Zouwennung

Et fällt op, dass a leschter Zäit enorm vill vum Wuelbefannen vun de Kanner (a vun den Elteren) geschwat gëtt. Petitioune si gelaf, déi et och bis an d’Chamber gepackt haten, mee, nom Débat ass keei e Suivi vun der Regierung komm.

Elo ass nach d’Petitioun „Een Elterendeel huet Recht op manner Stonnen mussen ze schaffen mat Hëllef vum Staat fir méi Zäit mat de Kanner ze hunn, sou dass d’Maison-Relais net iwwerfëllt sinn“, déi genuch Stëmmen zesummekritt huet… Wéi geet et dann do weider?

Da war, ënnert dem Titel „Das ist staatlich organisierte Kindeswohlgefährdung“ e grousst Interview mat der Psychotherapeutin Susanne Strobel, dat eng enorm Resonanz hat (Interview vum Michèle Gantenbein, L.Wort, 11.02.2023). D’Susanne Strobel hat och do denoncéiert, wéi d’Kanner leiden, wann se ze laang a friem Hänn an net genuch hir Elteren ëm sech hunn. D’Kanner brauche Rou, hiren Nervesystem ass am Gaangen opgebaut ze ginn. Schéin Strukturen hu mer, awer vu Bindung gëtt guer net geschwat. „Bindung ist das was sie brauchen…“ „Die Konzepte, die Familie zu ersetzen haben nie richtig funktioniert,“ seet se.

Wéi den Zoufall et da wollt, krute mer dunn och e Bréif vun enger Léierin, déi eis geschriwwen hat, wéi schwiereg d’Situatioun vu ville Kanner haut ass. Vill wären emotional iwwerfuerdert, si géifen Krise maachen, déi oft dramatesch sinn, et einfach net méi packen. „D’Kanner sinn de Spigel vun der Gesellschaft an offensichtlech ass déi krank“, schreift se.

Eng Konsumgesellschaft, wou een sech bal obligéiert spiert, ëmmer dat Neitst vum Neitsten ze hunn? Eng Konsumgesellschaft, wou duerch vill Aktivitéiten een ni zu Rou kënnt? Eng Familljepolitik, déi den Appel vu verzweifelten Elteren ignoréiert?

Du hu mer eppes gelies, wat eis ze denken ginn huet: den Educatiounsminister weess ganz genee, wat fir de gudden Developpement vum Kand wichteg ass… mee d’Méiglechkeeten ginn awer net geschaaf.

Sou héiere mer dann: „… Di doten Grondprinzipien a wat een als Mamm an als Papp muss leeschten fir eng gutt Entwécklung vum Kand ze assuréieren, kann een u keng Crèche, u keng Maison-Relais, u keng Schoul delegéieren. An duerfir musse mer d’Elteren och do stäerken.“*

a weider: „Da sinn ech frou, datt och ënnerstrach ginn ass, dat d’Eltere musse matagebonne ginn…“ „ … da musse mer probéieren, d’Famill ze stäerken“.*

Wéisou di grouss Divergenz, tëschent schwätzen a maachen? Dat ass einfach net no ze vollzéieren.

Mir gesinn d’Behuele vu Kanner, déi oft net méi déi Kanner sinn, wéi een sech e Kand virstellt: sech kënne freeën, spillen, laafen, laachen. Neen, haut sinn et vill Kanner, déi net frou sinn, déi traureg an hirem Eck sinn, oder, am Géigendeel, dauernd opgedréint a nervös sinn. Fräi spillen kënnen se och net méi wéi fréier, well se gewinnt sinn dauernd animéiert ze ginn.

Eng dramatesch Entwécklung spiert d’Léierin dann och op engem anere Punkt: an dat ass d’Mammesprooch. Et gi Kanner, déi hir Mammesprooch net richteg kënne schwätzen! Wéi sollen se dann och, wa keen Zäit fir se huet?

D’Mammesprooch fir sech auszedrécken, d’Mammesprooch fir uerdentlech ze communquéieren, d’Mammesprooch als « langage affectif », wéi eng Psychologin mir et eng Kéier gesot hat. Well, d’Mammesprooch, ass jo net eng Rei vu Wierder. Et sinn Emotiounen, et sinn Nuancen, et sinn Intonatiounen, et sinn Gesten, asw.

Dat alles, kréien déi Kanner, déi hir Elteren net vill gesinn, net mat. An dat dierft einfach net sinn. Well, dat ass och gewosst, dass fir d’éischt d’Mammeprooch muss gestäerkt sinn, ier mer aner Sproochen kënne richteg léieren.

Wien hätt dat geduecht, dass e Kand seng Mammeprooch net kennt? Esou villes ass iwwer d’Kanner ewech decidéiert ginn, dass hir fundamentalst Besoine net ëmgesat ginn. An esou solle mer d’Zukunft preparéieren?

Wéi soll e Kand léieren, Energie hunn, wann esou vill Trauer an sengem klengen Häerz ass?

An et wär esou einfach. Den Elteren méi Zäit ginn fir hir Kanner, deem Elteredeel, deen eng Auszäit wëll huelen, en Ausglach ginn: da wär och scho villes geléisst. An dat wär en Investissement an d’Zukunft!

Iergendwéi si mer dach all frou mat de Kanner. Da loosse mer dach net méi zou, dass esou vill vun hinnen onglécklech sinn. Frou Kanner brauche mer, kreativ Kanner, déi Vertrauen an d’Zukunft hunn.

Isabelle Schmit-Mines

13.03.2023

*D’Chambersblietchen, Séance vum 08.06.2022

Une pensée sur “Soen a maachen…”

  1. Ech hunn eng kleng Entreprise, wou och e puer Mammen schaffen. Meeschtens schaffen se hallef Deeg an ëmmer di selwecht Deeg an der Woch. Dat ass mir léiwer wéi wann se full-time géifen schaffen an ëmmer nees géifen fehlen, well se iwwermidd sinn oder mierken wann hir Kanner net gutt drop sinn. Sou sinn si och méi zefridden an ech ka mech besser op si verloossen. Och fir d’Ambiance am Betrieb ass et besser.

Répondre à Jacques M. Annuler la réponse

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *