Si brauchen d’Wäermt vun hiren Elteren

Wann e Puppelchen op d’Welt kënnt, an e spiert Gebuergenheet, Léift, di regelmässeg léif Präsenz vun sengen Elteren, da baut en Vertrauen op. A wann e lues a lues grouss gëtt, an e spiert, dass d’Elteren och am Alldag fir hien do sin, an him zur Säit stinn, him nolauschteren, probéieren hien ze verstoen, dann erlieft en Vertrauen. E Vertrauen, dat ëm hëlleft säi Liewen, ze maachen, ouni direkt opzeginn, wann eppes emol schief leeft.

Sou misst et och sinn, dass mer an eng Regierung Vertrauen hunn. Eng Regierung, déi alles drusetzt, dass mer a Fridden kënne liewen, eng Regierung, déi sech asetzt, dass d’Mënschen an Dignitéit kënne liewen.

Vertrauen wëlle mer hunn an e Gesondheetsministère, deen sech asetzt, dass eis Kliniken gutt funktionéieren, dass déi Medikamenter, déi mer ugebuede kréien, eis hëllefen, gesond ze ginn, ze bleiwen.

Vertrauen wëllen d’Elteren hunn an e Familljen- an an e Bildungsministère, déi dozou solle bäidroen, dass d’Kanner, sech sollen entfalen, sech wuel an hirer Haut ze spieren an se op mar preparéieren.

Dat Vertrauen huet awer e Schied kritt. Wäit ewech sinn di Zaïten wou gesot gouf: D’Familljepolitik vun der Regierung stellt d’Kand an de Mëttelpunkt“*, “, „All Kand ass eis selwecht Wäert“. Dat waren Säz, einfach nëmme Säz.

Wa mer wëlle wëssen, wat d’Elteren, d’Educateuren, d’Enseignants di lescht Joeren matgemaach hunn, brauche mer nëmmen ze kucken, wéi vill Petitiounen et gouf, a wat d’Sujeen waren. „Elteregeld amplaz staatlech Institutiounen“, „Ënnerstëtzung fir d’Elteren deenen hier Kanner NET an eng Maison relais ginn“ , „Finanziell Ennerstëtzung vum Staat fir Elteren“, „Congé parental von 9 Monaten“, „Fir en Enseignement, deen d’Besoinen vun eise Kanner wouer hëlt“ asw.

Ëmmer nees ass den Dialogue mat de Ministren gesicht ginn, mee keng Petitioun huet e Suivi kritt. Kann een d’Elteren verstoen, wann se d’Vertrauen verluer hunn? D’Elteren wësse genee wat se fir hir Kanner brauchen an si kënne net méi nokucken, dass esou vill iwwer hir Käpp ewech decidéiert gëtt.

Vertrauen kritt ee mat Mënschen, déi e Versteestemech hunn, mat deenen ee kann diskutéieren. A wat geschitt hei? Hei sollen d’Kanner all an di selwecht Schinn gefouert ginn. Mee, all Kand huet säin eegene Rhythmus, di eng gi méi drop lass, anerer sinn méi unhänglech, anerer si méi schwaach. Wéi kënnen da kleng Kanner sech wuel spieren, sech gutt entwéckelen, wann hiert ënnerlechst Wiesen net respektéiert gëtt? Wann se spieren, dass hinnen dat Wesentlechst feelt? Ass et da verwonnerlech, dass se sech emol revoltéieren? Wéi kann e Kand léieren, wa keen doheem Zäit huet, fir mat him ze schwätzen, wéi den Dag an der Schoul da war? A wann d’Elteren da froen, fir méi Präsenz bei de Kanner ze hunn, kréien se d’Liewen schwéier gemaach. Firwat ginn einfach keng Kompromisser gemaach? Si kréie gesot, hir Kanner géifen méi staark ginn an enger Friembetreiung. Si kréie gesot d’Kanner géifen vun enger héich qualitativer Betreiung profitéieren, asw. D’Realitéit ass awer anescht.

Vertrauen setzt den Dialog viraus. Och Kompromisser musse mol gemaach ginn, besonnech wann eng Situatioun eskaléiert. Mee vun de Kanner kann ee keng Kompromisser verlaangen, wann et ëm seng fundamentalst Besoine geet.

Keng Gesellschaft ka fonktionéieren, wann d’Vertrauen feelt, wa keen sech op deen anere ka verloossen. Wéinstens fir d’Kanner misst dach een do sinn, deen sech fir si asetzt an et duerchzitt.

An e puer Méint si Wahlen. Dann ass et schwéier eng Decisioun ze huelen: a wien hätte mer da Vertrauen?

Isabelle Schmit-Mines

24.04.2023

*Ried vum Premier iwwer d’Lag vun der Natioun, 27.04.2017

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *