Klengt Interview mam Kassandra, 10 Joer, dat bei der « Fête de la Musique », Baryton gespillt huet.

Famill.lu: Kassandra, wéi hues De Dech gespuert wéis De d’« Fête de la Musique » preparéiert has?

Kassandra: Ech hat Angscht. Ech krut meng Nouten eréischt eng Woch virdrun an hunn mäi Prof net richteg gesinn. (N.d.l.r.: Während dem Lockdown ware jo keng Coursen an der Schoul, et ass alles iwwer Video gelaf).

D’Melodie war schéin an dat huet mer d’Loscht ginn fir ze üben.

Mäi Prof hat mer d’Nouten ëmgeschriwwen …

Ech hunn all Dag geübt a mech druginn.

Famill.lu: Wéi war den Optrëtt?

Kassandra: Wou den Dag do war, war ech mega gestresst.

Awer, wou ech dunn gespillt hunn, war all déi Aarbecht ewechgeblosen a vergiess.

Et war esou flott an ech war stolz. A meng Elteren och.

Famill.lu: Wéi eng Instrumenter spills De a scho wéi laang?

Kassandra: Ech spillen Baryton (Euphonium) schon 3 Joër an Piano schonn 2.

Famill.lu: Wat mécht Der am meeschte Freed, wanns De spills?

Et ass einfach schéin ze spillen well dat jo och mäin Hobby ass.

Famill.lu: Wéi spiers De Dech wanns De mat deenen aneren zesumme spills?

Kassandra: Heiansdo e bësschen nervös, dass ech op emol dat spillen wat meng Nopech spillt oder mech probéieren unzepassen.

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *