Si si wichteg, di Momenter vu Freed, vun Zesummegehéiergkeet, vu Partage, di Momenter, wou eng gewësse Magie an der Luucht läit.

Et sinn di Momenter, déi eis drun erënneren, dass dat Allerwichtegst am Liewen, de Fridden, d’Léift, d’Bienveillance sinn. 

Chrëschtdag ass dat Fest, wou mer ëmmer nees drun erënnert ginn – mee firwat verfléien di Emotiounen esou séier, soubal d’Liewen nees am Alldag erëmkënnt? Et misst ëmmer esou bleiwen. Besonnech well mer de Kanner et jo ëmmer nees vu Neiem widderhuelen: „net streiden“, „verdroot iech dach“, soen d’Elteren, wann d’Kanner nees eppes fonnt hunn fir ze streiden.

Mir hunn et an deene leschte Méint schwéier ze spiere kritt: wéi séier eng Gesellschaft auserneen ka gerappt ginn, wann d’Versteestemech fort ass, wann de Respekt fort ass.

Mee, mir sinn all dozou opgeruff, Fridden ze maachen, an all eise Gesten, an eisem Behuelen, an eise Wierder.

D’Geschicht vun eisem Land huet gewisen, dass d’Lëtzebuerger ëmmer zesumme gehalen hunn. Mir däerfen dat net verléieren. Mir wëllen jo och eise Kanner dat weiderginn, well, nëmmen esou kënne mer eng stabil Gesellschaft opbauen.

Mir erwaarden eis fir d’nächst Joer, dass mer nees eng Gesellschaft hunn, e Land hunn, wou mer all acceptéiert ginn, wou dat Gutt nach ëmmer seng Plaz huet.

An deem Sënn wënsche mer iech, e schéint Chrëschtfest an e gutt Neit Joer 2022.

Isabelle Schmit-Mines

20.12.2021

——————————————————————————————————————-

Liest och:

De Rapport vum Collectif Monoparental: et sinn dramatesch Situatiounen, déi di Elengerzéier matmaachen, mee si ginn eleng gelooss!

Petitioun:

D’Familles monoparentales sinn steierlech benodeelegt: si gi besteiert wéi Jonggesellen obwuel se Kanner hunn. Ënnerschreift och elo hir Petitioun: « Schluss mat der steierlecher Diskriminéierung géint Elengerzéier! Mettre fin à la discrimination fiscale des familles monoparentales!“

https://www.petitiounen.lu/petition/2107?no_cache=1&cHash=95636972ad715ea77955488ab985c7aa


Petitioun:

Vum 15 Januar un, sollen Mënschen, Mammen, Pappen, déi sech nach eng Kéier iwwerleeën, wéi se solle virgoen, bezuelen, fir schaffen ze goen. Dat ass inakzeptabel. Duerif huet elo den Bryan De Morais eng Petitioun eragereecht: « Repousser la date du CovidCheck au Travail jusqu’à la disponibilité du nouveau vaccin Novavax » https://www.petitions.lu/petition/2143?fbclid=IwAR26eeJVQRLzQs4S7ZcYjBcRBoAn7q3avGNqnvzwbkbMYwBPwzHLgu3IM2k

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *