No der Gebuert vum Puppelchen : di ambivalent Gefiller

Rar sinn di Mammen, déi dovunner wëlle schwätzen, si fäerten e Bild ze ginn, dass se eng schlecht Mamm sinn, déi net frou mat hirem Bébé ass.

Si fillen sech eleng…

Et sinn ambivalent Gefiller, déi eng frëschgebuere Mamm mat sech dréit: op där enger Säit de Puppelchen, mat deem se esou frou ass a fir deen se och, souzesoen, Dag an Nuecht do ass – an op där anerer Säit: „an ech, wou sinn ech dann, als Persoun“?

Di amerikanesch Psychiaterin, Dr Alexandra Sacks, nennt deen Zoustand « matrescence » bal wéi « adolescence ». Si huet et esou definéiert: Mamm ginn ass eigentlech dat selwecht wéi an d’Pubertéit kommen. An der Adolescence huet de jonke Mënsch jo och Gefiller, déi en bis elo nach net kannt huet, Gefiller, déi en net ka richteg definéieren. D’Gefiller schwanken tëschent der Freed, „grouss“ ze ginn an awer och di Onsécherheet, wéi d’Liewen dann elo weider geet. Di Onsécherheet, di Angscht, sech net méi erëm ze erkennen, net wëssen wéi ee reagéiere soll, net ze wëssen, wat een elo erwaart, ass ganz present. A keen huet de jonke Mënsch drop virbereet.

Sou ass et och, wann eng Fra, Mamm gëtt: di kontradiktoresch Gefiller, tëschent dem grousse Gléck, Mamm ze sinn an di Onsécherheet, dass näischt méi sou ass wéi virdrun. A ni huet e Mënsch dovunner geschwat.

Jo, well eng Mamm – sou frou se ass mat hirem Puppelchen – weess jo och, bei sech bannendran, dass se net nëmmen Mamm ass. Si ass Partnerin, si huet Frënn, si huet eventuell e Beruff. Jo, an si huet och emol de Besoin, sech zeréckzezéien, an eleng a roueg ze sinn, fir ze liesen oder a Rou eng Aarbecht ze maachen.

Di meeschte Mammen trauen sech awer net, dat ze soen an bleiwen mat hirer Ambivalenz eleng.

D’Dr Sacks seet et awer ganz däitlech: „Genéiert Iech net, Dir sidd net krank oder anormal, dat huet och näischt domadden ze dinn, dass Der net frou sidd, mat Ärem Bebé. Dir hutt jo nach Talenter, déi wëllen eraus, dat ass keng Schan. Mä schwätzt driwwer, bleift net eleng mat Ärer Ongewëssheet, dat verschlëmmert d’Saach nach just“.

Eis Kultur muss verstoen, dass et, fir eng Frau, e grousse Changement ass, wann se Mamm gëtt. Et ass eng Transitiounsphas tëschent deem, wéi se virdru war, a wéi se elo, mat der Maternitéit soll eens ginn. Selwer versteet si et kaum, wéi sollen di Mënschen ronderëm et da verstoen? An duerfir invitéiert d’Dr Sacks, iwwer d’Matrescence ze schwätzen – dann ass et keen Tabuthema méi. Dann ass e Schrack gemaach fir d’Mammen besser an hirer Ambivalenz ze verstoen.

« Quand vous préservez une partie distincte de votre identité, vous laissez de la place à votre enfant pour qu’il développe la sienne. » (Source: „TED“: A new way to think about the transition to motherhood; mai 2018)

Isabelle Schmit-Mines

09.12.2020

Liest och:

Un d’ Enseignants an d’Educateuren / d’Educatricen, hei zu Lëtzebuerg:

Et ass de Bréif vun engem Schoulmeeschter un d’Regierung:

https://nues-am-wand.lu/an-alle-im-groβherzogtum-luxemburg-arbeitenden-lehrer-lehrerinnen-erzieher-und-erzieherinnen/?fbclid=IwAR28HHIjUrWhUussgQR3FJssKPPNd0ZEaT4_50_4PqC9S3FQFjwKWMgV0io

———————————–

Iwwerleeungen zum Welt-Kannerrechtsdagvum Marie-Andrée Faber

 

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *