Kim John Payne – ©privat

Mol eppes anescht… 

Wann aus vill… ze vill gëtt

Hien gëtt genannt „Dr Müllbeutel“. Hien, dat ass den Erzéiungsberoder Kim John Payne. E gëtt esou genannt, well seng Method, eng ganz speziell ass, eng Method, déi « à première vue » choquant ass.

Wann de Kim John Payne vun Elteren, kontaktéiert gëtt, déi den Alldag net méi packen, wëll hien emol fir d’éischt gesinn, wéi d’Leit doheem liewen. An esou oft mierkt hien, mat wéi vill Saachen, d’Leit sech belaaschten. Fänke mer mol am Kannerzëmmer un: a grouss Tuten geheit en emol, all Spillsaachen dran. Ausser, di absolut Liebingsspillsaachen – een, zwee Kuscheldéieren, eng, zwou Poppen, e puer einfach Saachen, déi d’Kanner am léifsten hunn, léisst hien hinnen. Selwecht mat de Kleeder. Nëmmen dat allernéidegst gëtt gehalen.

Wir sollten Nein sagen zur Kommerzialisierung der Kindheit“ schreift hien a sengem Buch Simplicity Parenting – Weniger ist mehr“.

Wéi vill Géigestänn hunn se, déi se ugedréint kréien, wou se mengen, si missten dat hunn. Alt nees eng Laascht méi… ouni pädagogesche Wäert. Oft sinn et Objeten, déi an der Moud sinn, Géigestänn, zu deenen d’Kanner eigentlech keng Affectioun kënnen entwéckelen oder hir Phantasie net kënne spille loossen. Dat alles gehéiert fort.

An sengem Buch „Simpliciy Parenting“ erklärt den Kim John Payne, firwat et esou wichteg ass, Uerdnung ze schafen. Wann een ze vill Géigestänn huet, gëtt een net fäerdeg mat raumen, an déi wäertvoll Zäit huet een net méi, fir méi Zäit mateneen ze verbréngen.

Mä och, di Laaschtem, déi d’Elteren op sech huelen, fir hei ze rennen an do ze rennen, oft aus Angscht „Neen“ ze soen: dat alles mécht d’Leit fäerdeg mat de Nerven.

An sengem Buch erklärt en ganz gutt, wat d’Konsequenzen sinn, wa mer eis gewäerde loossen, oder d’Kanner ze vill gewäerde loossen, an enger Zäit, wou eng Zort vu Marketing, d’Séil vun eise Kanner futti mécht.

Mir mussen eis all nees eng Kéier d’Fro stellen: „Wat waren eis Dreem, ier mer eng Famill gegrënnt hunn?“ An déi Dreem nees erëmfannen.

Enorm vill Beispiller gëtt den Auteur un, wou all Familljen sech kënnen erëmfannen, och déi Elteren, déi keng gréisser Problemer mat hire Kanner hunn. Well d’Liewen eis esou oft an Situtatiouner féiert, op déi mer net gefaasst waren. Oft hu mer keng direkt Äentwert parat hunn – hien hëlleft den Elteren op de Wee, di gutt Äentwert ze fannen.

Et ass eng Freed, d’Buch ze liesen, duerch dee liewegen an humorvolle Stil, deen den Auteur gebraucht. Duerch vill konkret Beispiller kann de Lieser sech gutt an d’Situatiounen versetzen.

——————————————————————————————————–

Den Kim John Payne ass Erzéiungsberoder, Pädagog, Fuerscher an huet an 230 Schoulen an den USA matgeschafft. E gëtt als Beroder a ville Länner duerch d’Welt ëmmer nees gefrot.

D’Buch ass am Heyne Verlag erauskomm.

D’Buch kënn Der an Äerer Librairie bestellen oder online bei der Librairie Ernster. Dir kritt et dann heem geschéckt: order@ernster.com oder belle.etoile@ernster.com

Merci, dass Der de lokale Commerce ënnerstëtzt!

Isabelle Schmit-Mines

03.06.2020


Liest och:

A wann si dat nach 100x behaapten“, den Temoignage vum Alexandra

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *