Endlech Rou fir d’Kanner

Kënnt eng nei Zäit?

Keen Artikel, deen ee liest, keng Emissioun, déi een héiert oder gesäit, ouni dass vun der Krise geschwat gëtt. Et ass en Abroch an eist Liewen, dat een sech ni konnt virstellen.

Awer, de Kontrast ass enorm: en Drama vun Einsamkeet fir déi Mënschen, déi eleng wunnen, fir déi Mënschen, déi an enger Klinik leien oder a Quarantaine musse sinn.

Eng Ongewëssheet fir kleng Geschäfter a fir hir Employeeën.

An op där anerer Säit: Kanner, Mammen, Pappen, déi emol zu Rou kommen an hir Kanner nei entdecken.

Endlech Zäit hunn, kee Stress, keng Hektik – deen alldeeglechen Drock, dee méi wéi eng Famill zum Verzweiflen bruecht huet.

An, et gëtt jo och gesot, di häuslech Gewalt hätt net zougeholl. Ass dann net dee permanente Stress eng vun den Ursaachen, firwat iwwerhaapt Gewalt doheem ass?

Stress ass ee Sujet, deen oft erëmkënnt wann een mat jonke Familljen schwätzt oder, wann een sech d’Commentairen an Temoignagen ukuckt. Sou e Liewen hat keen sech virgestallt.

Wéi gesäit eis Welt „duerno“ aus? Kee weess et am Viraus, mä déi Mënschen, déi sech mat der Gesellschaft auserneen setzen, sinn sech eens: eppes muss sech änneren, well dat hektescht Liewen bréngt eis « à la longue » ëm.

Da wäert et ze wënschen, dass d’Regierung agesäit, dass et net „Sachleeschtungen“ sinn, déi e Kand brauch, mä dass et di Zäit mat sengen Elteren brauch. D’Sachleeschtungen huelen de Stress an d’Nervositéit net ewech.

Och di faméis „Work Life Balance“ ass fir vill Familljen wäit ewech vun der Realitéit, wann een sech kann erënneren, wat virun der Krise op eise Strossen lass war.

Elo ass Rou fir d’Kanner, fir d’Elteren. An et ass di Rou, déi d’Kanner, déi et doheem gutt hunn, wäert staark maachen. Investéieren an d’Elteren: dat wär e Schrack an eng besser Zukunft!

Sou froe mer Iech, léif Lieser, bei eiser klenger Ëmfro matzemaachen:

Et sinn elo iwwer 4 Wochen, wou d’Kanner doheem sinn.

Wéi erlieft Dir dës Wochen?

Wéi erliewen Är Kanner se?

Hutt Der Är Kanner nei kennegeléiert, nei entdeckt?

Wat fir eng Momenter waren di wichtegst?

Wat géif Der Iech fir d’Zukunft, fir Är Famill wënschen?

Mir haten schonn eis Lieser op eisr FB-Säit „Méi Elteren, manner Staat“ gefrot. Elo, ass et un Iech.

Är Temoignagen sinn wichteg fir eis Kanner.

Isabelle Schmit-Mines

15.04.2020

Liest schonn an dësem Kontext den Temoignage vum Milanka Jacoby.

Laisser un commentaire

Votre adresse de messagerie ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *