(Keng) Hoffnung?

Wéi vill Kraaft brauch e jonke Mënsch, haut, fir voll Hoffnung an d’Zukunft eranzekucken? Di Jonk kréien jo alles mat, an et gëtt hinnen Angscht gemaach, vill Angscht: Klimakatastrophen, Terrorismus, Krich – aa méi no bei eis, Chômage, Loyers, déi net ze bezuelen sinn, an de Combel, elo: „Corona-Generation“ – wou da scho bal eng ganz Generatioun verluer misst sinn.

Kee Wonner, dass si sech da froen, wat fir ee Sënn nach alles huet? Firwat sech midd maachen, wann näischt aneschters méi geschwat gëtt?

Sou verkräichen sech der vill vun hinnen, hannert hiren Smartphone, hir Tablet, a verplemperen hir Energie, a sënnlos, meeschtens aggressiv Videosspiller.

Wéi vill Kraaft, wéi vill Aggressivitéit ginn an déi Spiller gestach – a wéi vill wäertvoll Talenter ginn esou verluer. „Kee Bock“ – dat ass keng Viraussetzung fir an d’Liewen eran ze goen.

Dat kann net de Sënn vum Liewen sinn! Da gesi mer, dass, vu 25 Länner, Lëtzebuerg, dat Land ass, wou di meeschte Suicide sinn. A ganz vill Jonker, drënner. „D’Doudesfäll duerch Suicide vun deenen ënner 26-jährege maachen insgesamt 7,33% aus, vun der ganzer Zuel“ sou sot et d’Madame Paulette Lenert, an der Chamber, den 12. Mee 2020. Wéi vill Trauer, wéi vill Hoffnungslosegkeet mussen déi jonk Leit spieren, fir dee leschte Schrack ze maachen.

Et gëtt gesot, d’Elteren, missten méi mat de Kanner schwätzen – mä dee permanente Stress, deen d’Elteren haut musse matmaachen, déi Onsécherheet, déi och si, mussen oft erdroen, mécht och, dass et esou schwéier ass, déi Momenter vun Dialog nach ze fannen. D’Politiker hunn och hiren Deel vu Responabilitéit ze droen.

Wann d’Greta Thunberg seet: “Dir hutt mir meng Dreem gestuel“, kann een hei och soen, dass di Jonk emol net méi kënnen dreemen, well vun Ufank un, se schonn d’Flemm agetrichtert kréien. Wéi vill Beruffer kenne mer dann, déi z.B. net valoriséiert ginn, déi awer jonke Mënschen, e Sënn an hirem Liewen kéinte ginn? Généralisten gi gesicht, Infirmiers, aide-soignants, gi gebraucht – dat hu mer während der Krise gesinn. Eise Gesondheetssystem ass u senge Limiten ukomm, wat d’Personal betrëfft. Mir brauchen Mënschen aus dem Ausland, déi am Gesondheetssecteur schaffen – mä d’Ausland ass och net frou mat eis, wann der esou vill heihinner kommen! Infirmiers, aide-soignants ginn och gebraucht bei den Servicer „Soins à domicile“, elo wou d’Populatioun méi al gëtt a wou et fir eeler Leit, oft méi agreabel ass, doheem, hir lescht Joeren ze vebréngen.

Et sinn schéin Beruffer, wou een deenen anere Mënschen kann hëllefen – mee si ginn einfach net genuch promouvéiert, si ginn net genuch encouragéiert, vun der Ausbildung hir. An, si ginn net genuch remuneréiert.

Dat selwecht fir d’Handwierk: mir brauchen awer Baueren, Bäcker, Metzler, Elektriker, asw. – wéisou sinn déi Beruffer als mannerwäerteg ugesinn? Wéisou ginn net méi Jonker encouragéiert och esou e Beruff ze ergräifen? Well se kee richtegen Stelleweärt hunn? Sinn déi Beuffer dem Educatiounsministère net wichteg genuch?

Den Educatiounsminister gëtt net fäerdeg ze schwätzen, vun der Wichtegkeet vun der Digitalisatioun. Jo, kee Beruff kënnt ouni Digitalisatioun aus, mä mir brauchen Mënschen, déi nach mat de Mënschen kommunikéieren, wou de Mënsch nach e Mënsch kann an d’An kucken. Mir brauchen Mënschen am Gesondheetssecteur, mir brauchen Mënschen am Handwierk. An do ass och e Bildungsministère gefuerdert.

Ouni Zukunft, ouni Hoffnung ass de Mënsch verluer. A besonnesch di jonk Mënschen brauchen Perspektiven, e jonke Mënsch muss mat Freed an d’Liewen eragoen.

A wat hinnen dobäi hëlleft, ass, lues a lues hir Talenter kennen ze léieren an ze developpéieren. Sech informéieren, virwëtzeg sinn, sech Froen stellen, iwwer d’Liewen, iwwer de Sënn vum Liewen, observéieren – all di grouss Denker hunn d’Natur observéiert an sech informéiert. „Dein Wissen ist Deine Stärke“ seet e Yoga-Lehrer.

All eenzelnen Dag gëtt hinnen eng Chance sech ze fannen – a mir sinn all gefuerdert, si op deem Wee ze begleeden: Elteren, Enseignants, Politiker, Medien.

All eenzelene Schrack, dee mer mat hinne maachen, ass e Schrack op mar zou – an do, hinnen behëllflech sinn, hir Talenter ze entfalen. D’Gesellschaft vu mar hängt vun de Jonken vun haut of.

Recht huet den Dalai Lama, wann en eis warnt, dass mer net egal wat sollen denken:

« Prends soin de tes pensées, elles deviendront des mots,

Prends soin de tes mots, ils deviendront des actions,

Prends soin de tes actions, elles deviendront des habitudes,

Prends soin de tes habitudes, elles deviendront ton caractère,

Prends soin de ton caractère, il deviendra ton destin.

Et ton destin sera ta vie! »

Isabelle Schmit-Mines

09.11.2020

Liest och:

Ech schwätzen aus Erfahrung“, vum Marie-Andrée Faber

Digitalisatioun – Freed oder Fluch?

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *