Muss et ëmmer nees Petitioune ginn fir dat Natierlechst vun der Welt ze froen: bei senge Kanner ze bleiwen,  sech Zäit ze huelen fir mat hinnen ze kuschelen, ze schwätzen, ze laachen, ze spillen, se an d’Liewen eran ze féieren?

Wat awer vun eiser Regierung gefërdert gëtt, ass, dass d’Kanner, dass d’Elteren kaum nach doheem sinn, well d’Elteren di meeschten Zäit un hir Aarbecht gebonne sinn.

Wéi vill Misär, wéi vill Leed, wéi vill Dramen si schonn doduerger entstanen, dass d’Elteren an d’Kanner am Dauerstress sinn, dass keng Zäit do ass, fir een deen aneren z’ënnerstëtzen. Mee kritt eis Regierung dat mat?

Wéi oft héiere mer, dass et ville Kanner net gutt geet, dass se oft an der Schoul net matkommen, wéi oft héiere mer, dass de Niveau weider erofgeet (Lëtzebuerg hat joerelaang e ganz héige Niveau), wéi oft héiere mer vun Jonken, déi an d’Drogen an an d’Kriminalitéit erafalen. Ass da keen, deen sech Gedanken doriwwer mécht, dass d’Kanner, di Jonk, einfach zevill eleng sinn? Dass se eppes Wesentleches vermëssen?

Dann huet eis Regierung ëmmer nei Iddien fir Investitiiounen ze maachen, a Strukturen, a Personal, déi d’Kanner sollen encadréieren. Natierlech ass alles gutt, wat de Kanner hëlleft, mee et gëtt awer villäicht nach en Investissement, wat géif ville Mënschen zegutt kommen: Investitioun an d’Elteren, hinnen d’Méiglechkeet ginn, doheem ze bleiwen an hinnen eng Ënnerstëtzung ginn, well e Kand ze erzéien, ass keng einfach Fräzäitbeschäftegung, mee ass Aarbecht. An dat soll unerkannt ginn, besonnesch wa mer eis drun erënneren wéi d’Familljeministesch ongeféier et esou gesot hat: „All Kand ass eis selwcht Wäert“. Also soll all Kand adequat, no senge Besoine behandelt ginn.

Den Olivier Betz huet sech vill Gedanken doriwwer gemaach a freet an senger Petitioun eng: Finanziell Ennerstëtzung vum Staat fir Elteren“

Ziel der Petition: Déi Mamm oder deen Papp deen sech dozou entscheed net schaffen ze goen mee doheem ze bleiwen fir seng Kanner nieft der Schoul doheem ze erzéien, sollten vum Staat dofier gehollef kréien, finanziell.“

https://www.petitiounen.lu/de/petition/1878?fbclid=IwAR1zjG7GrIsZTJanye50riAVvn9PcA-quJrSZYEYcFyFOsLF2v1RUNREkVs

D’Zukunft vun eise Kanner, d’Zukunft vun eiser Gesellschaft stinn um Spill.

Isabelle Schmit-Mines

16.06.2021

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *