Aus fréieren Zäiten?

E Schlag an d’Gesiicht“: dat waren dem Jules Clement seng Wierder nom Débat iwwer seng Petitioun „Ënnerstëtzung fir d’Elteren, deenen hir Kanner net an eng Maison-Relais ginn“.

Dir kënnt Iech erënneren: an senger Ried zur Lag vun der Natioun, hat de Premier gesot, d’Maison Relais wär gratis, an d’Kanner vu manner bemëttelten Elteren kéinten och gratis, e waarmt Mettegiessen zervéiert kréien. De Conseil d’Ėtat hat sech dogéint ausgeschwat, et wär eng Diskriminatioun vis-à-vis vun den Elteren, déi hire Kanner doheem wëllen z’iesse ginn. Och d’Resonanz op den soziale Medien war enorm.

Prompt huet dunn och, de Jules Clement eng Petitioun eragereecht wou e gefrot huet, et missten di selwecht Regelen fir all Elteren gëllen. „Ënnerstëtzung fir d’Elteren, deenen hir Kanner net an eng Maison-Relais ginn“ : si hat dunn och 4.879 Stëmmen kritt. 4.879 Stëmmen, déi gewisen hunn, dass d’Elteren eng Stëmm hunn, dass d’Kanner eng Stëmm hunn.

Den 6. Mee war dann dunn den Débat an der Chamber. Mee wat war d’Resultat: „E Schlag an d’Gesiicht“ huet de Jules Clement duerno geschriwwen. Alt nees ginn déi Elteren, déi doheem wëllen sech ëm hir Kanner këmmeren, wéi Bierger 2. Klass behandelt.

Den Educatiounsminister bleift bei senger Decisioun, hie wëll, dass d’Kanner an der Maison-Relais solle sinn, wou se sech dann och gutt entfalen, mengt hien.

Versti mer su lues ëm wat et geet? Geet et ëm d’Wuel vun de Kanner? Geet et ëm d’Relatioun tëschent den Elteren an de Kanner? Obwuel de Minister oft seet, d’Elteren sollen méi Zäit fir d’Kanner hunn, gëtt an di entgéintgesate Richtung geschafft.

Wat denkt een dat wann dee selwechte Minister an der Chamber seet: „ Mir mussen och d’Kand doheem a sengem privaten, a sengem familiären Ëmfeld kucken. A munches, wat mer an der Schoul mierken a wou mer net weiderkommen an der Schoul huet Ursaachen ausserhalb vun der Schoul…………* (Den Débat ass zwar iwwer d’Schoul gaangen, mee fir de Minister spillt d’Elterenhaus jo eng wichteg Roll: firwat trennt en dann d’Elteren an d’Kanner? Oder mengt e wierklech, d’Elteren wären all schlecht Elteren?)

Et gëtt awer alles dru gesat, dass kee méi soll doheem sinn. Wou bleift do d’Logik?

Gëtt do net och gefërdert, dass d’Kanner all sollen selwecht sinn, selwecht denken, ëmmer an engem Grupp fonktionéieren?

Et gi Kanner, déi einfach net gäeren dauernd an engem Grupp sinn, et gi Kanner, déi de Kaméidi net verdroen. An d’Elteren? Wat maachen d’Eltere mat, wann se hir Kanner kaum nach gesinn, wann se duergestallt ginn, wéi wann si hire Kanner näsicht kéinte bäibréngen, wéi wann d’Kanner nëmmen an enger Maison-Relais eppes géifen bäiléieren.

Vun all den Eltere gëtt villes verlaangt. Firwat sinn ëmmer di selwecht Elteren, déi d’schwarz Schof sinn? Mir wëllen all, de Jules Clement sot et och: „Loosst den Elteren de Choix“, mä w.e.g., dann däerfen d’Conditiounen awer net esou wäit auserneen goen, wéi dat wat elo alt nees vun der Regierung gefërdert gëtt. Et ass net de Rôle vun enger Regierung ëmmer nees eng eenzeg Säit zënnerstëtzen. Ongerecht ass et, wann vun uewen erof en Agenda muss per force duerchgeféiert ginn ouni ze kucken, wéi et de Mënschen dobäi geet. En Agenda, méi wichteg wéi de Mënsch? Wann di eng, dann och di aner!

Isabelle Schmit-Mines

18.05.2022

*Chambre des Députés, 6. Juli 2021

————————————————————————————————-

Liest och

E Schlag an d’Gesiicht, de Commentaire vum Jules Clement

 

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *