« Muttertier: eine Ansage » vum Birgit Kelle

« Es ist nicht nur meine Wut, sondern auch die von Tausenden von Müttern, die mir ihre Lebensgeschichte erzählt und geschrieben haben… Denen man Verstand und Intellekt abspricht, weil sie lieber Kinder großziehen, als Vorstände zu stürmen.. »

Jo, et ass Wut am Birgit Kelle hirem neie Buch.

Well d’Mammen hir Kanner wëllen schützen virun deene groussen Mächten, déi elo d’Soen hunn an der Erzéiung vun eise Kanner. Well se revoltéiert sinn, dass alles gemaach gëtt, fir dass kleng Kanner ëmmer méi fréi vun hirer Mamm getrennt ginn. Well een sech als Mamm eleng spiert. Well d’Wiesen vun enger Fra, d’Wiesen vun enger Mamm net méi verstane gëtt. Well ignoréiert gëtt, wat fir eng Bedeitung d’Mamm fir e Kand huet. Well ignoréiert gëtt, wat eng Mamm an hirem Häerz spiert, well d’Léift anscheinend Zäitverschwendung ass. Well d’Mamm net méi respektéiert gëtt.

D’Politik léisst d’Mammen eleng, well fir si, d’Fra nach just als Aarbechtskraft gesi gëtt. An och eng Bewegung, déi eng Kéier sollt fir d’Rechter vun der Fra kämpfen, huet se och am Stach gelooss.

Di Bewegung setzt sech weder fir d’Fra un sech, nach fir d’Mammen an.

Wéi soll se dann och? Well d’Basis vun där ganzer Bewegung geet op eng Fra zeréck, déi keng Kanner wollt hunn an d’Mamm nach just als « Bruthenne » qualifizéiert huet: d’Simone de Beauvoir. Déi Fra soll also de Modell sinn, fir d’Fraen an d’Mammen: « Mais, ça ne tient pas debout », géif de Fransous soen.

Nee, eleng si mer, a schlëmmer: et gëtt nach vill méi Pressioun op d’Fra gemaach: Pressioun, dass mer op den Aarbechtsmaart gedrängt ginn, Pressioun fir ofzedreiwen, well anerer fannen, de Moment, e Kand ze kréien, wär net dee richtegen. An dann, d’Pressioun fir d’Leihmutter. Och wann se eng Kéier, mam « Kontrakt » d’accord war, wann awer de Bebé bis do ass, ass d’Léift vun der Mamm fir de Puppelchen méi staark. Dat interesséiert awer keen, an de Bebé geet un déi Leit, déi e bestallt hunn. Ass dat net, wat ee Mënschenhandel nennt?

An enger Gesellschaft, wou een sech muss « politesch korrekt » ausdrécken, gëtt et villes, wat een net méi soll soen. Awer d’Birgit Kelle hëlt kee Blat virun de Mond.

Ass e Papp elo eng nei Mamm? Ass eng Educatrice eng nei Mamm?

Ginn d’Mammen elo einfach esou ersat? Awer: e Kand weess ganz genee, wien seng Mamma ass, et ass, seng Mamma, déi e rifft, wann en sech wéi gedoen huet, seng Mamma, bei där en sech gebuergen spiert, seng Mamma, déi en stolz deenen anere Mënschen presentéiert.

Och, wann d’Birgit Kelle vill vun der Mamm schwätzt, spillt de Papp natierlech eng ganz wichteg Roll am Kand sengem Liewen. Mä, hien ass anescht! E Papp ass en anere Modell fir d’Kand, setzt aner Prioritéiten, spillt anescht, weist dem Kand aner Saachen am Haus, dobaussen.

Et ass Wut, mä och Trauer, am Birgit Kelle hirem Buch.

Trauer, well dee schéinen, dee wonnerbare Cadeau, dee mir als Mamm kréien, bal an d’Lächerlecht gezu gëtt.

Dem Birgit Kelle hiert Buch ass e Plaidoyer fir d’Fra, fir d’Mamm a gëtt eis Mammen, Courage, eise Kanner all Dag, op e Neitst dat ze ginn, wat se am dréngensten brauchen: Léift, Zäit.

Wann een d’Buch zou mécht, weees een bal net méi wou een drun ass, well d’Birgit Kelle weist och däitlech wat alles zerstéiert gëtt, wann mer néierens méi Limiten hunn.

Mir kënnen nëmmen hoffen, dass der Gesellschaft endlech d’Aen opginn, an dass eng nei Richtung ageschloe gëtt, well dat, wat elo geschitt, deet kengem gutt.

An hirem Buch « Muttertier », wëllt d’Birgit Kelle eis eng Warnung ginn, wouhinner eng Gesellschaft histeiert, wann keng Mamm méi richteg do ass, wann d’Mamm net méi present ass. Si gëtt eis eng Warnung, wat eng Gesellschaft verléiert, wann se d’Mammen verléiert.

« Dass man uns als Mütter aus dem Haus treiben will, und unsere Kinder als Säuglinge direkt gleich mit, in fremde Hände schickt, ist deswegen ein Angriff auf das, was das Fundament unserer Gesellschaft ausmacht: die Familie. Es ist die Axt, die an die Wurzel angesetzt wird.« 

Isabelle Schmit-Mines

D’Buch « Muttertier, eine Ansage » vum Birgit Kelle, ass am Fontis Verlag erauskomm.

Une pensée sur “« Muttertier: eine Ansage »”

  1. Wann d’Elteren zu zwee de ganzen Dag mussen schaffen, sinn si Owes och zimlech « kapott », wéi een esou seet, an dann ass d’Motivatioun, d’Kanner nach ze erzéien, relativ kleng… wat natierlech keng Excuse dierf sinn. Vill Leit iwwerléen sech net am Viraus, wat et bedeit, e Kand ze hunn an ze erzéien. Si verloossen sech dann bei der Erzéiung op aner Leit, denen hir Aufgab et awer net ass. De Schoulmeeschter soll mat de Kanner léieren, se net mussen erzéien.
    An den Crèchen an an de Foyeren kommen d’Kanner einfach net zur Rou.. .och wann d’Personal sech Méi gëtt. Streidereien, déi an der Schoul ugefaangen hunn, ginn am Foyer Scolaire weidergefouert. D’Kanner sinn oft ëmmer mat deenen nämlëchten anere Kanner zesummen. Bessen Distanz géing hinnen awer och gutt doen.
    Bei Jugendlechen denken ech, sinn déi sozial Medien och u Villem Schold… do streiden déi Jonk dann iwwer Facebook weider… oft gëtt de Smartphone och als Babysitter benotzt, och schons bei klenge Kanner, dat kann een iwwerall observéieren.
    Am Allgemengen fannen ech, dass de Respekt an d’Manéieren an all Domän ufänken, staark nozeloossen, an dat schon zënter Laangem. D’Basis muss do awer am Elterenhaus geluecht ginn. Natierlech geet dat och nëmmen, wann d’Elteren Zäit hunn. An wann se déi Zäit hunn – et ginn jo och nach e wéineg privilégéiert Leit, och wann et der net vill sinn – dann mussen se déi Zäit och verwenden, fir hire Kanner déi elementar Liewensregelen bäizebrengen, an hinnen se och selwer virliewen…
    Leider gesinn ech a mengem Ëmfeld vill Familljen, déi tatsächlech mussen schaffen, vir iwwer d’Ronnen ze kommen – a wann se dann Zäit hätten, de WE zum Beispill – dann verbréngen se déi awer net sënnvoll mat hire Kanner. D’Kanner ginn virun déi sozial Medien « geparkt » vir dass d’Elteren hier Rou hunn… mam Argument, dass si jo d’ganz Woch schaffen an hir Fräizäit och verdéngt hunn asw.
    Ech denken dohier, dass all d’Problemer zimlech zesummen hänken.

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *