« Alle Menschen werden Brüder, wo dein sanfter Flügel weilt »

Wär net de Rôle vun der EU deene Mënschen, déi sech net wuel spieren an hirer Haut, eng Plaz unzebidden, wou se Hëllef kréien? Dat wär de Mënschen gehollef, mee, net onschëlleg Kanner, duercherneen bréngen, an hinne Informatioune ginn, fir déi se nach net prett sinn.

Natierlech huet d’Welt changéiert. Mee, haut gëtt esou villes op d’Kopp gestallt, wat fir de Mënsch eng Stabilitéit war a wat dem Mënsch, an sengem Ënnerlëchsten trëfft.

D‘Fra soll net méi ofhängeg vum Mann sinn, mam Resultat, dass vill Fraen obligéiert sinn schaffen ze goen, an doduerger hir Kanner, mussen friembetreien ze loossen. Keen vun eisen groussen Denker ass sech bewosst, wat fir ee psychologeschen a physesche Misär, déi Situatioun fir vill Mammen, Kanner an och fir Pappen bedeit.

Vun Stereotype gëtt esou vill geschwat. Ass et e Stereotyp, wann e klengt Meedchen, Mamma spillt, wann eng Mamm mat hirem ganzen Häerz Mamm ass? Vill Meedercher sinn, Educatrice, Léierin, villäicht eben, well se dat „Bemuttern“ schonn mat op de Wee kritt hunn? Firwat däerf eng Fra net méi eng gewëssen Sensibilitéit hunn? Firwat muss eng Fra elo eng Power-Fra spillen? Firwat musse mer beemol all gläich sinn? Kënne mer net acceptéieren, dass Mann a Fra complémentaires sinn?

Mee wat gët net gefërdert? De Sënn fir d’Schéinheet! D’„Ode an die Freude“ beréiert ganz vill Mënschen. Also, ass eppes ganz déif an eis bannendran: an dat heescht Schéinheet. Schéinheet ass e natierleche Besoin vum Mënsch. Schéinheet an der Konscht, an der Musék, an der Poesie, an der Molerei, am Schwätzen, an – an eise Gedanken. Wann de Sënn fir d’Schéinheet nees géif gefërdert ginn, wären d’Kanner, wären d’Mënschen méi roueg, méi harmonesch, bricht de Respekt net forcéiert ze ginn, mee e wär eng natierlech Konsequenz.

Freude, schöner Götterfunken…!“

Wou bleift d’Freed, wann sou villes forcéiert an deforméiert gëtt ?

Loosst de Kanner hir Onschold, hiert fräit Laachen, belaascht se net mat Sujeeën, fir déi se nach net prett sinn.

Isabelle Schmit-Mines

11.05.2021

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *