A wann et géif esou weidergoen?

No all Krise kënnt eppes Neies. No all Krise komme Changementer.

D’Krise huet eis gewisen, wéi kreativ mer kënne sinn an d’Organisatioun vun der Schoul gehéiert dozou.

A wann ee ronderëm sech lauschtert, héiert een, wéi d’Elteren, d’Enseignants, d’Kanner dës Innovatioun an der Schoul eigentlech ganz gäeren haten.

Firwat soll et net esou weidergoen?

Dat ass wat an der Petitioun Nr 1623 gefrot gëtt: „Schoulzäiten a Maison Relais-Zäiten esou bäibehalen wéi an der Zäit vum Covid-19“: « Kanner hunn dann ëmmer déi selwescht Horairen Schoul an direkt alles, Moies, hannert sech. Duerno ass d’Zäit an der Maison Relais manner stressvoll, well keen Drock do ass fir mat Zäiten fäerdeg ze sinn, dass Kanner an Schoul zeréck mussen. Ausserdeem kéinten Sportclib, Muséksschoulen, an aner Fräizäitbeschäftegungen vun de Kanner, sech besser a méi einfach organiséieren an hätten méi Deeg wou si Mëttes hir Servicer ubidden kënnen. »
https://www.chd.lu/wps/portal/public/Accueil/TravailALaChambre/Petitions/RoleDesPetitions?action=doPetitionDetail&id=2059

 Isabelle Schmit-Mines

30.06.2020

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *