Masken an der Schoul, Schnelltester, 2x /Woch, eng permanent Onsécherheet, wéi laang musse mer nach nokucken? Wéi laang kucke mer nach no, wéi schwaach an onglécklech eis Kanner ginn? Wéi laang kucke mer nach no, wéi d’Familljen, a permanenter Ongewëssheet liewen a net wëssen, wéi mar ausgesäit: mussen d’Kanner a Quarantaine, an Isolatioun oder däerfen se nees an d’Schoul goen? Daërfen se kee méi gesinn? Kee Sport méi maachen? Wéi laang kucke mer nach no, wéi vill Angscht d’Kanner hunn, Angscht krank ze sinn, Angscht unzestiechen? Wéini versti mer endlech, dass se engem enorme Stress ausgesat sinn, wann et heescht „Schnelltest“? A wéini versti mer endlech, dass wann ee positiv getest ass, een net onbedéngt krank ass. E positiven Test weist, dass een de Virus eng Kéier hat, mee ob en ustécht, ob de Mënsch krank ass, oder krank gëtt, dat weist en net un.

A mir maachen d’Kanner, d’Mënschen hei onglécklech, mir dreiwen d’Familljen an d’Onsécherheet an un d’Verzweiflen. An da solle mer gesond ginn? Maache mer esou „staark Kanner“, wéi den Här Minister et ëmmer gäeren hätt? Nee, net op di doten Aart a Weis.

An da musse eppes bedenken: dat, wat d’Kanner an der Kandheet erlieft hunn, prägt sech an hiert Wiesen an. Wien ginn se mar? Wat fir eng Verantwortung ass hei net geholl ginn?

Wéi laang kucke mer nach no, dass di Masken hinnen net gutt doen, dass vill vun hinnen schlecht Loft kréien, dass et hinne schlecht ass? D’Kanner, déi no der Schoul, resp, virun der Schoul an der Maison Relais sinn, mussen dee ganzen Dag eng Mask droen. Et muss een kee groussen Expert sinn, fir z’iwwerleeën, dass dat géint d’Natur ass, dass d’Masken dem Mënsch net gutt dinn. Scho guer net de Kanner, déi enorm vill Sauerstoff brauchen, well se enorm vill ze verschaffen hunn. Scho guer net de Kanner, déi d’Emotiounen vun deem Mënsch vis-à-vis réischt richteg verstinn, wann se dat ganzt Gesiicht gesinn. Si gesinn nëmmen d’Aen, an déi verroden net alles.

An elo kënnt de Kombel: dee leschte Weekend hate mer, op 17.752 Tester, 19 dovunner positiv.

An duerfir, mussen eis Kanner, muss eng ganz Gesellschaft an enger Dauerangscht liewen?

D’Regierung hat de Noutstand ausgeruff fir schnell anzegräifen, am Fall wou duerch d’“Pandemie“, eisen Gesondheetssystem giff riskéieren, zesummenzebriechen. Dat ass absolut net de Fall. An et gëtt duerfir héich Zäit, dass di Mesüren schnell ophéieren, dass mer eise Rechststaat erëmkréien.

Wat mat de Kanner am Moment geschitt, geet einfach ze wäit. Aus gesonde Kanner, ginn abeemol, schwach, depriméiert, ängschtlech Kanner.

Dat ass dat lescht wat mer brauchen. Eng Regierung huet d’Pflicht no senge Bierger ze kucken. Et ass net hiert Recht, eng Gesellschaft nëmmen no enger bestëmmter Krankheet – an dësem Fall ee bestëmmte Virus – ze orientéieren an duerfir sou villes ze zerstéieren.

Et geet einfach elo duer: d’Zuele weisen, dass kee grousse Problem do ass, also ass keng Ursaach méi do fir d’Mënschen nach esou verréckt ze maachen!

Isabelle Schmit-Mines

24.06.2021

Une pensée sur “Et geet endlech duer!!”

  1. Merci fir är kloer Wieder. Bravo 👍
    Ech kann net méi verstoen, dass nach ëmmer sou vill Leit gleewen, dass mer eng geféierlech Pandemie hunn.
    Mee et ass nateierlech vill méieinfach, den offiziellen Narrativen ze follegen, wéi selwer ze denken an eegen Conclusiounen ze huelen, an déi virun allem och nobaussen ze vertrieden.
    Hei am Land gëtt een ëmmer alles, wat schief leeft, durch den „Buschfunk“ gewuer, resp. „hinter vorherhaltener Hand“. Et wier sécher mol
    Interessant offen Gespréicher mat den Ambulancieren an Policebeamten ze féieren, ëm wat sech hir Asätz dat lescht Joer haaptsächlech dréinen.

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *