„Et ass Zäit, Verantwortung ze weisen“: dat ass dat, wat d’Regierung vun hire Bierger erwaart.

Zu der Verantwortung, dass de Virus sech net ze séier, ze vill ausbreet, gehéiert och dozou, dass net ze vill Mënschen beieneen sinn.

Hat dann de Bildungsminister seng Verantwortung geholl, wéi en decidéiert hat, d’Kanner nees all zesummen an d’Schoul goen ze loossen? Fait ass, dass vill Kanner, Jugendlecher elo infizéiert sinn. War et néideg virun der Vakanz, ërëm alles ëmzeänneren? Vill Elteren waren dogéint: si wollten fir hir Kanner Verantwortung huelen, well se Angscht haten – awer dat ass op daf Oueren gestouss.

Et weist nees drop hinn, dass esou wéineg den Elteren nogelauschtert gëtt. Mir gesinn, wéi dat schonn bei der Betreiung vum Puppelchen ugeet. Et gëtt net gekuckt, wat dann elo dat Bescht fir d’Kand oder fir d’Elteren ass. Sou gëtt den Elteren jo, indirekt, d’Responsabilitéit quasi ewechgeholl, wann se mol kee Choix hunn, hir Kanner selwer ze betreien, si, enger Dagesmamm unzevertrauen oder se an eng Crèche ze ginn.

Et ass net verantwortlech, vis-à-vis vun den Elteren, vis-à-vis vun de Kanner, se an eng Schinn ze drängen, ouni ze kucken, ob se prett dofir sinn, ob hir physesch Gesondheet et verdréit, ob hir psychesch Gesondheet et verdréit.

Kanner, ze fréi vun Mamm / Papp getrennt, gëtt eng Katastroph.

Kanner, eleng op sech gestallt, gëtt eng Katastroph.

Awer et sinn d’Elteren déi responsabel gemaach ginn, wann eppes schief leeft…

Wa mer elo kucken, wéi vill jonk Mënschen, di lescht Woch, erwëscht gi sinn, déi sech mat Kannerpornographie beschäftegen: 1/3 vun hinnen si mannerjäreg. Dat muss een sech virstellen. Do misste mer dach emol endlech soen STOP. Do musse mer eis dach d’Fro stellen: wat leeft schief?

Mir wëssen keng Detailer, mir wëllen keen entschëllegen. Awer, wann ech mer dës Iwwerleeung däerf erlaben: wéi eleng spieren di Jugendlecher sech, wann se esou Siten opsiche ginn?

Wéi eleng spieren iwwerhaapt Kanner / Jugendlecher sech, wann se aus der Schoul kommen an et ass keen doheem?

Wéi eleng spieren se sech, wa keen do ass fir ze schwätzen, oder wann Owes jiddereen ze midd ass fir ze schwätzen.

Si hu jo keng Wierder fir hir Emotiounen, si hu keng Wierder fir dat wat se eigentlech sichen.

Och e Staat huet Verantwortung vis-à-vis vun den Elteren an de Kanner. Et geet net duer, vu Congé parental ze schwätzen, hinnen Strukturen opzerichten. Wat hunn se vun enger schéiner Struktur an si spieren sech eleng? E Kand brauch méi wéi dat. An wéi oft brauch et seng Elteren.

Ech kann net responsabel sinn, ech kann net mengem Kand de Message ginn: „Ech hu Verantwortung fir Dech, du kanns Vertrauen a mech hunn“, wann ech net do sinn. Dat liicht jidderengem an.

Wéi vill Messagen hu mer da schonn an deene leschte Joeren kritt, vun verzweifelten Elteren, déi gären méi fir Kanner do wären, awer et zäitlech a finanziell net ronn kréien?

Wéi vill Schoulmeeschteren, Educateuren, mellen sech regelmässeg fir op hëllefslos Kanner opmierksam ze maachen. „Die Kinder können nicht still sitzen, haben Lern- und Konzentrationsstörungen, entwickeln keine Frustrationstoleranz, sind aufbrausend und gewalttätig, gegen Kinder und Erwachsene. Das sind Hilfeschreie malträtierter Kinderseelen. (Michèle Gantenbein, „Der Elefant im Raum“, L.W., 11.11.2019). An dat solle mer nach weider nokucken an acceptéieren?

Waart net bis dass de Kollaps fir d’Kanner kënnt.

De Modell, deen elo schonn säit Joeren leeft, huet gewisen, dass en net di ideal Solutioun ass. Et ass Zäit, eppes ze changéieren, fir dass net och hei e Kollaps fir d’Kanner geschitt.

Wann een Elterendeel de Choix mécht bei senge Kanner doheem ze bleiwen, muss en endlech ënnerstëtzt ginn.

Wann d’Elteren allen zwee wëlle schaffen, dann muss ee vun hinnen de Choix kënne maachen, net méi wéi 6 Stonnen/Dag ze schaffen.

Verantwortung huelen heescht: „deen aneren huet Vertrauen a mech, deen aneren kann op mech zielen“. Mä, do muss ech, als Elteren, och do sinn, mä da muss ech och Zäit hunn.

Gitt endlech den Elteren d’Moyene fir hir Verantwortung auszeüben.

Isabelle Schmit-Mines

13.07.2020

——————————————————————————————————————–Ënnerschreift och d’Petiitoun a gitt de Lien weider un all Äer Frënn a Bekannten: Schoulzäiten a Maison Relais-Zäiten esou bäibehalen wei an der Zäit vum Covid-19: https://www.chd.lu/wps/portal/public/Accueil/TravailALaChambre/Petitions/RoleDesPetitions?action=doPetitionDetail&id=2059

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *