Et bleift nach just dës Woch, wou Der an Är Gemeng ënnerschreiwen kënnt goen, dass e Referendum fir eis Nei Verfassung kënnt.

Firwat insistéiere mer esou vill?

Well eis Kanner dat Wäertvollst sinn, wat mer hunn.

Well mer, als Elteren, normalerweis, besser wëssen wéi de Staat, wat eis Kanner brauchen fir sech gutt z’entfalen.

Well mer nach wëllen d’Recht hunn fir mat ze schwätzen.

Well mer jo net wëssen, wat fir eng Regierung eng Kéier kënnt an si all Macht iwwer eis Kanner kann hunn. Dat musse mer verhënneren.

An der Neier Verfassung soll stoe kommen: « L’État veille à faire bénéficier chaque enfant de la protection, des mesures et des soins nécessaires à son bien-être et son développement. » Wou sinn d’Elteren dann? Vun hinnen, kee Wuert!

Huet de Staat méi ze soen wéi d’Elterem? Weess de Staat besser, wat d’Kand brauch? Wann weder Mamm nach Papp an der Constitutioun ernimmt ginn, heescht, dass de Staat kann iwwer d’Kanner decidéieren an d’Elteren sech op näischt kënne referéieren, wat se schützt. Solle mer net dat verhënneren?

Wann di Regierung, z.B., fënnt, ALL Kand misst gewësse Medikamenter kréien oder ALL Kand misst friembetreit ginn oder, ALL Kand misst 3 verschidden Sportarten dreiwen, da sinn d’Elteren machtlos.

Well, wa mer eis an der Geschicht ëmkucken, hat de Staat a gewëssen Zäiten, ze vill Muecht kritt, an duerfir stinn an deene meeschten Verfassungen, d’Elteren, als di éischt Erzéier vun hire Kanner.

An dat solle mir hei, fräiwëlleg opginn?

Natierlech net all Elteren sinn ideal Elteren, dann ass et gutt, dass e Staat sech ëm Kanner këmmert, déi net gutt dru sinn. Mee ëmmerhin, sinn di meeschten Elteren ëm d’Wuel vun hire Kanner besuergt.

A wat heescht konkret, wann an d’Constitutioun soll stoe kommen: « L’État s’engage à lutter contre le dérèglement climatique et à oeuvrer en faveur de la neutralité climatique »? Näischt méi mat de Kanner ënnerhuelen, hinnen d’Land net weisen, kee méi besiche goen, welle een da mam Auto ze vill ënnerwee ass? Dann den Zuch, de Bus, de Velo huelen: da soll een sech dat emol mat e puer Kanner virstellen. Dat alles entsprécht einfach net der Realitéit. An et ass och net esou, wou een onbedéngt alles fir de Klima mécht. Fir d’Natur ze schützen ginn et nach Méiglechkeeten, mee muss dann alles ewell mat Drock verbonne ginn?

Wann et an der Neier Verfassung heescht « Tout le monde a le droit de fonder une famille », seet een sech, à première vue, „Jo, an? Dat ass jo normal!

Dat ass net normal, well elo kann eng Persoun eleng, dann eng Leihmutter beoptragen, e Puppelchen auszedroen, deen se muss no der Gebuert fortginn. Kann een sech deen Drama ausmolen?

Dat ass net normal, well, wann z.B. Zwillingen ënnerwee sinn, an dee Mënsch, deen e Puppelchen „bestallt“ hat, nëmmen een eenzegt Kand wëll.

Dat ass net normal, well, wann ee beemol mierkt, dass een awer keng Loscht méi huet sech ëm d’Kand ze këmmeren, wat geschitt dann?

Wat äntwert een engem Kand, wat hanneno no sengen Origine freet? Läit et net an der Natur vum Mënsch, dass en instuitiv weess, dass d’Léift de Grondsteen vun sengem Liewen ass? A wann do Intermediaire sinn, dann ass d’Trauer virprogrammaéiert.

Natierlech, wann eng Persoun eleng, fir e Kand, dat keng Elteren huet, wëll do sinn, kéint een där Persoun jo entgéint kommen. Mä dat ass en anere Sujet.

Eis Elteren, eis Grousselteren hunn fir eis ënner deene batterste Conditioune gekämpft. Ouni hir Resistenz hätte mer vill Fräiheeten ni gehat.

Als Respekt vis-à-vis vun hinnen, an als Respekt virun eise Kanner an deene nächste Generatiounen, musse mir eis och engagéieren, dass mer eis Fräiheeten net einfach esou opginn. Et brauch een nëmmen, sech ëmzekucken, wat am Moment an der Welt leeft. An d’Fräiheeten, déi fort sinn, kommen soubal net méi erëm.

D’Constitutioun ass d’Basis vun all de Gesetzer. Duerfir, nach eng Kéier, gitt nach dës Woch an Är Gemeng ënnerschreiwen, dass de Referendum fir eis Nei Verfassung kënnt. Déi Fräiheet hu mer.

Isabelle Schmit-Mines

03.05.2022

——————————————————————————————————————–

Kuckt de Video

mat der Analyse vum Dr Romain Blum iwwer d’Impfpflicht


Liest och:

« Qui osera élever la voix? » vum Marie-Andrée Schanen

Luxemburg am Scheideweg vum Marie-Andrée Faber-Schanen

 

Une pensée sur “Wann net d’Elteren, wien dann?”

  1. Elo gëtt engem richteg bewosst, dass dat Mënschenhandel ass wat een de Leihmütter an de Puppelcher undeet. Ech weess nach, wéi meng Grousselteren resistéiert hunn fir d’Fräiheet. Mee, déi Fräiheet geet ze wäit, do ass kee Respekt méi virum Liewen, virum Mënsch. Sech e Kand no enger Laun bestellen: dat ass wierklech Mënschenhandel an dat ass, sou wäit ech weess, verbueden.

Répondre à Karine Annuler la réponse

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *