Zäit fir ze spillen

Talenter

All Mënsch huet normalerweis een oder e puer Talenter, déi e kann an sengem Alldag liewen, wann e Chance huet.

Mä net all Mënsch huet d’Méiglechkeet seng Talenter unzewenden, si leien dann brooch. Sief et well en ni huet dierfen seng Talenter weisen wéi e kleng war, sief et, well, eng Kéier d’Liewen hien op en anere Wee gefouert huet.

Ech weess nach, wéi d’Kanner kleng waren, wéi si intensiv gespillt hunn. Dat een huet am léifsten « Joffer » gespillt an dann hu mer gehéiert « Kanner » an et huet an d’Hänn geklappt.

Dat anert war léiwer Infirmière a mir kruten dunn Waaser op den Aarm geprëtzt. Si hunn spéiderhin, och ongeféier dee Wee ageschloen. Wann d’Liewen nach, – wéi virun 2 Méint « normal » ass -, ginn d’Kanner oft no der Schoul an d’Maison Relais, wou se zwar mat anere Kanner sinn, mä net déi Rou an net déi « Materialien » hunn, déi se bräichten fir sech intensiv mat engem « Beruff » ofzeginn. Well, et sinn jo oft Beruffer, déi se spillen.

Elo, wou d’Kanner obligéiert sinn, doheem ze bleiwen, hunn se endlech Zäit, vill Zäit fir ze spillen, fir sech intensiv an e Spill ze versetzen,>> wou näischt se aus der Rou ka bréngen. Et ass esou schéin engem Kand nozekucken, wat esou konzentréiert ass, dass et d’Welt ronderëm sech vergësst. Et ass esou, wou et seng Kreativitéit kann ausliewen, et ass esou wou et Rou kritt, et ass esou wou et eppes bannendran erlieft, wat ëm Stäerkt fir säi Liewen gëtt. Well am Spill kann et selbststänneg sinn, am Spill kann et eppes bewegen, am Spill spiert et, dass et Kompetenzen huet, am Spill brauch et keng Angscht ze hunn, am Spill kann et sech selwer sinn.

Spillt et Joffer, Serveuse, Mamma, spillt hien Dokter, Kach, Mechaniker, asw. – et ass egal. Bestëmmt kënne elo vill Kanner, Kompetenzen, Talenter ausliewen, déi déif an hinnen bannedra sinn.

A wann se gespillt hunn, ass et ee Gléck, wann d’Kanner, och Elteren hunn, déi mat hinne liesen oder se encouragéieren ze liesen. Spannend Geschichten a Romaner hëllefen de Kanner, sech a Mënschen, an a Situatiounen eran ze versetzen, se besser ze verstoen.

Wéi sot et den Kannerbuchautor, Peter Härtling (1933 – 2017) esou schéin: « Lesen heisst: schreiben lernen, denken lernen, seine Phantasie bewegen.« 

Jo, seng Phantasie goe loossen, wat esou wichteg ass, fir Pläng ze maachen, fir sech op d’Zukunft ze freeën, sou wéi dat fir all Kand soll sinn. « Nichts gescheht ohne dass ein Traum vorausgeht » (Carl Sandburg).

Liesen mécht méi roueg, liesen gëtt eis Bildung, duerch d’Liesen gëtt eise Verhalt gestäerkt, liesen fërdert d’Kommunikatioun, well een dee liest, huet och oft vill ze verzielen.

Duerch d’Liesen kommen ëmmer nees nei Gedanken an Iwwerleeungen, déi nei Gedanken an Iwwerleeungen mat sech bréngen.

An duerch d’Liesen gëtt och d’Léieren méi einfach, well d’Gewunnecht vum Liesen einfach do ass.

Nëmmen duerch Mënschen, déi sech auserneesetzen mat deene groussen a klenge Froen vum Liewen, vun der Gesellschaft, kënne mer eng räif a responsabel Gesellschaft preparéieren. Do hëlleft ganz bestëmmt d’Liesen dozou– an dat geet schonn an der Kandheet un.

Bleift gesond an dëser Zäit!

Isabelle Schmit-Mines

22.04.2020

2 pensées sur “Talenter”

  1. « J’étais fatigué de votre mécontentement perpétuel, de la constante jalousie et du dénigrement social entre vous, fatigué de voir le peu de temps consacré à vous-même, à votre famille et surtout à vos enfants qui en ont le plus besoin. » (Dr Jubin Sedaghatian, chirurgien orthopédiste / « Pandémie ou leçon de vie » Histoire d’un virus, (Briefe an die Redaktion, Luxemburger Wort, 22.04.2020)

  2. Ech maache mer Suergen wéi dat soll goen:
    D’Pandemie huet et mat sech bruecht datt mer eis Enkelkanner nëmmen vu Weidem nach hunn däerfe gesinn.
    Während dee Klengen vun 3 Joer mech net méi wollt lass loossen, kennt meng kleng Enkelin, vu bal 8 Méint, mech kaum nach a wëll net op den Aarm .
    Hat ass lo ganz op seng Elteren a Geschwëster fixéiert, déi jo ëmmer doheem waren.

    Dobäi muss seng Mamm nom Congé de Maternité am Juli awer nees schaffe goen.

    Dat gëtt schwiereg, well souwiesou ass e Baby mat 9 Méint definitiv nach ze kleng fir och nëmmen e puer Stonnen Trennung vun der Mamm, an dann solle mer jo eigentlech als Grousselteren d’Kanner net versuergen….
    Eppes steet fest: an d’Crêche geet et net !
    Wat wär dat alles dach sou einfach wann d’Elteren de Choix hätten, an, sou wéi de Fernand Kartheiser dat nach d’Lescht an der Chamber proposéiert hat, a wéi mir dat och vun der Famill.lu an enger Petitioun verlaangt haten, en Erzéiungsgeld kréichen, als Unerkennung fir hier wäertvoll Aarbecht.

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *