© Kerstin Pukall, Hamburg

Zum Buch an zum Virtrag hei zu Lëtzebuerg vum Birgit Kelle:

Et kënnt Iech bestëmmt och oft viir, am Gespréich mat anere Mënschen, oder a Gedanken, ze soen: „Ass dat da nach normal?“ Jo, do sidd Der net eleng…

Ass et normal, dass e klengt Meedchen, net méi soll Prinzessin spillen?

Ass et normal, dass di traditionnell Famill, Mamm, Papp, Kanner, als net méi zäitgemäss ugesi gëtt, a bal an d’Lächerlecht gezu gëtt?

Ass et normal, dass een ewell fäert, seng Meenung ze soen?

Ass et normal, dass di däitsch Sprooch esou ëmmoduléiert gëtt, dass een sech muss d’Zong verdréinen, fir dass nëmmen kee männlecht Wuert méi existéiert, an, an, an…?

An hirem Buch „Ist das normal – Das lässt sich gendern“, erklärt d’Birgit Kelle ganz gutt, wat dat mat deem „Gender“ op sech huet.

Bréngt Gender, de Mënsch, d’Gesellschaft weider? Gi mer méi zefridden oder nach méi duercherneen?

Wa mer gëschter, di ganz Gender-Geschicht nach als eng Satire ugesinn hunn, gëtt se elo en Deel vun der Normalitéit: Gender huet d’Soen, a mir, déi anescht denken, solle gefällegst roueg sinn. An Hand vu ville Beispiller erklärt d’Birgit Kelle, wéi d’Zukunft wäert ausgesinn, wa mer Gender di Macht iwwerloossen, déi se ëmmer méi iwwer eis kritt. Bei de Kanner geet et un: dat ass esou gewollt. Schlëmm genuch ass et, well se an der Schoul Informatioune kréien, déi oft net zu hirem Alter passen. Irreversibel Schied kënnen se mat sech bréngen – wann z.B., Jongen beemol sech als Meedchen operéiere loossen, einfach aus enger Laun, mee mat all de Konsequenzen. An d’Elteren hu mol näischt méi ze soen – ass dat normal?!

Statt Probleme zu lösen, schafft die neue Gender-und Identitätspolitik täglich neue Opfer.“, schreift d’Birgit Kelle an di ganz Ideologie huet keng Grenzen, mä gëtt esou absurd, dass mer nëmmen kënnen de Kapp rëselen.

Di Gender Ideologie ass eng Dekonstruktioun vun allem, wat eis léif an helleg ass, sou dass, alles wat eis Mënschlechkeet, eis spirituell Wäerter ausmaachen, näischt méi Wäert sinn.

Duerfir ass d‘Visit vum Birgit Kelle hei zu Lëtzebuerg, vu ganz grousser Bedeitung, well et heescht: d’Brems zéien, fir eis Kanner, eis Enkelkanner, eis Gesellschaft, eist mënschlecht Zesummeliewen.

Kommt alleguerten an de Cercle, op der Place d’Armes, den 17. September.

All Informatiounen op eiser Säit: https://www.famill.lu/?p=482

Isabelle Schmit-Mines

31.08.2021


D‘Birgit Kelle ass fräi Journalistin, Mamm vu 4 Kanner, an setzt sech scho säit Joeren an fir d’Fra, als Fra, als Mamm. Elo ass se op d’Gender Ideologie gestouss, wou se net lass léisst fir eis op d’Geforen vun deem Mouvement opmierksam ze maachen. Si ass oft an Talkshows, Diskussiounsronnen gefrot, wou se ëmmer nees d’Partie hëlt vun der Fra a vun de Kanner. Hiert neitste Buch „Noch normal? Das lässt sich gendern“ ass am FBV Verlag erauskomm. Frot no bei Ärem Libraire!

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *