Mamma, Pappa: fir e Kand, di schéinste Nimm vun der Welt.

Dës 2 Nimm droen eigentlech an sech, alles wat e Kand brauch fir sech gesond ze entwéckelen: Léift, Gebuergenheet, Zärtlechkeet, Vertrauen.

Dës 2 Nimm hunn d’Mënschheet op hirem laange Wee begleet a gedroen.

Mamm, Papp, Elteren sinn: senge Kanner Léift, Geburgenheet, Versteestemech ginn. Mamm, Papp, Elteren sinn: di schéinsten Aufgab, en Engagement, eng Missioun, och eng Verantwortung.

Mä, eis „Nei Zäit“ wëll dës Begrëffer net méi. Eis „Nei Zäit“ wëll, keng Mamm, kee Papp méi.

Papp a Mamm sinn also inexistent. Elteren: inexistent. Sou gesäit et di nei Verfassung vir déi mer elo geschwënn solle kréien.

Wien war bis elo verantwortlech fir d’Kanner? D’Elteren natierlech! Mä, wat geschitt elo? Wien spiert sech dann nach verantwortlech? Wien ass nach verantwortlech?

Wann d’Elteren net an der Verfassung figuréieren, ginn se hir Verantwortung, eigentlech of. An dat ass dramatesch, well da kann de Staat agräifen, wou e wëll. Huet de Staat da méi ze soen wéi d’Elterem? Weess de Staat, wat d’Kand brauch?

Wann weder Mamm nach Papp an der Constitutioun ernimmt ginn, heescht dass se sech op näischt kënnen referéieren, wat se schützt. Si hunn einfach keng Rechter!

Eng Verfassung ass geduecht fir eis Rechter ze verdeedegen, fir eis Rechter vis-à-vun enger ze staarker Muecht vum Staat. Eis Verfassung soll d’Kanner schützen, dass si sech och wierklech an Harmonie kënnen developpéieren an Recht op hir Elteren behalen – natierlech sou laang do och keng Abusen geschéien.

Sou sollt an d’Constitutioun stoe kommen: « L’Etat veille à faire bénéficier chaque enfant de la protection, des mesures et des soins nécessaires à son bien-être et son développement. » Kee Wuert, dass d’Elteren, di éischt Erzéier vun hire Kanner sinn.

Elo schonn, mussen d’Elteren villes opginn – wéi ass et dann, wann se mol net an der Constitutioun ernimmt ginn?

Wou bleiwen de Kanner hir Rechter? Wéi oft hu mer scho geschriwwen, dass Kanner oft net frou sinn an enger friemer Betreiungsstrutur, wann se ze fräi vun den Eltere getrennt sinn? Wien verteidegt dann hir Rechter? D’Rechter vum Kand stinn net an der neier Verfassung…

Wéini gëtt endlech verstanen, dass di vill Problemer, déi d’Kanner an di Jugendlech haut hunn, ganz vill doduerger entstinn, dass di Kanner keen hunn, deen se wierklech begleet. Mä stuer gëtt weidergefuer…

Wéi traureg, wann een sech seet, wat eng Mamm, wat e Papp, alles fir d’Kanner bedeiten. Wéi vill Mënschen, zouginn, dass, ouni hir Mamm, hire Papp, si, ni dat gi wären, wat se gi sinn. Wéini gëtt dann endlech verstanen dass den Elteren hir Léift, hir Zouwennung, hir Präsenz, fir e Kand liewenswichteg sinn, an net en almoudeschen Passe-temps? An all Kultur, an all Land, ginn d’Elteren héich respektéiert – firwat dann net hei?

Ech mengen, di wéinegst vun eis sinn domadden averstanen, dass di wichteg Nimm, wéi Papp, Mamm, Elteren, déi esou eng grouss Bedeitung hunn, einfach verschwannen.

Di wéinegst vun eis sinn domadden averstanen, dass d’Familljen geschwächt ginn, dass de Staat ëmmer méi eng main-prise op eis Kanner kann hunn.

D’Verfassung geet eis all eppes un. D’Verfassung soll eis Rechter schützen, eis Fräiheet. Kënne mer dorobber zielen?

Isabelle Schmit-Mines

14.07.2021

Liest och:

De Lieserbréif: Europa und die Kultur des Todes“ vum Marie-Andrée Faber

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *