Den Interview vum Xavier Bettel um 100,7, den 19.12.2018 :

De Fred Keup huet sech d’Méi gemaach, eis den Interview weiderzeginn.

Verréit de Xavier Bettel hei, de wierklechen Grond vun der gratis Kannerbetreiung ?

Familljefrëndlech ass anescht !

– All d’Kanner sollen an d’Kannerbetreiung
– Et soll keen Choix sinn
– Si sollen net doheem bei der Mamm oder dem Papp sinn
– Si sollen all an d’Kannerbetreiung well genee do kréien se déi sozial Komponent an d’Diversitéit vun der Gesellschaft
– Fraen sollen schaffen goen, och wann se dat finanziell net missten

Hei den Interview vun der Journalistin Mick Entringer mam Xavier Bettel um 100,7 den 19.12.2018. (Ongeféier vun der Minutt 10:15 un).
https://www.100komma7.lu/podcast/232589

X. Bettel: “Mee mir hätten einfach gären dass net de Choix ass, dass wann een, wann en d’Méiglechkeet huet fir seng Kanner net an eng Kannerbetreiung ze ginn, well e seet, mir ass et awer dann ze deier, dass en et mécht!
Kannerbetreiung ass déi Plaz wou d’Kanner zesummen liewen, wou se déi sozial Komponent kréien, wou se déi Diversitéit vun onser Gesellschaft kréien. Mir sinn der Meenung dass et wichteg ass dass een hautdesdaags och eng Famill, och wann se d’Moyenen huet, incitéiert, fir hir Kanner an eng Kannerbetreiung ze ginn, wat mat sech bréngt, dass duerno duerch deen doten Incitatif, och eng Fra déi am Moment vläicht net geschafft huet, vläicht schaffen geet, well se dann weess dass se méi Zäit huet fir sech och em déi Saachen kënnen eng eegen Liewen opzebauen.“

(…)

M. Entringer: “Här Bettel, firwat muss eng Famill, oder eng Persoun, déi 6000 Euro de Mount verdingt oder eng Famill déi dann dat duebelt verdingt, firwat mussen déi d’Kannerbetreiung gratis kréien?”

X. Bettel: “Genau fir dat wat ech erkläert hunn, genau dat”

M. Entringer: “Jo, mä dat ass onverständlech”

X. Bettel: “Madame Entringer”

M. Entringer: “Dat sinn Suen, déi”

X. Bettel: “Dir sot jo genau dat
Ech sinn sou frou Madame Entringer, dass der dat sou sot, genau sou, dir gitt genau op d’Beispiller an, wat ech gesot hunn. D’Famill, de Mann, verdingt sou vill dass een dann seet: Oh wann ech sou deier muss bezuelen fir d’Kannerbetreiung, dann ass et grad sou gutt wann meng Frau sech em d‘Kanner këmmert. Dat ass genau déi Fra déi am Cas vun enger Scheedung”

M. Entringer: “Dat heescht wann de Mann sou vill verdéngt dann bleift d’Fra doheem”

X. Bettel: “Nee et ass”

M. Entringer: “Wann een 12000 Euro de Mount am Stot huet dann seet een: Oh nee d‘Kannerbetreiung ass mer ze deier an dann bleift meng Fra heiheem?”

X. Bettel: “Do sinn verschidden Leit wou dat doudsécher de Fall wär.”

M. Entringer: “An dat ass d’Norm?”

X. Bettel: “Nee dat ass net d’Norm. Nee, nee, hei setzt mir keng Wieder an de Mond déi ech net gesot hunn”
M. Entringer: “Et ass eng Fro!”

X. Bettel: “Uh, dat do war éischter eng Affirmatioun wéi eng Fro. De Fait ass dass mer einfach der Meenung sinn, dass wann een Sachleeschtungen mécht, d’Sachleeschtungen sollen do och ukommen an dat ass eben fir dass een et erméiglecht dass hannendrun, an an onsem Kapp ass dat och sou, d’Fra soll incitéieren fir kënnen och schaffen ze goen.”

M. Entringer: „Dat ass den eenzegen Grond firwat der d’Cheque servicen gratis fir jiddereen sot?”

X. Bettel: “Nee, well et och fir schwaach Leit selbstverständlech e grousse Batz representéiert an fir schwaach Leit, een deen wéineg verdéngt ass dat vill vill vill méi, an dat representéiert eng Depense déi een sech vläicht iwwerhaapt net hätt kënne leeschten.”

3 pensées sur “Familljefrëndlech ass anescht !”

  1. « Sou schwätzen Leit, déi net wëssen wéi et an deenen verschidden Institutiounen leeft waat ville Kanner kann schueden amplaz se sozial kompetent ze maachen😂😂
    Iwwregens ginn et einfach Kanner déi hir Mamm brauchen an keng artifiziell Betreiung! Schaffen selwer am Beruff an oft sinn vill Betreier, déi just fir d‘Suen schaffen an hier Aarbecht net eecht huelen an just scharf op d‘Suen sinn, ënnert anerem ginn et nach esou vill aner Faktoren…
    also wierklech nëmmen traureg! « 

  2. C’est Noël. Nous bavardons, avec les enfants, nos petits-enfants. Ainsi, avec mon petit-fils Ben, 5 ans. Je lui demande gaiement: « Et qui sera ta femme, quand tu seras grand? » « Maman », est sa réponse. Une réponse dite avec tant d’amour et de tendresse, que nous en étions tous émus. Et je me dis, qu’un gouvernement veut priver un enfant de sa mère, cette mère qui a tout à donner à son enfant. Bien sûr, le gouvernement ne dira jamais qu’il veut éloigner les parents et les enfants, mais on n’a qu’à calculer le temps qu’une famille a à sa disposition pour être ensemble si les parents travaillent toute la journée. C’est injuste, c’est honteux.

  3. Ech sinn erschreckt iwwert den Interview mam M. Bettel!
    Schaffen selwer am Beräich an hunn och selwer Kanner. Theorie ass alles illusionistesch. Gëtt alles schéin geschwat a geschriwwen. An wéi gesait et um Terrain aus? Waart dir mol schon 12 Stonnen inkognito an onugekennegt an enger Maison Relais oder enger Crèche? Den Alldag gesäit do ganz anescht aus! Leider leider! Firwat probéieren di meescht Erzéier asw, déi an deem Beräich täteg sinn, an aner Moyen’en hun, sou wéineg wéi méiglech op eng Maison Relais oder Crèche zeréck ze gräifen wann et sech sou positiv op d’Kanner auswierken géif!!!
    Schrecklech, datt mir engem Modell noginn, wou mir wëssen, wéi eng desastréis Konsequenzen dëst wäert hunn! Einfach d’Aen zou maachen a weider!
    Momentan sinn nach eng Partie Familljen, déi e Choix treffen kënnen, och wann dëst bedeit, op villes ze verzichten. Leider, mat den aktuellen Logementspräisser, ginn dës Familljen ëmmer méi rar. Wéi schrecklech, datt ee kee Choix méi dierf hunn!!! En plus, an deem Beräich, dat deene meeschten Familljen am gréissten um Häerzen läit: wat gëtt aus eise Kanner…

Répondre à Freitas Melany Annuler la réponse

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *