Et misst dach selbstverständlech sinn…

Eigentlech dierft et keng Petitioun ginn, déi d’Unerkennung, d’Ënnerstëtzung vun enger Mamm / engem Papp freet. Eigentlech misst et selbstverständlech sinn, dass se eng Contributioun géifen kréien, wann se de Choix maachen, bei hire Kanner ze bleiwen, sou wéi déi Elteren eppes zegutt hunn, wann se hir Kanner an eng Betreiungsstruktur ginn.

Dass iwwerhaapt schonn, eng sëlleche Petitiounen an deem Sënn gelaf sinn, weist, dass e Malaise do ass, dass ganz vill Elteren sech einfach net respektéiert spieren.

Dass ni genuch Stëmmen zesumme komm sinn, fir dass eng Debatt an der Chamber stattfonnt huet, weist, dass di meeschte Leit net vun där Problematik concernéiert sinn, sech net kënne virstellen, wéi et bei ville Familljen, doheem ausgesäit, wann se am Dauerstress muss fonktionéieren.

Wat d’Elteren an dëse Petitiounen wëllen, ass jo net eppes, wat iwwerflächlech ass. Et geet hinnen ëm di gesond Entwécklung vun hire Kanner, ëm hiren Equiliber, et geet hinnen ëm Gebuergenheet. Et ginn Elteren, déi spieren, dass si selwer et psychesch a physesch net packen, an deem Gefill net lass ginn, hire Kanner net genuch ginn ze hunn.

Mir riichten eis no der Realitéit“ hat Familljeministesch, eis gesot, während enger Entrevue, déi mer bei hir haten.

Fir si ass d’Realtiéit, d’Fraen gi gescheet, am Alter hunn se da näischt méi fir ze liewen. Fir si ass och d’Realitéit, dass vill Mammen guer net no hire Kanner kucken, wann se doheem bleiwen.

Wou ass dann d’Realtiéit? Fir eis, ass d’Realitéit, dass e Kand, seng Mamm / säi Papp brauch. Et brauch een nëmmen kleng Kanner z’observéieren, fir ze gesinn, wéi wichteg et fir si ass ze kuschelen, op den Aarm, op de Schouss geholl ze ginn. Fir eis ass d’Realitéit, dass d’Kand, Zäit brauch, fir schwätzen ze léieren, Zäit brauch fir den Alldag kennen ze léieren, fir op Entdeckungsreess ze goen, sech ka mat Saache beschäftegen, déi och zum Alldag gehéieren. Fir eis ass och d’Realitéit, dass net all Frau gescheet gëtt.

D’Regierung huet hir Positioun, déi se vun Ufank un hat, ni opginn. Mir wëssen jo nach wéi se d’« Allocation de maternité » an d’« Allocation d’éducation », déi schonn eng Hëllef waren, ofgeschaaft huet. Si huet d’Kannergeld net méi cumuléiert op d’Zuel vun de Kanner, sou wéi dat fréier war. Alles huet se drop geriicht, dass kee méi soll nach op d’Iddi kommen, doheem ze bleiwen, mä all Kand soll an eng Friembetreiung goen, a schrëttweis geet et jo och op gratis Kannerbetreiung zou.

Kee Wuert driwwer, dass net all Kand dofir gemaach ass, dass et Kanner ginn, déi méi sensibel, méi unhänglech sinn, déi de Kaméidi, di vill Kanner beieneen net verdroen. Kee Wuert driwwer, wéi eng Gesellschaft mer en route setzen, wann nach just Stress eist Liewen dominéiert.

Mir froen Iech nach eng Kéier d’Petitioun z’ënnerschreiwen. All Famill soll kënnen hire Choix maachen, an all Famill huet Recht selwecht ënnerstëtzt ze ginn. Eng Demokratie lieft vun der Vielfalt – wann d’Elteren hire Beruff gären hunn, sollen se jo och kënne schaffen – mä, et ass net um Staat ze decidéieren, wéi mer eist Liewen sollen organiséieren. Besonnesch wann een dee berühmte Slogan héiert: „All Kand ass eis selwecht Wäert“: da consideréiert och, d’Besoine vun all Kand a loosst den Elteren de Choix.

Hei ass nach eng Kéier de Link op d’Petitioun:

« Valorisation du statut de femme/homme au foyer sur la base d’une rémunération étatique et d’un certificat de travail »
But de la pétition: Cette pétition a pour but de donner la possibilité aux femmes et aux hommes désirant s’occuper de leurs enfants un vrai statut social.

https://www.chd.lu/wps/portal/public/Accueil/TravailALaChambre/Petitions/RoleDesPetitions?action=doPetitionDetail&id=2111

Isabelle Schmit-Mines

21.10.2020

Liest och:

Den Text vun der Petitioun

Et ass Zäit fir eng Ännerung“ vum Shei La http://www.famill.lu/?p=615

Une pensée sur “Et misst dach selbstverständlech sinn…”

  1. Ech géif et sou wichteg fannen, dass d’Kanner an d‘Äerm vun Elteren oder Grousselteren däerfe laafen, soubal d’Schoul aus ass, an alles Wichteges zielen … verstinn net wéi d’Regierung do net matmécht!!! Schon alleng dat Glécksgefill wann si ruffen „Maamaaaa kuck…..“

Répondre à Angela Zambon Annuler la réponse

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *