Mutter-Kind-Bindung

An engem Artikel hunn ech gelies, datt am Münsterland, eng Mëllechbauerefamill, hir Källefcher no der Gebuert net méi vun der Kou trennt, an si sech ëm hir Källefcher këmmere kann.

Ah, kuck elei! Wat ass d‘Resultat? Et geet hinnen all besser! Si si méi zefridden, méi gesond a manner ufälleg fir Krankheeten.

Ma dat ass dach vëlleg normal, an et läit an der Natur, datt een e Klengt net vu senger Mamm trennen däerf.

Wat fir d‘Déieren zielt, gëllt natierlech emsou méi fir de Mënsch.

Leider gesäit Gambia dat net sou, an déi Gréng interesséieren sech héchstens fir d‘Ëmwelt, wärend se géint déi mënschlech Natur handelen.

Statt d‘Famill z’ënnerstëtzen, an domat dem Kand e gemittlecht Doheem an déi iwwerliewenswichteg Mamm-Kand-Bindung ze erméiglechen, geet et hinnen drëms, d‘Kand méiglechst fréi vu senger Mamm ze trennen, a Friemen ze iwwerloossen.

Wat d‘Folgen dovu sinn, wäert d‘Zukunft weisen, mee dann ass et leider nëmme schwéier, et nees gutt ze maachen…

Marie-Andrée Faber

17.12.2020

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *