Et ass schonn aussergewéinlech, wéi d’Petitioun Elterengeld amplaz vun institutionellen Ariichtungen“ vum Luc Firmin Martiny, ageschloen huet. No 3 Deeg, hat se schonn 70% vun de Stëmme kritt.

Elo hunn d’Elteren geschwat. Elo hunn och d’Educateuren, Educatricen, d’Enseignants geschwat: keen ass zefridden mat där Situatioun, déi vill Kanner an Elteren Dag fir Dag musse matmaachen.

Dat eent ass, dass dee Stress, wou kee méi fir deen aneren Zäit huet, onmënschlech ass.

Dat anert: Crèchen, Maison Relais: ze vill Kanner beieneen, am Kaméidi, an der Nervositéit, an och hei: keen huet richteg Zäit fir d’Kanner.

An dann: et geet och ëm de Prinzip.

Firwat sinn di eng Elteren méi Wäert wéi di aner? Di Ongerechtegkeet ass net méi hin ze huelen.

Elo gëtt et keen Zeréck: elo muss endlech am Sënn vun de Kanner an den Elteren gehandelt ginn.

Mir kennen jo d’Hannergrënn, firwat d’Regierung d’Elteren praktesch gezwongen hat, allen zwee, schaffen ze goen. An, dass besonnech d’Fraen, net an an d’Aarmut solle falen. Duerch di vill Gratis Offeren ginn si dann „entlaascht“: finanziell an zäitlech, sou dass se dann hirer Aarbecht roueg kënnen nogoen.

Entlaascht: hu mer dofir Kanner kritt? Fir eis net méi brauchen ëm si ze këmmeren?

Neen! Et ginn nach Elteren, déi gäeren den Alldag mat hire Kanner verbréngen, déi dee permanente Stress net méi verdroen, déi gäeren a Rou gesinn, wéi hir Kanner opwuessen. Mee, fir si ass keng Plaz.

Elo hun d’Elteren geschwat. Alleguerten hunn se Elteregeld verdéngt, wéi si et dann opdeelen wéi si et fir richteg fannen: ganz doheem bleiwen, deelweis schaffen oder d’Kannerbetreung an enger Institutiounen. Well, et ginn och Elteren, déi allen zwee gäere schaffen, an si wären onglécklech wann se dat net dierften.

Dann hunn d’Strukturen och e Sënn, well och do, kéinten sech d’Educateuren méi Zäit fir all Kand huelen. Mee, esou wéi et elo ausgesäit, huet kee méi richteg Zäit, an da wonnere mer eis, dass esou vill Kanner nervös, opgedréint, krank sinn.

Ass et net de Sënn vun der Erzéiung: „élever“: do ze sinn, fir dem Kand seng bescht Säiten ze fërderen? Well, wéi kënnen d’Kanner eppes bäiléieren, wa keen sech mat hinnen ofgëtt? Gerechtegkeet, kréie mer nëmmen, wa jiddereen ënnerstëtzt gëtt a jiddereen de reelle Choix huet!

Mir hunn net d’Recht, de Kanner hir Zukunft op d’Spill ze setzen, andeems mer hir fundamentalste Besoins an hir ganz eegenaarteg Perséinlechkeet ignoréieren.

Duerfir ass d’Petitioun esou wichteg: Elterengeld: ob et gebraucht gëtt fir doheem no de Kanner ze kucken oder fir eng gutt Betreiung an enger Institutioun.

Ënnerschreift och Dir se haut a gitt de Lien weider. Un all Är Frënn a Bekannten:

Nach e klengen Effort, da sinn di 4.500 Ënnerschrëften erreecht.

 

Isabelle Schmit-Mines

12.12.2022

Elterengeld amplaz vun institutionellen Ariichtungen“ https://www.petitiounen.lu/petition/2512?no_cache=1&cHash=14e0599badb8f3e4f8760eda9695ff0d

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *