Wéi all Joer ass d’Rentrée fir d’Kanner, fir d’Enseignants, fir d’Elteren – suguer fir de Minister – opreegend. All Rentrée bréngt nei Froen mat sech.

Dëst Joer ass et speziell, well di lescht Méint virun der Grousser Vakanz, d’Coursen anescht waren. Wéi kommen d’Kanner dann elo an der Schoul mat, wann d’Fächer net esou erkärt goufen wéi gewinnt?

Di eng, déi gutt weiderkommen, fir déi wäert dat neit Joer kee Problem bréngen.

Traureg ass et fir di Kanner, déi doheem net di Moyene haten, fir d’Coursen à distance ze maachen oder wou d’Sprooch doheem eng aner ass. Fir si gëtt et ganz vill nozehuelen.

Mä dann, schiele sech Kanner eraus, déi elo anescht sinn, déi beemol Freed um Léieren hunn, déi mat Liichtegkeet, un d’Fächer eruginn, wou et wärend dem „normale“ Schouljoer fir si, heiansdo e bëssche méi schwiereg war – wat och vun der Relatioun kéint ofhänken, déi de Schüler mat der Joffer, mam Schoulmeeschter hat.

Wéisou dann elo, dee grousse Changement? Wärend dem Confinement war eng Mamm, e Papp do, deen sech ëm si bekëmmert hunn, déi sech Zäit geholl haten fir mat hinnen ze léieren. An doduerger, dass si lues a lues, Schrëtt fir Schrëtt, d’Matière geléiert hunn, ass d’Verstoen, ass d’Freed, ass d’Liichtegkeet vum selwe komm.

An dat ass nees de sprangende Punkt.

De Bildungsminister sot am Wort, leschte Freideg*, d’Elteren géifen sech net genuch Zäit fir d’Kanner huelen. D’Fro ass, ob se mat villem beschäftegt sinn, wat se vun hire Kanner distanzéiert oder well hinnen einfach di Zäit feelt, fir mat hinnen zesummen ze sinn?

Mä, duerch wat ass dat dann alles en route gesat ginn? Wien seet dann, d’Elteren sollen de ganzen Dag schaffen? Wien léisst hinnen da kee Choix an engem Land wou d’Wunnéngspräisser ëmmer méi verréckt ginn?

Wat kann een vun den Eltere verlaangen, wann si de ganzen Dag fort sinn, midd a gestresst vun hirer Aarbecht, midd a gestresst vun engem Stau, deen alt nees net virugeet. Da sollen se dann nach mat de Kanner léieren, sech an d’Matière eraschaffen, déi fréier ganz anescht erklärt gouf, se opfroen, en Diktat maachen, d’Multiplikatiounen, d’Verben widderhuelen – well ouni dat kënnen d’Kanner d’Fächer net richteg integréieren. A wann bis e Knout do ass, kënnt deen aneren dobäi, asw.

D’Kanner sollen net esou vill um Internet, um Smartphone, virun der Televisioun sinn, well di Ecrans den Aen net gutt dinn. Si verléieren hir Kreativitéit, hiert Laachen, liesen kee Buch méi, wat hinnen awer géif hëllefen, z’iwwerleeën an hir Phantasie goen ze loossen. Wann et Eltere ginn, déi dat alles net schlëmm fannen, ginn et der awer, déi wuel wëssen, dass di nei Technologien net nëmmen Guddes un sech hunn. Mä selwer sinn se esou iwwermidd, dass se keng Kraaft, keng Energie hunn fir Owes nach mat de Kanner ze spillen, ze diskutéieren, geschweige dann mat hinnen ze léieren.

An de Minister sot an deem selwechten Interview, et misst een d’Ursaachen erausfannen firwat vill Kanner net frou sinn a firwat hiert sozialt Verhalen schwiereg ass. Wéi oft hu mer dach schonn dovunner geschwat, dass vun de Kanner ze vill verlaangt gëtt, wann ze fréi vun hiren Elteren getrennt ginn, wann se ze laang vun hinnen getrennt sinn. Dat alles misst de Minister jo wëssen…

Oder, si mer an eiser materieller Welt, esou verstréckt, dass mer d’Kanner net verstinn, keng Phantasie hunn fir eis mat hinnen ze beschäftegen?

D’Léisung? Wéi mer et schonn oft gesot hunn, all d’Elteren ënnerstëtzen, och déi di sech wëllen eng Auszäit huelen. Den Travail à mi-temps encouragéieren a fërderen oder eng 30-Stonnen Woch aféieren, fir ee vun den Elteren.

De Lockdown hat jo eppes bruecht an dat ass den Télétravail, deen jo och vill Leit elo huelen. Mä, dat geet net an all Beruff…

Mir musse wëssen wat mer wëllen: entweder mir kucken à court terme, loossen d’Elteren an deem verréckte Rhythmus schaffen a maachen wéi wann d’Schoul an d’Maison-Relais de Kanner alles kéint ginn wat se brauchen.

Oder mir denken ëm, a ginn den Elteren – déi et wëllen – d’Méiglechkeet sech méi ëm d’Kanner ze këmmeren an en Ausgläich fir jiddereen ze erméiglechen.

Isabelle Schmit-Mines

15.09.2020

* „Kribbeln im Bauch“, Interview vum Michèle Gantenbein mam Minister Claude Meisch (Luxemburger Wort, 11. September 2020)

2 pensées sur “Schoulrentrée”

  1. « Kinder stark machen » heescht et, an dofir brauch et eng fest Bindung.
    Fir déi ze ënnerstëtzen kann een d’Petitioun Nr.1666 déi een um Site vun der Chamber ënnerschreiwen…

Répondre à Marie-Andrée Faber Annuler la réponse

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *