<< E Recht op Affektioun steet ganz kloer an der Conventioun. Léift ginn, Affektioun vermëttlen, heescht, de Kanner weisen, dass se wichteg fir eis sinn, dass mer se verstinn, dass mer eis fir si interesséieren. An duerfir ass d’Zäit esou e wichtege Facteur.

Wéi kann een dann, Dag fir Dag, e « climat de bonheur, d’amour et de compréhension » schaafen, wann de Stress d’Elteren iwwerhëllt, wa kee méi Zäit, ee fir deen aneren huet, a wann een sech doduerger auserneen lieft?

Sou sot et den Gilbert Pregno, Psycholog: „Haut hu mer esou vill Kanner, déi emotionell erhéngert sinn“.* (* Radio 100,7, 21. September 2018).

Gitt de Kanner d’Elteren zeréck“ froe mer ëmmer an ëmmer. Dass d’Elteren net méi obligéiert sinn, de ganzen Dag fort ze sinn vun hire Kanner.

Elo, wou mer wëssen, dass bei ville Kanner eppes schief leeft, misst dach endlech Alarm geschloe ginn, an un der Basis geschafft ginn.

« Tout individu a droit à la vie, à la liberté et à la sûreté de sa personne » : Dat ass besonnesch an eiser Zäit esou wichteg, wou den Avortement als Banalitéit ugesi gëtt, an, wou am Moment, eis Fräiheet ageschränkt ass a mer net wëssen wéi et weidergeet. Vill Mënschen hunn hiert Liewen gelooss fir eis Fräiheet: déi däerf net op d’Spill gesat ginn.

Vill Mënschen hunn hiert Liewen gelooss fir eis Fräiheet: déi däerf net op d’Spill gesat ginn. D’Fräiheet ass net en Acquis, dee mer ee fir alle Mol hunn. Et ass un eis, eis ëmmer nees vu Neiem, eis duerfir anzesetzen. An dat gëllt och, wann et ëm d’Wuel vun eise Kanner geet.

Isabelle Schmit-Mines

18.11.2020

————————————————————-

Liest och:

Grousselterendag“ vum Marie-Andrée Faber

Veillée de prière pour la vie naissante, e Méindeg, den 30. November

Une pensée sur “Recht op Gebuergenheet (2)”

  1. Am Artikel 7 vun der Uno-Kannerrechtskonventioun, déi och vu Lëtzebuerg ratifizéiert gouf, gëtt d’Recht vum Kand festgehal bei sengen Elteren, d.h. bei Mamm a Papp opzewuessen.
    Dëst Recht gëtt rücksichtslos mat Féiss getrëppelt, wa Kanner wéi eng Wuer bestallt ginn, an duerch eng PMA mat engem Friemspender, bewosst a gewollt ouni Papp oder Mamm opwuesse mussen !

    Grad dëst Onrecht soll duerch de Gesetzprojet iwwer d’Filiatioun, dat lo vrum Staatsrot ass, legaliséiert ginn, an dat muss mat alle Mëttele verhënnert ginn !

Répondre à Marie-Andrée Faber Annuler la réponse

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *