéi d’Äntwert vun Ärer Partei ass.

Och hei bleiwe mer bei eiser Meenung: et sollt den Eltere fräigestallt sinn, wéi si d’Erzéiung vun hire Kanner organiséiere wëllen. All Kand ass aneschters an d’Eltere kënne mat am Beschten aschätzen, ob hiert Kand ze vill an enger Betreiungsstruktur ass an ob d’Kand sech mat sengem Alldagsrythmus wuel spiert. D’Eltere mussen heibäi also ee fräie Choix treffe kënnen, ouni dass d’Famillje finanziell an d’Richtung vun der staatlecher Betreiung gedrécket gëtt.

Wichteg unzemierken ass och, dass eis Partei net d’Betreiungsstrukturen u sech verdäiwelt. Staatlech Betreiungsstrukturen si wichteg, well se de Familljen an der Planung vun hirem Alldag déi Fräiheete ginn, déi se brauchen an d’Erzéiung vun den Elteren ergänzen. Eis Siichtweis ass allerdéngs, dass mer d’Qualitéit vun der Betreiung mussen opbauen aplaz den Opbau vu Crèchefabriken ze subventionéieren.

Mëttelfristeg muss dofir de Personalschlëssel eropgesat ginn, soudass een Educateur net méi fir 6 kleng Kanner kann zoustänneg sinn.

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *