Chrëschtdag – an dëst Joer? Suguer an eiser rationeller Welt, huet Chrëschtdag nach ëmmer eng extra Bedeitung, do ass eppes Magesches, eppes Mysteriéises dran.

Chrëschtdag ass anescht wéi di aner Fester. Et ass dat Fest wou mer – gleeweg oder net – eppes an eis spieren, eng aner Dimensioun.

Eppes Exceptionelles kënne mer, dëst Joer e puer Deeg viru Chrëschtdag, erliewen: e Méindeg, den 21. Dezember, kënne mer e Phenomen gesinn, wat nëmmen seelen geschitt: di 2 gréisste Planeten (Jupiter a Saturn) sinn esou no beieneen, dass ee mengt, et wär een eenzegen, helle Stäer. Dëse Phenomen, genannt « la grande conjonction », kënne mer observéieren, wann den Himmel kloer ass, mat bloussem An oder mat engem Teleskop, an am beschten just wann d’Sonn ënnergaangen ass, am Horizont Sud-West. Et ass schonn derwäert, well di next Conjonction ass: am Joer 2080.

Et ass ëmmer e wonnerbare Moment, mat de Kanner e Stäerenhimmel ze kucken, an sech bewosst ze sinn wéi grandios eisen Universum ass, esou wonnerbar organiséiert, do huet een einfach Ehrfurcht, do gëtt een sech bewosst, wat d’Liewen fir eng Bedeitung huet.

Chrëschtdag, Neijoerschdag, di 2 Festdeeg, wou mer meeschtens, eis Suergen vergiessen, 2 Festdeeg wou mer nees Hoffnung schöpfen, op eppes Besseres.

Chrëschtdag 2020 gëtt net wéi di aner Joeren. Keng grouss Familljefester, mee, dann emol, eng méi roueg Stëmmung, eng Stëmung, déi Raum léisst, fir d’Gespréich, fir Erliefnisser ze deelen, fir iwwer dat ze schwätzen, wat d’Kanner beweegt. Bei engem gemittlechen Iessen, ginn et esou vill Méiglechkeeten. Als Elteren wëllt ee jo och senge Kanner eppes mat op de Wee ginn, wat se beréiert, a wat hinnen eng Richtlinn an hirem Liewe gëtt. Ob et ëm eng spirituell Educatioun geet, ass jidderengem iwwerlooss – et geet ëmmer ëm di mënschlech Relatiounen. >>

Une pensée sur “Chrëschtdag – an dëst Joer?”

  1. « Qu’ils sont beaux ces gens qui portent toujours un rayon de soleil dans leur cœur, qui savent sourire même dans les moments les plus sombres, qui aiment la vie malgré tout. » (Maria Rosaria Montesarchio)

Répondre à Isabelle Schmit Annuler la réponse

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *