Si sinn wäit ewech, di Zäiten, wou d’Kanner eng onbeschwéiert Kandheet haten, dobausse konnte spillen, näischt matkritt hunn vun der Welt, an dem Misär, mee si haten hir eege Welt.

Hir / eis eege Welt, dat war, dat ze spillen, wat mer eng Kéier wollte ginn: Joffer, Infirmière, Serveuse fir d’Meedercher, Dokter, Pilot, Bäcker, asw fir d’Jongen.

An haut: eis Kanner schlidderen vun enger Angscht an di aner. Nom Virus, ass et elo, dee fuerchtbare Konflikt Russland-Ukraine.

Sou huet een sech d’Kandheet net virgestallt.

D’Kanner kënne fir näischt. Si hunn naïscht gefrot. Si sinn dach heihinner komm fir Léift, fir ze laachen, fir frou ze sinn.

An oft, sinn och d’Elteren machtlos. Wat sollen se maachen, wat kënnen se maachen, fir hir Kanner ze berouegen, well dat ass et, wat emol wichteg ass: si ze berouegen, dass d’Angscht se net erdréckt.

Wat emol wichteg ass, dass se sech kënnen ausschwätzen, erzielen, wat se gehéiert hunn. An, ech mengen och, hinne soen, dass mer jo awer Politiker hunn, déi dat Bescht fir eis wëllen.

An da kënne mer se opmierksam maachen op eng aner Dimensioun: d’Elteren kënnen mat hinnen eng kleng Meditatioun maachen, eng Käerz ufänken, e puer Minutten Stëll hunn an un „Fridden an der Welt“ denken an sech e virstellen. D’Kanner sinn sensibel op esou Formen vun Zesummegehéieregkeet. Weltwäit gi mer jo och opgeruff fir de Fridden ze bieden. Bieden, meditéieren bréngen Hoffnung, bréngen Rou.

Wéi seet et den Anselme Grün: „Wir können Gott nicht zwingen, Frieden zu schaffen. Aber wir dürfen vertrauen, dass durch unser Gebet in den Köpfen der Politiker doch auf einmal andere Gedanken auftauchen, nicht nur aggressive Gedanken, sondern Gedanken des Friedens“.

Mir mierken alleguer, dass mer an enger Zäit vun enorme Changementer liewen, Changementer, déi och mat Zyklen ze dinn hunn.

Dann ass nach eppes, wat jidderengem ze denken soll ginn: eppes, wat de Kanner, der Jugend bestëmmt net gutt deet: dat sinn di Videosspiller, mat deenen se oft, vill Zäit verbréngen. Di lescht Joeren sinn vill jonk Leit, déi vill Zäit mat deene Spiller verbruecht haten, sech fräiwëlleg, an de Krich gemellt haten, an an der Realitéit dat nogemaach hunn, wat se mat e puer Gesten am Spill gemaach hunn. Di Brutalitéit, wou ee seet „Dass jo nëmmen e Spill“ oder „Dass jo nëmmen e Film“ huet ëmmer eng Influenz op eis, op eist Gemitt, oft op eist Behuelen.

Wat kënne mer eise Kanner bidden an dëser schwiereger Zäit? Hinnen ëmmer nees weisen, dass mer fir se do sinn an alles maachen, dass bei eis bannedran, dass bei hinnen bannendran, dass Doheem Fridden, Rou ass. Sou solle mer eis bewosst ginn, dass mer alleguer, kënnen zum Fridden bäidroen. Bei all Gedanken, dee mer formuléieren, bei all, Wuert, dat mer soen, bei all Geste, dee mer maachen, droe mer zum Friddensprozess bäi – oder net. Net ëmmer einfach – mee machbar!

A, wéi d’Bouddhististen soen: de Fridden fänkt bei eis selwer un. « La paix extérieure est impossible sans paix intérieure. » (Guéshé Kelsang Gyatso). Wéi eng Kraaft, wa vill Mënschen matmaachen.

Esou kënne mer se am beschten an hir Zukunft begleeden, eng Zukunft, wou och nees eng Kéier Fridde kënnt.

Isabelle Schmit-Mines

02.03.2022

——————————————————————————————————————–

Agenda:

Le 09 mars 2022 à 18 hrs au Centre Paul Barblé, Strassen:

Projection du film « Éphémère », suivi de la Table Ronde:

« La répartition des rôles dans une famille au Mali et au Luxembourg »

Organisateur: Fondation Follereau

——————————————————————————————————————–

Liens utiles:

Et sinn alt nees d’Familljen, déi am meeschten iwwer di héich Präisser ze leiden kréien. An si hunn et schonn schwéier an dëser Zäit. Eng Regierung hutt d’Pflicht an esou enger Situatioun, hinnen entgéint ze kommen. https://www.petitiounen.lu/petition/2165?no_cache=1&cHash=f17a2631342a5a5ee229ea5668502243

Lauschtert d’Temoignagen vun Schüler, vun Dokteren (e.a. den Dr Benoît Ochs), vun Elteren, Psychologen, Educateuren: « Doctothon: Spécial enfants » du 15 janvier 2022 ënnert dem Parrainage vun Dr Martine Wenner an Prof Christian Perronne: https://www.facebook.com/bycoleresdesrues/videos/1053933461830570/

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *