Freed un der Musék

Musék léisst bei eis all eppes aus, Musék léisst d’Emotiounen schwätzen: Freed, Melancholie, Trauer, Bësennlechkeet – mee och, Roserei. Duerfir ass et net egal, wéi eng Musék mer lauschteren.

Musék ass aus kenger Kultur ewechzedenken: all Land huet seng eegenaarteg Lidder, seng Nationalhymne, déi d’Mënschen aus enger Natioun mateneen verbënnt. Musék verbënnt, Musék bréngt d’Mënschen zesummen.

Faszinant ass et, klenge Kanner nozekucken wann se Musék héieren: direkt probéieren se ze danzen, si wibbelen, si wackelen a freeën sech wa mer mat hinnen sangen.

Musék hëlleft hinnen anzeschlofen, Musék berouegt se.

Et ass, eng Chance, e Räichtum fir d’Kanner, wann se an engem Haus eropwuessen, wou gesonge gëtt, schéi Musék gelauschtert gëtt oder musizéiert gëtt. Et ass eng Chance fir se wann se d’Geleeënheet hunn, un Gesangcoursen deelzehuelen oder en Instrument ze léieren.

Mee, wat bréngt et hinnen en Instrument ze léieren, an enger Welt, déi schonn fir si ustrengend ass, wou se schonn esou fréi d’Noriichten matkréien, déi oft dramatesch sinn, an enger Welt, wou villäicht manner gedreemt gëtt?

Villäicht, ebe grad, well manner gedreemt gëtt: d’Musék bréngt Freed, di Freed, emol selwer, en Instrument ze bedéngen, sech freeën, iwwer all Succès no engem Effort, ëmmer nees eppes Neies z’entdecken, zesummen un der Reussite vun engem Concert schaffen. Ustrengend ass et schonn, en Instrument ze léieren, Enttäuschungen mussen anzecasséieren, well d’Stéck awer nach net sëtzt, doheem ze üben, sech op en Optrëtt ze preparéieren. Awer: donieft, trainéieren d’Kanner, di Jonk, sech op eppes, wat hinnen am Liewen ëmmer wäert zegutt kommen: Konzentratioun, Disziplin, en Effort vun sech ginn – och wann et schwéier fällt – an duerno, als Belounung di Begeeschterung ze kennen, wann et reusséiert ass. A mat der Zäit, gëtt och hiert Gehéier méi sensibel, si léieren, gutt Musék z’appreciéieren.

An: si gesinn och d’Engagement vun hire Proffen, déi sech Zäit huelen, déi Gedold hunn, déi ëmmer am Asaz sinn an dat erëm gëtt hinnen e Beispill wéi wichteg, en Engagement ass.

Di Kanner, déi esou opwuessen, hu keng Zäit, stonnelaang um Internet ze sëtzen, wou se esou oft mat geféierelche Sujeeën konfrontéiert ginn.

En Instrument spillen, sangen: et léiert een mam ganzen Häerz dobäi ze sinn, an d’Liewen och mat ganz aneren Aen ze gesinn. Musék ass – soll wéinstens – Freed sinn an dat kënnt jo jidderengem zegutt. Eis Welt brauch di Mënschen.

Musik kann Leben verändern. Sie kann das Leben junger Menschen zum Besseren wenden.“ Noel Gallagher

Isabelle Schmit-Mines

22.09.2020

Liest och:

En Instrument spillen: Firwat?“: dem Kassandra säin Temoignage

« La chance de jouer d’un instrument: Le point de vue du prof », de Fabrice Renard

Fête de la Musique 2020

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *