Komesch Familljepolitik

Et brauch een nëmmen, e bësschen, d’Debatten aus der Chamber matzekréien oder Statistiken ze liesen, da mierkt een, dass d’Aarmut en Thema ass, dat ëmmer nees erëmkënnt.

Säit Joeren héiere mer di selwecht Argumenter: d’Aarmut gëtt ëmmer méi grouss, vill Familljen riskéieren an d’Aarmut ze falen, besonnesch di Familljen, déi vill Kanner hunn a besonnesch och d’« Familles monoparentales ».

Sou seet et och de Jean Heuschling a sengem Lieserbréif: „Allein gelassen – Über das Schicksal der Alleinerzieher und die Definition sozialer Gerechtigkeit“. *

Der Regierung hir Léisung war „schaffe goen fir net an d’Aarmut ze falen“. Ass di Rechnung dann opgaangen? Sinn d’Familljen doduerger méi zefridde ginn? Ass fir si den Alldag besser ginn? Fir d’Regierung ass et kloer, dass si vill fir d’Famillje gemaach huet, mam Congé parental, andeems se d’Betreiungsstrukturen ausgebaut huet, schrëttweis, suguer gratis, andeems se op „Sachleeschtungen“ setzt, wéi se voller Stolz seet.

Sachleeschtungen: ersetzen Sachleeschtungen, engem Puppelchen, engem klenge Kand, d’Äerm vun senger Mamm, vun sengem Papp, déi him Gebuergenheet ginn? Wat interesséiert eng Mamm, e Papp, Sachleeschtungen, wann se midd vun der Aarbecht heem kommen, kaum nach Zäit hunn, weder fir d’Kand, nach fir hire Partner, kaum nach Zäit hunn fir mateneen ze schwätzen a net richteg mat ze erliewen, wéi hiert Kand sech entwéckelt?

Natierlech hunn d’Betreiungsstrukturen hire Wäert fir déi Elteren, déi gäre schaffen, déi hire Beruff gären hunn. Natierlech sinn och vill Kanner frou an enger Betreiungstruktur…

Mä d’Fro ass ëmmer: wat mierke mer am Alldag? Wann et nach ze fréi ass fir d’Kand, wann eng Mamm / e Papp, den Drock, de Stress, d’Separatioun net verdroen, da muss deenen Elteren gehollef ginn. Mir schwätzen haut, an der Krise esou vill vun Solidaritéit, vun „een deen anere schützen“ – wéini gëtt dat dann emol fir kleng Kanner ëmgesat, fir eng Mamm / e Papp, déi spieren, dass hir éischt Plaz, elo beim Kand ass?

Wéini gesäit d’Politik an, dass se kee Kand, keng Mamm, kee Papp, an een eenzege Modell ze drängen huet? Dass se géint d’Natur schafft, wann se d’Elteren praktesch obligéiert, hir kleng Kanner ze fréi, ze laang a friem Hänn ze ginn – wann si sech schlecht dobäi spieren. A wat géint d’Natur geet, mécht krank. Wéi vill Mammen si schonn doduerger an Depressioune gefall?

Schonn virun e puer Joeren huet d’Brigitte, Educatrice, et esou formuléiert: „Ech verfollegen di ganz Entwécklung mat äusserst groussen Bedenken !! Ech gesinn Stress bei den Kanner, Stress an Iwwerbelaaschtung bei den Elteren, schlecht Gefill bei den Educatricen. Ech werfen zwee Punkten an Ronn: Ass et normal dass 2 jaehreg Kanner, Moies um 7 Auer schlofend um Arm vun der Mamm an d’Crèche kommen mussen ?
Ass et normal, dass Mammen beim Personal kräischen a vun Stress, Iwwerfuederung, an schlecht Gewessen schwätzen ? Anscheinend fannen eis Regierung, eis Politiker dat ganz normal…“
Näischt huet sech geännert…

Wéini ännert d’Politik hir Politik? Wéini gesäit se an, dass di eng Elteren grad esou vill Wäert sinn wéi di aner? Wéini gesäit se an, dass si all Modell soll z’ënnerstëtzen huet?

Mir hate geduecht, an enger Demokratie ze liewen, mee, déi ass iergendwéi op wackelege Been…

Mir wëssen all, dass dat, wat mer haut en route setzen, eng Repercussioun op mar huet. Wär et dann net endlech Zäit, aus den Erfahrungen ze léieren an ze gesinn, dass et net all den Elteren an net all de Kanner ëmmer gutt geet, mat deem wat d’Regierung ëmgesat huet. An endlech, en anere Wee aschloen? Well och eng Regierung muss de Wee vu mar preparéieren

Isabelle Schmit-Mines

28.10.2020

* Lieserbréif: „Allein gelassen“ vum Jean Heuschling, Luxemburger Wort, 24.10.2020

Dir kënnt nach ëmmer d’Petitioun ënnerschreiwen:

Valorisation du statut de femme/homme au foyer sur la base d’une rémunération étatique et d’un certificat de travail »
But de la pétition: Cette pétition a pour but de donner la possibilité aux femmes et aux hommes désirant s’occuper de leurs enfants un vrai statut social.
https://www.chd.lu/wps/portal/public/Accueil/TravailALaChambre/Petitions/RoleDesPetitions?action=doPetitionDetail&id=2111

————————————————————————————————-

Liest och:

A wann si dat nach 100x behaapten“ vum Alexandra

Une pensée sur “Komesch Familljepolitik”

  1. Gambia féiert keng Politik FIR d’Famill, mee GÉINT d’Famill. Dofir brauch een nëmmen d’Debatt an der Chamber ze liesen.
    Och wann de Paul Galles en Neesaféieren vun der Erzéiungszoulag , an de Jeff Engelen en Elterengeld wënschen, ass d’Familljeministesch stur a seet si kënnten dat op hirem Wahlprogramm hunn, mee si géing bäi hirer Astellung bleiwen. Hire fadenscheinege Prétexte ass datt se keng « patriarkalesch » Zoustänn wëllt, an d’Fra bei enger Scheedung an d’Aarmutsfal gerode kënnt.
    Si verschléisst sech dobäi all Argumenter, déi ob déi natierlech Bedürfnisser vum klenge Kand verweisen, a refuséiert konsequent jidder Ënnerstëtzung fir selwererzéiend Elteren, déi hinnen en echte Choix giffen erméiglechen !
    Wéi de Fernand Kartheiser ganz treffend sot, zwéngt eng sougenannte « liberal » Regierung de Leit op, wéi se ze liewen hunn, a léisst hinnen also keng Fräiheet !

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *