Angscht virun der Zukunft

Wann ech der Alexandra hiren Temoignage liesen („A wann se dat nach 100x behaapten*), da soen ech mer: do leeft dach eppes schief.

De Mammen gëtt ëmmer nees Angscht fir hir Zukunft gemaach, de Mammen gëtt net méi gesot, wéi wichteg hir Roll ass, de Mammen gëtt net méi gesot, wéi d’Kanner si brauchen.

Si mer do ukomm, dass d’Mammen wierklech nach eng Niewsaach sinn?

Da ginn se vertréischt mat Congé parental, mat Sachleeschtungen, mat gratis hei an do…

Kritt een duerfir e Kand? Ass et dat, wat mer eise Kanner ze bidden hunn? Abee jo!!

D’Alexandra seet, wéi frou hir Duechter ass, wann se méi Zäit kann mam Kand verbréngen, wann d’Kand net méi kräischt, well et verlaangert, well dee ganze Stress net méi do ass.

Dat alles gëtt verkannt, an et gëtt nëmmen een eenzege Modell als richteg gestempelt. Fäerdeg! Egal, wéi d’Gesondheet dropgeet, egal wéi d’Nerven dropginn!

Neen, sou kann et net ëmmer weidergoen.

Et ass weder am Interêt vun de Kanner, nach vun den Elteren, nach vum Patron, wann et scho Moies mat schwéierem Häerzen, mat Middegkeeet ugeet.

Firwat da net endlech emol de Mammen (resp. de Pappen) hëllefen, amplaz hinnen ëmmer nees Angscht ze maachen?

En Elterengeld, deem Elterendeel zegutt komme loossen, dat wär enger Mamm, engem Papp gehollef, a spéiderhin, wann d’Kanner méi grouss sinn, se begleeden fir nees an de Beruff eranzekommen: dat wär eng Léisung.

Oder den Télétravail promouvéieren, wann et nëmmen méiglech ass an sengem Beruff.

Oder, a wat schonn vehement gefrot gëtt: d’Aarbechtszäiten reduzéieren.

Ass et e Crime, sech méi ëm seng Kanner ze këmmeren?

Ass et e Crime, gäere Mamm ze sinn?

Ass et e Crime, sengem Puppelchen di noutwenneg Zäit ze schenken, fir dass et Vertrauen huet, dass et absolut Gebuergenheet spiert. Dann eréischt ass et prett, fir d’Hand vun senger Bezugspersoun lass ze loossen. Dat muss awer net mat 9 Méint sinn, dat ass och villäicht méi spéit. An dann? Wat geschitt da mat de Kanner? « Les enfants en carence affective n’ont pas confiance en eux », seet de Neuropsychiater Boris Cyrulnik. Och hien gëtt net fäerdeg ze soen: sech Zäit huelen fir mat de Kanner vun Ufank un ze schwätzen, hinnen di absolut noutwenneg Gebuergenheet schenken: dat ass dat wat e Kand staark mécht. Dat ass dat, wat him hëlleft, net direkt opzeginn, wann et am Liewen emol schwiereg gëtt. An dat brauch eben eng gewëssen Zäit. A wann eng Mamm, e Papp, sech duerfir wëll engagéieren, hire Kanner, dat ze schenken, dann ass et net fir Angscht ze maachen, mä si op dësem Wee z’ënnerstëtzen, grad wéi déi Elteren ënnerstëtzt ginn, déi hir Kanner an eng Betreiungsstruktur ginn.

Isabelle Schmit-Mines

09.06.2020

* Familll.lu: http://www.famill.lu/?p=1552

———————————————————————-

Liest och:

A wann si dat nach 100x behaapten“, den Temoignage vum Alexandra

Présentation du centre d’apprentissages pour homeschoolers: « Centre Alternova »

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *