War de Wonsch dann net, Kanner dierfen ze kréien, schaffe kënnen ze goen, ouni d’Kanner mussen „ofzeginn“, dass si am Familljenalldag vill ze kuerz kommen? Déi ongläich Opdeelung vun der Zäit (Famill – Aarbecht), déi eng Famill am Dag huet, ass et nämlech, déi eng ganz Famill belaascht, oder och an zwee rappt. D‘Konsequenze vun der Entwécklung säit deemools, mat der Majoritéit vun de Fraen um Aarbechtsmaart sinn: exorbitant Präisser vun de Wunnéngen (den Ament kommen 2 Paien eran, „da kënne se den décke Prêt och bezuelen“), heefeg e schlecht Gewësse gemaach ze kréien wann ee Kanner kritt/huet, Virwërf gemaach ze kréien, net flexibel oder present genuch op der Aarbecht ze sinn – oder ëmgedréint net genuch fir d’Kanner do ze sinn – an heefeg als Fra d’Gefill ze hunn et ni gutt genuch ze maachen (e Gefill dat wuel och ville Männer an där Konstellatioun bekannt ass).

Vun den Elengerzéienden net ze schwätzen, hautdesdaags ginn der vill ganzdags schaffen, gesinn hier Kanner just nach wéineg, an hunn trotzdem kaum nach Sue fir z’iwwerliewen – an de Modell hëlt zou, bei de Mamme wéi bei de Pappen, wat beweist, dass eppes faul ass an där „Onofhängegkeet“.

An d’Kanner bezuelen de Präis, andeems se ganz fréi an eng Friembetreiung musse goen, a spéider eventuell laang a vill an eng Maison Relais, ob se wëllen oder net.

D‘Geschichten, déi mer verkaf kruten, vun der Vereenbarkeet tëschent Kanner kréien a Sue verdéngen, ass an där Ausféierung wéi se erzielt gouf, eng Ligen. Op allefalls wann et dem Zil vun der Regierung no geet, dass d’Majoritéit vun de Fraen ganz soll schaffen. Eng Mamm, déi 75-100% zeréck schaffe geet, kann net och 75-100% fir e Kand/Kanner do sinn.

Eis Regierung huet villes ëmgesat, wat d’Wichtegkeet vun der Mammeroll (a spéider d’Papperoll) erofgesat huet. Si gëtt den Elteren de globale Message, dass all Kanner doheem, manner gutt Chancen fir hiert Liewen kréien, am Verglach wéi wann se an d’ „Fréifërderung“ vun enger Crèche ginn – dëse Prejugé ka sécher fir verschidde Famillje gëllen, wou Kanner vernoléissegt ginn oder spezifesch Problem hunn, mä awer net fir all Famill. >>

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *