A wann si dat nach 100x behaapten…

Meng kleng Enkelin, Sandra, huet elo just 1 Joer kritt.

Virun der Krise war d’Sandra hallef Deeg an der Crèche, wou et och gutt betreit gouf.

Mä, wann, Moies, meng Duechter hatt dohinner bruecht huet, huet et hir esou déck gedoen, dat Klengt do ze loossen, nozekucken, wéi et gekrasch huet.

Duerch d’Krise, huet meng Duechter elo d’Chance, am Télétravail ze schaffen, an si kann sech gutt mat hirem Mann arrangéieren, wéini, wien, sech ëm d’Kand këmmert.

Wat e schéint Gefill!

Wat e schéint Gefill, net méi Moies, dat Klengt ofzeginn, wat e schéint Gefill, Moies kee Stress ze hunn, wat e schéint Gefill den Alldag mam Sandra deelen, wéi si all eenzel Etapp vum Kand kënnen mat novollzéien.

D’Sandra entwéckelt sech esou schéin, hatt ass e frout Kand, hatt ass frou wann een mat him spillt, bréngt et awer ganz gutt fäerdeg, sech eleng ze beschäftegen.

Wat ech wëll heimadder soen: d’Crèchen hëllefen mat Sécherheet de Kanner, mat anere Kanner ze spillen a kleng Kollegen ze hunn. Si léieren Saachen, déi se doheem net hunn.

Mä muss dat sinn, wann d’Kanner esou kleng sinn? Wann se géifen vun 1 1/2 – 2 Joer un friembetreit ginn, géif dat net duergoen?

A wann d’Ministesch 100x seet, d’Fraen géifen an d’Aarmut gedrängt ginn, wann se net schaffen, misst se och emol kucken, wéi d’Kanner sech spieren? An och wéi d’Mammen sech spieren, wann se hire Bebé net vill gesinn?

Et gëtt och Mammen, déi gäere Mamm sinn an, amplaz hinnen ëmmer nees Angscht ze maachen fir hir eegen Zukunft, wär et ubruecht aner Léisungen ze fannen. Wéi z.B., d’« allocation d’éducation » nees anzeféieren oder soss de Mammen eng Indemnitéit ze ginn, wann se sech wëllen eng Auszäit huelen.

D’Krise huet jo och gewisen, dass den Télétravail maachbar ass fir verschidde Beruffer. An dat ass och eng Méiglechkeet, fir de Stress ze reduzéieren.

Wat op alle Fall muss endlech ophéieren, dat ass, all Mamm wëllen, per force an de Beruff erandrängen ouni di aner Säit vun der Medaille ze kucken.

An och wann 100x gesot gëtt, de Congé parental wär jo do: deen hëlt den Elteren den alldeegleche Stress net ewech, deen hëlt d’Trauregkeet net ewech.

Alexandra

03.06.2020

Une pensée sur “A wann si dat nach 100x behaapten…”

  1. Merci dem Alexandra fir säi Bäitrag: « A wann se dat nach 100X behaapten »
    Bis d’Politiker sech éierlech ëm d’Wuel vun eise Kanner beméien, kann eis d’Zäit nach laang ginn.- De Covid huet eis gewisen, dass « Télétravail », wéinstens a verschidde Beruffer eng Méiglechkeet ass, fir méi doheem bei senge Kanner ze sinn; an dass de Mann och d’Méiglechkeet ka kréien, fir bei senge Kanner ze sinn.- Wann de Congé Parental géif ausgebaut ginn- mamm Iwwerschoss vun de Crèchen a Relaisen, wa méi Kanner doheem kënne bleiwen; ma dat passt wéi et schéngt net an der Koalitioun hir Ideologie: Wann si net wëllen, dann ass näischt ze maan . . .

Répondre à Michel A. MATHIAS Annuler la réponse

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *