Zäit fir roueg Momenter?

Säit all deene Joeren, wou eis Säiten publizéiert ginn, geet et eis ëmmer nees drëms, dass d’Kanner a Léift, a Gebuergenheet kënnen opwuessen. Dass d’Elteren sech adequat kënnen ëm hir Kanner këmmeren, dass de Kanner sou vill wéi méiglech Stress erspuert bleift, dass d’Kanner mat Freed an am Vertrauen an d’Liewen era kënne goen.

Wéineg Efforten ginn awer gemaach fir di Punkten ëmzesetzen. Eis Regierung gesäit nëmmen hire Programm: d’Kanner an d’Friembetreiung, d’Elteren op d’Aarbecht, wa méiglech de ganzen Dag. Dass doropshin schwéier séilesch Problemer kënnen entstoen, souwuel bei de Kanner wéi bei den Elteren, dovunner schwätzt se net.

Dass doropshin, Kanner, Problemer an der Schoul kënnen hunn, well keen d’Hausaufgaben mat hinne mécht oder d’Schwieregkeeten richteg erklärt : dat interesséiert keen. Et muss ee wëssen, dass 2020, 1.670 Schüler, d’Schoul, ouni Diplom, ofgebrach hunn. Ass dat e gutt Zeechen?

Dass Kanner de ganzen Dag eng Mask mussen droen, obwuel se esou vill Sauerstoff brauchen, well se am Wuesse sinn, an dass et vill vunn hinnen oft schlecht ass, dat  ass egal, d’Haaptsach ass, den Agenda gëtt duerchgeféiert.

Dass d’Kriminalitéit esou an d’Luucht geet, gëtt einfach ugeholl. A wéi vill Jugendlecher spieren sech eleng, wann se nom Lycée heemkommen, an et ass keen do fir se z’empfänken? Wéi vill vun hinnen kënnen doduerger op di schief Bunn geroden?

Den Olivier Betz huet sech all di Gedanke gemaach an d’Petitioun eragereecht:

Finanziell Ennerstëtzung vum Staat fir Elteren“

Et ass net di éischt Petitioun, déi eng Ënnerstëtzung fir d’Elteren freet: et ass e Sujet, deen d’Elteren déif trëfft. D’Elteren mierken ze vill, wéi eng ganz Famill ënner dem Stress leit, a leit besonnesch, well se sech esou eleng spiert.

Mir bieden Iech also, dës Petitioun z’ënnerschreiwen, fir dass eis Regierung endlech agesäit, dass se net um richtege Wee ass, wann se sech net méi Gedanken iwwer d’Wuelbefannen vun de Kanner a vun den Elteren mécht.

Titel der Petition: Finanziell Ennerstëtzung vum Staat fir Elteren

Ziel der Petition: Déi Mamm oder deen Papp deen sech dozou entscheed net schaffen ze goen mee doheem ze bleiwen fie seng Kanner nieft der Schoul doheem ze erzéien, sollten vum Staat dofier gehollef kréien, finanziell.“

https://www.petitiounen.lu/de/petition/1878?fbclid=IwAR1zjG7GrIsZTJanye50riAVvn9PcA-quJrSZYEYcFyFOsLF2v1RUNREkVs

D’Zukunft vun eise Kanner, d’Zukunft vun eiser Gesellschaft stinn um Spill.

Isabelle Schmit-Mines

09.06.2021

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *