Theorie a Praxis

Obwuel d’Ofdreiwungsgesetz vun 1978 ausdrécklech eng preventiv Sexualerzéiung virgesinn huet, ass dëse Volet iwwer Joerzéngte kaum applizéiert ginn, et sief dann Biologie- oder Reliouns/Moral-enseignanten hunn eegen Initiativen ergraff.

Dat huet sech radikal geännert, wéi vun uewen erof international Gremien sech dësem Thema ugeholl an et an d’Länner erageschleist hunn. Bei eis zerguttstert zënter ronn siwe Joer.

Am Beräich vun der « éducation sexuelle et affective » ass an der westlecher Welt scho méi laang eng « révolution tranquille » am Gaang, déi hir Wuerzelen besonnesch an der 68er Bewegung huet. D’Strategie ass gewëtzt. Et soll sou ausgesinn, wéi wann déi sougenannt „Standards“ (sic) fir d’Sexualerzéiung vun der WHO eng absolutt Selbstverständlechkeet wieren, déi weltwäit, mir näischt dir näischt, „implementéiert“ ginn.

Natierlech gëtt et hei muenches, woumatt ee kann d’accord sinn (op d’mannst wann hannert de Wierder sech näischt verstoppt wat se eigentlech net heeschen), mee dat Positivt gëtt mat deem héich Kontestablen esou vermëscht a verstréckt, datt et schwéier ass, de Kuef vum Weess ze trennen. Bemierkenswert: fir all Altersgrupp vun 0 bis 18 Joer sinn Informatiounen, Kompetenzen an Attitüden fir eng « éducation sexuelle participative, interactive et continue » ausgeschafft ginn. Top down soll also quasi all Altersgrupp sexualiséiert ginn. Soi-disant, well duerch di sozial Medien d’Kanner jo souwisou andauernd drop gestouss géifen, an et drëms géing, dësen onkontrolléierte Konsum a gereegelt Bunnen ze lenken (Sou krut ech an enger Diskussioun gesot).

All Liewesweis, all sexuell Orientéierungen a Praxissen (et gëtt der anscheinend bis zu 100), egal ob se eppes mat Léift ze dinn hunn oder net, si richteg a gutt soulaang déi Implizéiert (zwou oder méi Persounen mateneen) averstane sinn. Also geet et am Sënn vun der Autodeterminatioun drëms, datt keen zu eppes gezwonge gëtt wat en net wëll. Dat ass déi wichtegst Valeur, déi de Kanner scho ganz kleng bäibruecht, an suguer konkret geübt gëtt (Dokterspiller, Kuschelen, jo suguer „Informatioun“ iwwer Masturbatioun ab 4 Joer). Ob d’Kanner herno nach wëssen, wat se solle wëllen a wat net, besonnesch wann se schéi geschwat kréien, woen ech ze bezweifelen.

André Grosbusch

Stëll Revolutioun an der Sexualerzéiung“. >>

 

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *