Wa mer den Eltere Geld bidden fir doheem ze bleiwen, sinn et nees di manner Bemëttelt, déi vill Kanner maache just fir d’Suen!

Dat ass och nees kuerz geduecht. Et ginn ëmmer Leit déi just wëlle vum System profitéieren ouni de Fanger kromm ze maachen, dat gëlt fir all Sparten (egal op „räich oder aarm“), an och fir all Form u staatlecher Ënnerstëtzung.

Ëmgedréint géif dës Iwwerleeung dann awer bedeiten, dass just gescheit Leit, déi gutt verdéngen vill Kanner dierfte kréien! Also, een deen eventuel Pech hat an der Schoul, de Facto, eng Persoun déi keng oder wéineg Kanner dierft kréien.

De Staat soll deenen Elteren, déi doheem bleiwen keng Sue ginn, dat ass net richteg!

Di finanziell Ënnerstëtzung misst net forcément a Form vu Suen iwwermëttelt ginn, mä kinnten z.B. Steierererméissegunge sinn, oder Rentebäiträg, oder Loyerhëllefen / Zouschëss bei engem Prêt. Et geet jo drëms, dass een de Choix vun enger Kannerbetreiung doheem huet. E Choix, deen ee just kann hunn, wann et och erméiglecht gëtt, dass een Elterendeel doheem ka bleiwen.

De System ass esou opgebaut, dass eng extern Kannerbetreiung vun eise Steiergelder finanzéiert gëtt. Well d’Personal an enger Crèche net als Bénévole do schafft, an d’Infrastrukturen / Materialien / Iessen asw., och kaschten, – dat muss bezuelt ginn -, ass dat Wuert „gratis Kannerbetreiung“ eng Hallefwourecht.

Jidderee bezilt iwwer d’Steiere säi Bäitrag, och wann en d’Infrastrukturen net benotzt. Déi Steiergelder ginn awer just geholl fir de Modell un Betreiung z’ënnerstëtzen, net awer, fir e gläichwäertege Choix, wann ee säi Kand net an d’extern Betreiung gëtt – net emol, wann e vun der Famill d’Kand versuergt. Souguer d’Elteren, déi se an Usproch huelen, bezuele se indirekt mat hire Steieren.

Dem Staat kascht e Kand, wat ganzdags, an eng Crèche geet, iwwer 2.000 € / Mount.

Déi di schaffe ginn, droe jo och eppes dozou bäi, dass Suen an d’Staatskeese kommen.

Direkt gesot jo, awer déi di bei de Kanner doheem bleiwen, leeschten och hire Beitrag, an hir Kanner sinn och d’Steierzueler vu muer. Déi Eltere brauchen och z.B. keng extern Servicer an Usproch ze huelen, wann hiert Kand krank ass, wat virun allem e ganz grousse Problem bei elengerzéienden Elterendeeler duerstellt, déi sech net ëmmer op d’Grousselteren oder aner Leit an hirem Ëmfeld stäipe kënnen. Kanner, déi an d’Crèche ginn, gi méi heefeg krank, well se mat ville Viren a Bakterien a Kontakt kommen, an hiren Immunsystem nach net esou ausgeräift ass. Wa se mi grouss sinn, huet hire Kierper eng mi staark Immunitéit. Vill Kanner bauen déi op, och wa se a keng Crèche goungen, a sinn ab engem gewëssen Alter méi resistent. Aner Crèchekanner sinn emotional duerch di Friemebetreiung esou op der Kopp, dass si mat vill Kranksinn reagéieren – onbewosst.

Zeréck zum Punkt: Elteren, déi also keng Plaz an enger externer Infrastruktur an Usproch huelen, komme selwer fir déi Käschten op, bezuelen selwer fir d’Mëttegiesse fir hiert Kand, … also spuert de Staat op där Plaz nees Suen. Wann d’Kanner mi spéit an d’Schoul ginn, kinnten déi Elteren, z.B., eng Deelzäitaarbecht ufänken. >>

Petitioun: Finanziell Ennerstëtzung vum Staat fir Elteren:

https://www.petitiounen.lu/de/petition/1878?fbclid=IwAR1zjG7GrIsZTJanye50riAVvn9PcA-quJrSZYEYcFyFOsLF2v1RUNREkVs

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *