An t’ass bei wäitem nach net alles gesot, zu de Saachen, déi ënnert dem Numm vun der „Chancëgläichheet“ oder eben de „Fraerechter“ verännert goufen, an iwwer d’Zil erausgeschoss goufen. En aktuellt Beispill ass dat mat Diskussiounen iwwer „Mënschemëllech (amplaz Mammemëllech)“, fir op kee Fall ee Geschlecht ze bevirzéien (oder ze diskriminéieren).

Da froe mir eis: sinn d‘Leit sech iwwerhaapt nach bewosst wat et heescht Mann oder Fra ze sinn? Si se sech bewosst, dass et anatomesch, hormonell, emotional Ënnerscheeder ginn, an dass béid Geschlechter net kënne GLÄICH sinn?!! Well déi Ënnerscheeder ganz natierlech sinn, wat net heescht, dass deen een oder aneren schwaach ass, oder zu eisem Thema: méi schlecht am Ëmgang mat de Kanner?!

D’Zauberwuert heescht Ergänzung! Kee muss/brauch permanent op gläichem Niveau wéi de Partner sinn. Jidder Geschlecht a jidder Mënsch huet seng Vir- a Nodeeler, an och seng Rollen, sou ass et souguer vun Natur aus virgesinn.

Aller Gläichberechtegung zu Léifst, et sinn ëmmer nach d’Fraen, déi d’Kanner kréien. A Männer déi se an hirer Papperoll ënnerstëtze kënnen.

Wa mer eis déi Punkte virun d’Ae féieren, soe mer eis: gitt de Fraen de gläiche Salaire wéi de Männer, wa se schaffen, well den Ënnerscheed mam Salaire tëschent Mann a Fra ass och hei am Land nach ëmmer grouss. Sou falen d’Renten deemno ganz ënnerschiddlech aus. Wéi wär et dann, wann och deen, dee beim Kand bleift, als « aidant informel » géif unerkannt ginn? Wéi wär et dann, wann de Staat, eng Zäitchen, en Deel vun de Cotisatiounen fir d’Pensiounskeess géif iwwerhuelen?

Gitt hinnen hier verdéngten Unerkennung wann se sech mat Häerz a Séil der Kannererzéiung widmen. Gitt hinnen Hëllef un d’Hand, wa se sproochlech Problemer hunn, oder awer Ënnerstëtzung, wa se Problemer mat hire Kanner hunn. Gitt hinne Flexibilitéit an der Aarbechtswelt, dass se Aarbecht a Famill reell ënnert een Hutt kréien, et géif jidderengem zerguttst kommen.

Halt op domat, Männer a Frae wëlle gläich ze maachen, well dir zerstéiert dat Wäertvollst wat et gëtt! Loosst hinnen hier Ënnerscheeder, well dat ass dee Cadeau, dee mir als Mënsche mat op de Wee kruten. Mir all dierfen eis Roll fannen, eis eleng entwéckelen, a wann et méiglech ass, zu Zwee ergänzen.

Yin a Yang sinn och 2 verschidden Deeler, déi ZESUMMEN 1 erginn. Gitt de Männer AN de Fraen hier Valeur, Unerkennung a wäertvoll Stellung an der Gesellschaft als Mammen a Pappen, dann hu mer eng zukünfteg Generatioun, déi staark gëtt an op déi mir opbaue kënnen! Do wou erkannt gëtt, dass jidderee Stäerkten a Schwächten huet, wou se zougelooss ginn a wou probéiert gëtt, deen aneren z‘ënnnerstëtzen, do ass de Punkt fonnt, wou mer zesumme weiderkommen. Gitt de Fraen de Choix, dass se fir hier Kanner dierfen do sinn, wann se sech fir eng Familljegrënnung entscheeden. Ënnerstëtzt si an all Choix, well de Kanner hier Basis an der Famill muss stabil sinn, domat se spéider op feste Been stinn. Gitt de Patronen Ënnerstëtzunge wéi z.B. Steiervergënschtegungen, wa si Elteren am Deelzäit hunn (an 1 Posten mat 2 Leit besetze mussen well béid hallefdaags schaffen). Mat enger offener Astellung fënnt jiddereen nees de Wee zeréck an d’Beruffswelt, wann e wëll, a bei Bedarf e bëssi Ënnerstëtzung kritt. A wann ee bei de Kanner doheem bleiwe wëll, gëtt et och sou munch Méiglechkeet, dass deen Elterendeel net mat eidelen Hänn do stoe muss, wann e verlooss gëtt oder an de Rentenalter kënnt.

Mir acceptéieren dee schlechten Image net, deen d‘Politik deenen Eltere wëll opdrécken déi fir hier Kanner wëllen doheem bleiwen, mir acceptéieren net d’Ënnerstëtzung vu just engem eenzegen Modell vun der Kannerbetreiung, a mir wëllen endlech eng familljefrëndlech Familljepolitik, déi all Famill ënnerstëtzt a respektéiert.

Méi Elteren, manner Staat

* D’« Allocation d’écucation » hunn d’Mammen, déi net geschafft hunn, während 2 Joer kritt.


Liest och:

Iwwerleeungen zum „Internationalen Dag vun der Fra“

Iwwerleeungen zum „Internationalen Dag vun der Fra“ (2)

Firwat sinn di Elengerzéiend esou benodeelegt? Den Appel vum Collectif monoparental

Ass et wierklech den Zweck, d’Männer nozemaachen? Update Liebe“ vum Tom Kraus

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *