An enger Recordzäit hat d’Petitioun vum Jules Clement „Ënnerstëtzung fir d’Elteren deenen hier Kanner NET an eng Maison relais ginn“ di 4.500 Ënnerschrëfte kritt, déi gefrot ginn, fir den Débat an der Chamber.

Aktuell si mer op 4.613 Ënnerschrëften an et bleiwen nach 18 Deeg.*

Dass di Petitioun esou séier esou vill Stëmme kritt huet, weist, dass d’Elteren, déi hir Kanner nach wëllen doheem betreien, di Ongerechtegkeet net méi kënne verdroen – di Ongerechtegkeet, dass nëmmen a Friembetreiung investéiert gëtt.

Grad an dëser Zäit, wou eben net ze vill Mënschen solle beieneen sinn, gëtt alles dru gesat, dass d’Kanner trotzdem hir Mëttespaus an der Maison Relais solle verbréngen.

Wéi vill Kanner verdroen d’Maison Relais net? Wéi vill Kanner ginn do esou gestresst a genervt duerch de ville Kaméidi, dass et fir si wichteg ass, a Rou zu Mëtteg z’iessen. An dann gi grad déi Elteren, déi hire Kanner di Momenter Rou wëlle vergonnen, lénks leie gelooss. Grad si, déi de Choix gemaach hunn, hir Kanner z’empfänken wann se aus der Schoul kommen, hinnen hir kleng a grouss Suergen nozelauschteren, ginn einfach net consideréiert.

Och déi Elteren, déi doheem sinn, sinn finanziell net ëmmer verwinnt an och si hunn et verdéngt, dass se grad esou respektéiert an ënnerstëtzt ginn wéi di aner Elteren och.

Et gëtt sech jo esou vill driwwer opgereegt, et gëtt jo esou vill driwwer geschriwwen, dass d’Kanner nervös sinn, onkonzentréiert, wibbleg – a wat gëtt gefërdert? Nach méi Stress, nach méi Nervositéit?

Eng Regierung huet d’Pflicht gerecht ze sinn vis-à-vis vun all den Elteren. Si huet d’Pflicht all Elteren bei hirer Aufgab z’ënnerstëtzen, hire Choix z’acceptéieren, besonnesch wann et ëm dWuel vun de Kanner geet.

Eis Kanner sinn eis Zukunft. En Investissement an si, haut, ass e Gewënn fir mar. Mir brauche frou, gesond (och psychesch gesond), equilibréiert Kanner, déi mat Begeeschterung hir Talenter kënne liewen. Ass et net dat wat eis Gesellschaft brauch? Ass et net haut, wou mer d’Gesellschaft vu mar sollen opbauen? Da musse mer eis Kanner mat abannen, an hinnen elo schonn dat Bescht proposéieren – an dat Bescht ass net ëmmer, nëmmen een eenzege Wee!

Mir waarden drop, dass d’Regierung agesäit, dass de Jules Clement Recht huet mat senger Petitioun an dass all Kand, all Elteren dat selwecht verdéngt hunn – dat Bescht fir si!

Isabelle Schmit-Mines

15.11.2021

* Dir kënnt d’Petitioun nach ëmmer ënnerschreiwen: wat méi Ënnerschrëften zesummekommen, wat besser! https://www.petitiounen.lu/petition/2061?no_cache=1&cHash=e759acc72cf058cdd35c4ff288d04216

——————————————————————————————————

Table-ronde-Invitation

2 pensées sur “Gudden Appetit!?”

  1. Ech kann nëmmen aus Erfarung schwätzen: zënter dass ech manner Stonne schaffen a meng Kanner, Mëttes heem iesse kommen, sinn se vill méi ausgeglach a roueg. Mee, ech fannen et net richteg, dass nëmmen déi Kanner gratis sollen z’iesse kréien, déi net doheem sinn.

  2. Genau dofir stinn ech. Ech sinn Hausfra am Mamm a meng Kanner ginn néierens hin a si frou bei mech Heem ze kommen, amplaz an eng iwwerfëllten MR wou net genuch no hinnen gekuckt kann ginn.

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *