Et war mol nees souwäit, Liichtmëssdag, en Dag wou mer mat anere Kanner vun Haus zu Haus zéien an eis iwwerrasche loossen, wien d’Dier opmécht (a wat mer kréien).

Dëst Joer war ech mat dobaï, duerft beobachten wéi de Grupp u Kanner an e puer Erwuessener matenee konnt duerch d’Duerf zéien. An ech hunn e puer Impressioune gesammelt, déi mech nach eng Zäit beschäftegt hunn.

Et goung lass bei den éischten Dieren, d’Kanner ware nach net ganz gesammelt, a verschiddener och nach net agestëmmt. D’Uweisungen, déi wuel léift gemengt waren, koume vun den Erwuessenen „Dajee, da sang elo!“ „Géi no vir!!“ „Stell dech bei di aner!“ „1-2-3 SANGEN!!!“ asw. , mol méi mol manner. Iergendwann koum den Trupp vum selwen an den Train-train vum Oflaf.

Ech stoung niewendrun an duecht mer mäint.

Weider goung et. Och mat den Uweisungen. „Net esou wäit no vir !!“ „Schellen, Sangen, ELO!“, „Haalt Oofstand!!!!“.

Et goung weider, ech duecht mir mäint.

E Kommentar zu engem Kand, wat sech e bessi am Hannergrond gehalen huet a bei dem Gedrängs, vir, net wollt matmëschen, (villäicht well et selwer gespuert huet, dass dat net stëmmeg war?) „Wëlls du net mat sangen, traus du dech net?“ mat höneschem Ënnertoun.

Meng Gedanken hunn ech fir mech gehalen.

D’Trupp ass duerch d’Stroosse gezunn, laanscht eng Haaptstrooss, iwwer en Zebrasträifen. Vir waren déi Erwuessen, dotëschent e puer Elteren, beschäftegt mateneen an ënnereneen. Ech hunn d’Schlussliicht gebild, opgepasst dass keen(t) vergiess gëtt an dass d’Autoe net vun hanne gerannt koumen.

An duecht mir mäint.

Et goung eng Zäit weider, all Kand huet d’Course bei di nächst Schell gemaach, déi eng koume méi séier hannendrun déi aner manner. E Kand huet sech beschwéiert an no vir geruff se sollte mol waarden. Direkt krut et de Feedback vun engem Erwuessenen, d’géifen hei keng Kanner bestëmme wat ze maache wier.

Ech sot näischt, an duecht mir mäint.

Ënnerwee waren déi ënnerschidlechst Temperamenter. De Klengsten huet gesouert e wéilt Séissegkeeten, seng Mamm huet fond en hätt der genuch a wollt ëm keng ginn. Kuerz duerno ass e laanscht mech getrëppelt mam Mond voller Schokela, an dat ëmmer nees.

Ech sot näischt, an duecht mir mäint.

Mi spéit stoung dat Kand do haart ze kräischen, wéisou, hat ech net matkritt. D’Mamm sot haart zu him „Solle mer heem goen?“ wat amfong en drohenden Ënnertoun hat, well se genervt vum Kräische war. Dass d’Kand awer haart „Jo“ sot huet se wuel net erwaart. Ech hu font, dat war eng gutt Fro no der laanger Rees, an eng gutt Äntwert.

Sot awer näischt.

Esou war de ganzen Dag voller Andréck. An dat wat ech mir dozou geduecht hunn ass, wéi d’Kanner sollen e Kierpergefill, e Bewosstsinn oder Matgefill léieren an esou engem Ëmgang? Wat fir e Virbild bidden d’Erwuessener, déi Fuerderungen u si stellen, déi se selwer net virliewen? D’Kanner gi ronderëm gehetzt, kréie Befeeler a gesot wat se solle maachen a wat se net dierfen. An anerersäits gëtt verlaangt, dass se vu selwem wësse wat richteg ass a wat falsch. Wat net genuch ass a wat ze vill. Se ginn ugejäut roueg ze sinn, Erwuessener probéiere viru si ze laafe fir dass se mi lues ginn, se kréien de Mond voller Séissegkeete gestoppt fir Rou ze ginn, se kréien d’Tuute voll gestach wa se sech no vir gekämpft hunn, fir ze deelen an mierken awer dass deen éischten an der Rei am meeschte kritt.

Um Enn vum Owend sot mäi Kand zu mir: „Ech wollt net vie bäi sinn. Déi Kanner déi vir stoungen, kruten d’Tute voller Séissegkeeten an haten um Enn schwéier ze schleefen. An trotzdem hu se duerno alles missen deelen.“

En zefriddend Kand, ech sot ëm näischt an duecht mir mäint.

Eng Mamm

03.02.2022

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *