Et ginn elo geschwënn 2 Joer, wou mer vu bal soss näischt, wéi vum Virus schwätzen wéi mer e solle bekämpfen, wéi eng Mesuren nees op eis zoukommen, an elo, an der Chamber, d’Impfpflicht.

Wat awer d’Kanner all di Zäit physesch a psychologesch matgemaach hunn, dovunner ass ni geschwat ginn, dovunner gëtt ni geschwat. Mee, si packen et net méi, hir Elteren packen et net méi!

Mussen se wierklech nach ëmmer mat Masken ronderëm laafen? Masken, wou se schwéier Loft kréien, wou se sech schwéier kënnen konzentréieren, Masken, wou se kee méi gesi laachen, kengem kënne laachen, keng Expressioun an de Gesiichter gesinn, keng Gefiller kënnen däiten. Besonnech kleng Kanner hunn et hanneno schwéier d’Mënschen ze verstoen, well se ni eng Expressioun an de Gesiichter gesinn hunn.

Mussen se wierklech all di sëllechen Tester gemaach kréien? Tester, wou se dauernd mat der Angscht konfrontéiert ginn, krank ze sinn, a Quarantaine mussen ze goen, an den Test deeet hinnen och oft wéi, oft bludden suguer wann e gemaach gëtt. A mir wëssen elo ganz genee, dass en Test net weist op ee wierklech krank ass. Mee, et gëtt awer ëmmer nees vu Neiem gemaach wéi wann.

An: d’Kanner sinn net vulnerabel, si kréien emol eng Erkältung, e Schnapp, wann se de Virus kritt hunn. “Eine Infektion ist medizinisch erst dann wirklich relevant, wenn die Menschen krank werden”, seet den däitsche Virolog Hendrik Streeck. Mir wëssen dach, dass an „normalen“ Zäiten, d’Kanner oft de Schnapp hunn, dass d’Nues leeft, awer ni ass et ginn, dass Kanner esou „maltraitéiert“ gi sinn.

Spuenien, Rumänien, Techeschien, Schottland, England, Calfornien, Virginia, Japan, di meeschte Länner aus Afrika, asw,  maachen net méi mat. Endlech kënnen d’Mënschen sech fräi beweegen, si sinn kengem Drock méi ausgesat. Hir Regierungen akzeptéieren, dass de Virus mi schwwach ginn ass, si mierken, dass d’Mënschen zugronn ginn wann se mat all de Contrainten virufueren. Nous savons que cette maladie touche à sa fin“. (Dr Hanna K.; Doctotohon 15.01.2022).*

A mir mussen hei nach ëmmer weiderfueren?

Wat d’Kanner an hirer Kandheet matkréien, prägt se fir hiert ganzt Liewen. Wat hu mer hinnen dann elo matginn? Angscht virun Krankheeten, Angscht, eleng ze sinn – well se esou oft a Quarantaine mussen, well se hir Kollegen net méi esou fräi kënne gesinn. Angscht, näischt méi kënnen ze plangen an sech op eppes freeën, well se gewinnt sinn, dass ëmmer eppes dotëschent kënnt. Hir Fräiheet ass esou ageschränkt, dass doduerger jo och hir Kreativitéit, hir Curiositéit ageschränkt ginn. Ouni dovunner ze schwätzen, wéi vill Kanner a Jugendlecher nach méi Zäit um Smartphone verbréngen, well se näischt méi kënnen erliewen. « Je suis effondrée avec tout se qui se passe », seet d’Martine Wonner, Doktesch an Deputéiert.*

Vill Léift, vill Vertrauen, vill Kreatiitéit och, vun den Elteren aus, mussen se kréien fir net opzeginn an hirem Liewen e Wäert ze ginn.

Et ass elo, wou hiert Liewen opgebaut gëtt, hir Talenter, hiert Selbstvertrauen hiert Vertrauen. A wat mer méi laang waarden, wat beemol, hir wichteg Atouten verschwannen. « Le temps qui s’enfuit, ne se rattrape plus » (Barbara an hirem Lidd « Dis, quand reviendras-tu? »)

Mir mussen elo alleguerten STOP soen, wa mer net wëllen, dass eis Kanner, dat heescht, d’Gesellschaft vu muer, nach just aus kranke Mënsche besteet.

Als Virsiichtsmoosnam, kéinten an de Schoulen Purificateurs d’air opgeriicht ginn, fir dass d’Loft propper ass? Et gëtt suguer eng Petitioun an deem Sënn.**

Loost mer dach nees Vertrauen an d’Natur hunn, an eisen Immunsystm, deen eis d’Natur matginn huet. D’Kanner hunn normalerweis e gudden Immunsystem – mee e gëtt futti gemaach, doduerger, dass mer hinnen dauernd Suggestiounnen vun Krankheet, Angscht maachen. Mir kënnen hiren Immunsysem stäerken, mat gesondem Iessen, Vitamin C, Vitamin D, frësch Loft, Freed, déi Leit ze begéinen, mat deenen se frou sinn. Dat geet duer. Eppes anescht brauchen se NET.

Wat se elo brauchen: „Loosst se nees laachen, loosst se nees frou sinn.“

Isabelle Schmit-MInes

24.01.2022


Liens utiles:

*Lauschtert d’Temoignagen vun Schüler, vun Dokteren (e.a. den Dr Benoît Ochs), vun Elteren, Psychologen, Educateuren: « Doctothon: Spécial enfants » du 15 janvier 2022 ënnert dem Parrainage vun Dr Martine Wenner an Prof Christian Perronne: https://www.facebook.com/bycoleresdesrues/videos/1053933461830570/

———————————————————————————-

**D’Petitioun fir Loftfilteren an de Schoulen: https://www.petitiounen.lu/petition/2165?no_cache=1&cHash=f17a2631342a5a5ee229ea5668502243

2 pensées sur “Loosst d’Kanner nees laachen!”

  1. „Les enfants ne risquent rien du Covid, les enfants ne sont en aucun cas une source de diffusion de la maladie, les mesures prétendument sanitaires imposées de manière autoritaire ont fait des dégâts considérables.“ (Dr Gérard Delépine)

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *