Wann et beemol ze vill gëtt

Zum Buch: „Simplicity Parenting“ – Weniger ist mehr“

vum Kim John Payne.

Elo, wou d’Elteren an d’Kanner scho bal 2 Méint doheem sinn, ouni weider Kontakter mat der Ausssenwelt, ass et net verwonnerlech, wann d’Kanner eng gutt Zäit virun der Televisioun sëtzen oder sech vill mat Computerspiller beschäftegen.

Wat fir eng Influenz hunn di Spiller op d’Kanner? Wat geschitt an hirer Gefillswelt, an hirem Denken, wann se vill virun deenen Ecrans

tzen? Di grouss Gefor ass d’Gewalt, di Skrupellosegkeet, di Kalbliddegkeet, déi se gesinn. Gewalt geet net einfach esou laanscht een – och wann et nëmmen e Spill ass.

Copyright ©privat

Sinn di Spiller net och e Gronn, firwat vill Kanner, Schwieregkeeten hunn, sech ze konzentréieren? D’Kanner kënnen net alles verschaffen, wat op se eragerieselt kënnt.

Ze vill Stimulatiounen, ze vill Reizer, ze vill Informatiounen…, an, an normalen Zäiten: ze vill Aktivitéiten. „Manner“: dat ass dem Kim John Payne säi Wuert.

Als Erzéiungsberoder, huet hien eng ganz eegenarteg Aart a Weis ze schaffen: hien geet bei d’Familljen heem, wann si en ëm Rot froen. Sou huet hien a ganz ville Famillje gesinn, dass duerch „ze vill“, Stress, eng Onzefriddenheet entsteet a wou d’Familljen, lues a lues, ouni et ze mierken, sech auserneeliewen.

Duerch „manner“ kënnen d’Kanner sech besser op e Spill, op eng Aufgab konzentréieren, duerch „manner“ gëtt och d’Relatioun tëschent Elteren a Kanner gestäerkt, „manner“ bréngt och méi Rou doheem.

Esou vill Beispiller gëtt den Auteur un, wou all Familljen sech kënnen erëmfannen, och déi Elteren, déi keng gréisser Problemer mat hire Kanner hunn. Well, d’Kanner et jo ëmmer nees fäerdeg bréngen, d’Elteren a Situatiounen ze bréngen, wou se di richteg Äentwert net direkt parat hunn – hien hëlleft den Elteren op de Wee, di gutt Äentwert ze fannen.

Sech un en alldeegleche Rhythmus ze halen, e puer Ritualer organiséieren – dat alles dréit dozou bäi, de Kanner Stabilitéit a Vertrauen ze hunn.

Durch das tägliche Miteinander erhält die Familie ihre Identität“ – wéi wouer an dëser Zäit!

Et ass eng Freed, d’Buch ze liesen, duerch dee liewegen an humorvolle Stil, deen den Auteur gebraucht. Duerch vill konkret Beispiller kann de Lieser sech gutt an d’Situatiounen versetzen.

————————————————————————————————————-

Den Kim John Payne ass Erzéiungsberoder, Pädagog, Fuerscher an huet an 230 Schoulen an den USA matgeschafft. E gëtt als Beroder a ville Länner duerch d’Welt ëmmer nees gefrot.

D’Buch ass am Heyne Verlag erauskomm.

Wann Dir d’Buch wëllt online bestellen, kënn Der der Librairie Ernster schreiwen. Dir kritt et dann heem geschéckt: order@ernster.com oder belle.etoile@ernster.com

Merci, dass Der de lokale Commerce ënnerstëtzt!

Isabelle Schmit-Mines

05.05.2020


Liest och:

De Lieserbréif vum Nina Schaul : „Oppene Bréif un de Claude Meisch: Kandgerecht aus der Kris“ (RTL, 04.05.2020)

https://www.rtl.lu/meenung/lieserbreiwer/a/1512193.html?fbclid=IwAR1ckKWBWjMMs0O–5vpAvqUNyGQlp0kdAcpaEf8k1Vzj8fiFC7vKvhgNtk

Une pensée sur “Wann et beemol ze vill gëtt”

Répondre à Isabelle Schmit Annuler la réponse

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *