Endlech Zäit hunn

Mir schaffen ze vill an hunn net genuch Zäit.“

Den Temoignage vum Milanka Jacoby

De Moment erliewen mir ALL eng Situatioun déi mir sou net kennen…
Ech denken natierlech un déi Leit, déi an de Spideeler schaffen, no de Patienten kucken…an och un de Rescht vun de Leit, déi dat Ganzt nach um Rullen halen an natierlech och un déi Leit, déi ons verlooss hunn.
Ech wëll trotzdem soen, dass ech dës Zäit trotz allem mat menger Famill genéissen…!

Mir stinn Moies zesummen op…frühstücken zesummen, ginn duerno mam Muppes.
Mëttegiessen zesummen, duerno eng kleng Sieste an eraus spillen…
D‘Holly ass säitdem vill manner „opgedréint“ villäicht well ech och manner gestresst sinn!?

Virun der Krise…

De “normalen“ Alldag (virun dëser Situatioun) fänkt bei mir Moies um 04.30Auer un.
Ech schaffen vun 06.30 Auer bis ± 15.00 Auer
D‘Holly as souwiesou keent, wat laang schléift, vun dohier passt dat ganz gutt.
Ech fänken gäeren fréi un fir och kënnen fréi opzehalen an nach puer Stonnen ze hunn fir mat mengem Mädli ze verbréngen.
ONS AS DAT IMMENS WICHTEG!
No der Schaff gi mir d‘Holly sichen. Natierlech huet d‘Mausi ons de ganzen Dag net gesinn an wëll bessi Zäit mat ONS verbréngen. Ech huelen mir déi Zäit och, mä et gëtt ëmmer op d‘Auer gekuckt.
D‘Owendiessen muss preparéiert ginn, d‘Iessen fir den Dag duerno fir mat op d‘Schaff (oft maache mir dat fir puer Deeg fäerdeg).
Villäicht muss nach eng Wäsch agemaach oder opgehangen ginn, gestreckt, gestaubsaugert ginn oder soss nach wat ze machen ass.
Duerno gëtt d‘Holly fäerdeg gemach fir an d‘Bett, an d‘Bidden, Pyjama un an hëpp…
An well d‘Holly net eleng schléift, ginn ech mat him an d‘Bett… Ech weess, dass dat villäicht mäi Feeler ass… mee et ass wéi et ass an ech géing mengen, dass hatt mat 18 Joer net méi bei ons am Bett wäert schloofen, lol!
Ech mengen do mécht jiddereen wei e mengt a wéi et geet!
Vun deem ganzen Dag hat ech also keng 5 Minutten richteg fir MECH!
An sou ass et ALL Daag
Ech probéieren 2-3mol an der Woch an de Sport ze goen, muss also kucken wéi mir ons organiséieren.
An deem ganzen hat ech dann nach keng Zäit, eng Frëndin ze gesinn oder bei d‘Famill ze goen!
De Weekend?
Samschdes gëtt ËMMER eng Aktivitéit mam Holly gemaach…, meeschtens Moies, duerno Mëttegiessen, Mëttesrascht an den Dag ass bal eriwwer.
Sonndes geet ee vun ONS Moies, deen aneren Nomëttes an de Sport an dotëscht gëtt virgekacht fir an der Woch.
An dann ass Sonndesowes an et huet een nach näischt gesinn!

Elo doheem…
ELO hu MIR Zäit.
Wann mir elo méi laang spillen, méi laang um Iessdësch sëtzen oder méi laang schlofen, mir hunn awer nach genuch Zäit!
Ech hunn Zäit, mol d’Terrasse komplett ze botzen, bessi d‘Fréijoersbotz, lol, bessi nom Haus ze kucken, d‘Schief ze raumen…, no menge Blummen ze kuckenwéini hunn ech soss Zäit fir ALL DAT ze maan?!
SOSS huet een op de Congé gewaart fir kënnen sou „Tâchen“ ze maachen. De ganze Congé verplangt fir nach kee Congé ze hunn!
Mir maan elo ALL Dag e bessi, well ee weess, dass muer nach een Dag ass, wou een ZÄIT huet!
An dann, wann de Congé kënnt, hu mir dann och wierklech Congé??☺️
D‘Holly spillt net laang aleng, mir mussen vill mat him spillen, hatt as jo och aleng…. et ass net ëmmer einfach fir ONS!
De Pappa & d‘Mamma hu keng Zäit fireneen….
Ech weess net wéi di aner Leit, dat ALLES am ALLDag meeschteren…, déi och nach méi wéi 1 Kand hunn?
Mir ass et oft ZE VILL!
Heiansdo froen ech mech wéi ech dat ALLES packen?
Ech fannen einfach, dass mir net genuch Zäit fir „ONS“ eis Kanner, ons Famill & Frënn hunn!
Mir schaffen ze vill an hunn net genuch Zäit.
Et misst méi doran investéiert ginn, amplaz an d‘Chèque Servicen an aner Saachen!
An d’ZÄIT misst investéiert ginn.
Manner Stress fir jiddereen an méi Zäit fir ALL Mënsch?
Mee ech bezweifelen, datt sech an deem Beräich eppes ännert?
Fréier ass mäi Papp aleng schaffen gaangen. Meng Mamm konnt Doheem bleiwen mat dräi Kanner.
Fréier hate mir een Haus mat Gaart a konnten eemol am Joer an d‘Vakanz.
Haut MUSS een zu zwee schaffen goen an kann sech nach näischt leeschten!
Een Haus? Onméiglech mat deene Präisser!
Mir mussen aus dem Hamsterraad eraus a méi no ONS kucken.
Leben heisst, mit der Zeit richtig umzugehen.
Télétravail ass elo bemol méiglech?
Wéi gesäit et no der heuteger Situatioun aus? Sinn emol gespaant!
Télétravail kann och flott sinn, mei mat sengem Kand ze sinn.
Télétravail geet natierlech net mat engem klenge Kand Doheem.
Mee wéisou net duerno… Moies zesummen frühstücken, d‘Kand an d‘Schoul bréngen.
Duerno schafft d‘Mamma oder de Pappa bis een dann Mëttes zesummen ësst (och dat ass Zäit zesummen verbréngen).
An Mëttes no der Schoul zesummen d‘Hausaufgaben maan!
Ech sinn iwwerzeegt, dass wann een ee Wee wëll fannen, dass et och eng Méiglechkeet gëtt!

Das schönste Geschenk ist gemeinsame Zeit,
Denn keiner weiss, wie viel uns davon bleibt
“.

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *