E Buch wou een sech als Elteren vun Teenagern erëmfënnt.

Flott ass et, dass d’Silke Neumayer Situatiounen beschreift, déi een als Eltere kennt – an si bréngt et ëmmer nees färdeg, dass mer einfach musse schmunzelen.

Fir d’Elteren ass d’Alldagsliewen mat Jugendlecher net ëmmer esou witzeg an et misst een et fäerdegbréngen, selwer, deen Humor ze hunn, wéi d’Silke Neumayer, an einfach iwwer di vill Situatiounen, déi op een duerkommen, laachen…

Et ass als Elteren stressant, eens ze ginn mat Jugendlecher, déi dauernd mat neien Iwwerraschunge kommen, mat neien Exigenzen, déi onzefridden mat sech a mat der Welt sinn an dat dann och hefteg zum Ausdrock bréngen.

Et ass stressant fir d’Elteren, wann se sech musse froen, ob di nei Gewunnechten, déi hir Kanner elo matheem bréngen, och nach „normal“ sinn – a wéi wäit se se mussen akzeptéieren.

Et ass stressant fir d’Elteren sech ze froen, wat se dann alles bis elo falsch gemaach hunn.

Et ass stressant fir d’Elteren, sech ze froen, ob dat da bal eng Kéier ophéiert.

E Buch, wat een ëmmer nees gäeren bei Hand hëlt, fir sech drun ze erënneren, dass een net eleng an deem Fall ass… an dass eis léif Kanner dës Phas mussen duerchmaachen, eng Phas, déi mir och matgemaach haten… mee dat war awer jo eppes anescht!



Silke Neumayer, geboren 1962 in Zweibrücken, ist Drehbuchautorin für Film und Fernsehen sowie Bestsellerautorin im Bereich Sachbuch und Belletristik. Als Fachfrau fürs Leben gelingt es Silke Neumayer immer wieder mit viel Humor und punktgenauer Beobachtung unseren Alltag einzufangen und ihn so unterhaltsam darzustellen, dass wir uns am Ende schmunzelnd fragen: Woher weiss sie eigentlich, was bei uns so los ist? Silke Neumayer lebt alleinerziehend mir ihrer Tochter in München.

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *